SERVIOR

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l’organisation

SERVIOR SERVIOR Luxembourg
Structure médicalisée et services pour personnes âgées

Haut fannt dir eis um Jobday „Aides & Soins“ am Tramsschapp!Kommt laanscht, léiert eis kennen an informéiert Iech iwwer ...
20/10/2026

Haut fannt dir eis um Jobday „Aides & Soins“ am Tramsschapp!

Kommt laanscht, léiert eis kennen an informéiert Iech iwwer Är berufflech Méiglechkeete bei SERVIOR. Egal ob Beruffsstart, Aarbechtssich oder berufflech Neiorientéierung, mir freeën eis op Iech! 💬

---

📅 Haut, den 20. Oktober 2026
🕘 Vun 9:00 bis 16:00 Auer
📍 Tramsschapp · 49, rue Ermesinde · L-1469 Lëtzebuerg
🎟️ Gratis Entrée!

---

De Jobday vun der ADEM an der COPAS bitt interessant Abléck an d’Aarbechts- an Ausbildungsméiglechkeeten an de Beräicher Fleeg a Betreiung, Verwaltung, Gastronomie an technesch Servicer.

Entdeckt och eis aktuell fräi Plazen online: jobs.servior.lu

Bis gläich! 👋

FR-----

Retrouvez-nous aujourd’hui au Jobday « Aides & Soins » au Tramsschapp !

Venez nous rencontrer et découvrir les possibilités de carrière chez SERVIOR. Premier emploi, recherche d’emploi ou reconversion professionnelle : nous serons ravis d’échanger avec vous ! 💬

📅 Aujourd’hui, le 20 octobre 2026
🕘 De 9 h à 16 h
📍 Tramsschapp · 49, rue Ermesinde · L-1469 Luxembourg
🎟️ Entrée gratuite !

Le Jobday de l’ADEM et de la COPAS permet de découvrir les possibilités d’emploi et de formation dans les soins et l’accompagnement, l’administration, la restauration et les services techniques.

Retrouvez aussi nos offres d’emploi en ligne : https://jobs.servior.lu

À tout à l’heure ! 👋

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-

Dat war flott! 🎡☀️Eis Kiermes op der Rhum war och dës Kéier nees e vollen Erfolleg! Mat guddem Iessen, verschiddene Stän...
16/10/2026

Dat war flott! 🎡☀️

Eis Kiermes op der Rhum war och dës Kéier nees e vollen Erfolleg! Mat guddem Iessen, verschiddene Stänn an engem ofwiesslungsräichen Animatiounsprogramm war fir jiddereen eppes dobäi. 🎶🍽️

Déi flott Bäiträg aus eisen Haiser an d’Optrëtter vun den externe Museksgruppen hu fir eng lieweg a gemittlech Stëmmung gesuergt. Et war eng Freed ze gesinn, wéi schéin alles zesummengepasst huet! Bei deem herrleche Wieder konnte mir den Dag zesumme richteg genéissen. ☀️😊

E besonnesche Merci geet un all déi aus eisen Haiser, déi eis deen Dag besiche komm sinn a bei den Animatioune matgemaach oder matgehollef hunn. E grousse Merci och un all déi, déi mat vill Häerz an Engagement organiséiert, virbereet an eng Hand mat ugepaakt hunn. 👏💐

Zesumme laachen, sech begéinen a schéi Momenter deelen – dat huet eis Kiermes esou besonnesch gemaach. Merci un iech alleguer fir dëse wonnerschéinen Dag! 💛

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-

📍 Mir sinn am Cactus zu Esch-Lalleng!Vun haut bis e Samschdeg inclus si mir fir iech op der Plaz.Kommt laanscht a léiert...
13/10/2026

📍 Mir sinn am Cactus zu Esch-Lalleng!
Vun haut bis e Samschdeg inclus si mir fir iech op der Plaz.

Kommt laanscht a léiert SERVIOR kennen! 😊

Mir freeën eis op äre Besuch! 🙌

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-
Cactus Lëtzebuerg

-LU💼 Job? 🔎 Entdeckt eis Beruffer a Karriärméiglechkeeten!Mir sinn um Jobday „Aides & Soins“ vun der COPAS an der ADEM d...
12/10/2026

-LU

💼 Job? 🔎 Entdeckt eis Beruffer a Karriärméiglechkeeten!

Mir sinn um Jobday „Aides & Soins“ vun der COPAS an der ADEM dobäi!
Kommt eis besichen, stellt eis Är Froen an entdeckt eis fräi Plazen a Karriärméiglechkeeten an dëse Beräicher:
- Fleeg
- Betreiung
- Verwaltung
- Gastronomie
- Technik

🏡 Du wëlls dir schonn doheem eis fräi Plazen ukucken?
Da klick hei: https://jobs.servior.lu/fr

Mir freeën eis op dech! 💙

-FR

Nous serons présents au Jobday « Aides & Soins » organisé par la COPAS et l’ADEM ! Venez nous voir, posez vos questions et découvrez nos offres d’emploi et nos possibilités de carrière dans:
- les soins
- l’accompagnement
- l’administration
- la restauration
- les services techniques.

📅 20 octobre 2026 | de 9 h à 16 h
📍 Alen Tramschapp, 49 Rue Ermesinde, Luxembourg
🎟️ Entrée gratuite – toutes les personnes intéressées sont les bienvenues !

🏡 Vous souhaitez déjà consulter nos postes vacants depuis chez vous ?
Découvrez-les ici : https://jobs.servior.lu/fr

Nous avons hâte de vous rencontrer ! 💙


Fédération COPAS .lux

🏡❤️ Porte ouverte am SERVIOR Beim Klouschter – kommt eis besichen!Wéi gesäit den Alldag an enger Maison des Aînés aus? W...
09/10/2026

🏡❤️ Porte ouverte am SERVIOR Beim Klouschter – kommt eis besichen!

Wéi gesäit den Alldag an enger Maison des Aînés aus? Wéi sinn d'Zëmmeren ageriicht, wéi eng Raimlechkeeten a Servicer ginn et a wéi liewen eis Bewunnerinnen a Bewunner?

E Samschdeg, den 10. Oktober, mécht SERVIOR Beim Klouschter zu Houwald seng Dieren op! 🚪😊

Vun 14 un sidd Dir häerzlech invitéiert, eist Haus kennenzeléieren. Bei guidéierte Visitte kënnt Dir d'Zëmmeren, d'Gemeinschaftsraim an och eis Bibliothéik entdecken. Eis Mataarbechterinnen a Mataarbechter stinn Iech fir Är Froen zur Verfügung, Dir kënnt mat eise Bewunnerinnen a Bewunner an d'Gespréich kommen an Iech iwwer eis Servicer informéieren.

☕🥧 Fir de gemittlechen Deel suergt d'Amicale vu Houwald mat hirer Kaffisstuff: Et ginn Eisekuchen, Bréidercher mat Wirschtercher a Sauermous, eng Tombola an natierlech och Musek vun den „Al Schanken“! 🎶

📍 SERVIOR Beim Klouschter
48, rue du Couvent, L-1363 Houwald

🕝 Guidéiert Visitten: 14.30, 15.30 a 16.30 Auer (Dauer: ongeféier 1 Stonn)

📞 Umeldung fir d'Visitten: 26 844 844
📧 [email protected]

Mir freeën eis op Äre Besuch! ❤️

-----
--------
-----------









-------------
----------
------

🍻🥨 „O'zapft is!“, huet et den 2. Oktober Op der Léier  zu Esch/Alzette geheescht!Zwar net an engem bayresche Béierzelt, ...
08/10/2026

🍻🥨 „O'zapft is!“, huet et den 2. Oktober Op der Léier zu Esch/Alzette geheescht!

Zwar net an engem bayresche Béierzelt, mee an eiser Maison des Aînés – mat genee esou vill gudder Laun a flotter Stëmmung! 🎶

Bei bayeresche Spezialitéiten, engem gudde Patt an de Kläng vum Akkordeon hunn eis Bewunnerinnen a Bewunner zesumme gefeiert, sech ënnerhalen, vill gelaacht an och emol en Dänzche gewot. 💃

A wie weess, vläicht sinn dobäi och déi eng oder aner Erënnerung u fréier Oktoberfester oder souguer un eng Rees op d'Münchener Wiesn nees waakreg ginn. 😊

Op alle Fall war et e gemittlechen a lëschtegen Dag, bei deem d'Gesellegkeet an d'Freed um Zesummesinn am Mëttelpunkt stoungen!

Prost a bis d'nächst Joer! 🍻

-----
-------
-----------









----------
-------
---

🇫🇷 À Woiwer, le tapis rouge n’avait rien d’ordinaire. À l’occasion de la Journée internationale des personnes âgées, 14 ...
07/10/2026

🇫🇷 À Woiwer, le tapis rouge n’avait rien d’ordinaire. À l’occasion de la Journée internationale des personnes âgées, 14 résidents sont devenus mannequins d’un jour pour présenter des créations imaginées et confectionnées avec les équipes de SERVIOR Woiwer.
Des vêtements et accessoires réalisés à partir de matériaux recyclés, des musiques choisies selon la personnalité de chacun et, surtout, un message fort : ni l’âge ni le handicap ne doivent empêcher de créer, de partager… et de se mettre en lumière.
Un projet collectif, inclusif et plein de créativité, qui a réuni résidents et collaborateurs bien au-delà d’un simple défilé de mode.
Découvrez les coulisses et la philosophie de cette belle initiative. ⏩️⏩️⏩️ https://www.servior.lu/mannequins-dun-jour-a-woiwer-un-projet-tres-riche-au-dela-des-apparences/
🇩🇪 In Woiwer lag ein ganz besonderer roter Teppich aus: Anlässlich des Internationalen Tages der älteren Menschen wurden 14 Bewohnerinnen und Bewohner zu Models für einen Tag und präsentierten Kreationen, die sie gemeinsam mit den Teams von SERVIOR Woiwer entworfen und angefertigt hatten.
Kleidung und Accessoires aus recycelten Materialien, Musik, die passend zur Persönlichkeit jedes Einzelnen ausgewählt wurde, und vor allem eine starke Botschaft: Weder Alter noch Behinderung sollten davon abhalten, kreativ zu sein, Momente miteinander zu teilen … und selbst einmal im Rampenlicht zu stehen.
Ein gemeinschaftliches, inklusives und kreatives Projekt, das Bewohnerinnen, Bewohner und Mitarbeitende weit über eine einfache Modenschau hinaus zusammengebracht hat.
Entdecken Sie die Entstehungsgeschichte und die Idee hinter dieser schönen Initiative. ⏩️⏩️⏩️ https://www.servior.lu/de/models-fuer-einen-tag-in-woiwer-facettenreich-und-jenseits-reiner-aeusserlichkeiten/

👑 Eng ganz besonnesch Begéinung mam Grand-Duc Guillaume! 🇱🇺Eis Bewunnerinnen aus dem SERVIOR Jousefshaus waren e Freideg...
06/10/2026

👑 Eng ganz besonnesch Begéinung mam Grand-Duc Guillaume! 🇱🇺

Eis Bewunnerinnen aus dem SERVIOR Jousefshaus waren e Freideg op Invitatioun vun der Gemeng Wormeldange zu Éinen dobäi, wéi de Grand-Duc Guillaume zesumme mat der Grande-Duchesse Stéphanie d’Musel besicht huet. ☀️🇱🇺

Bei schéinstem Hierschtwieder gouf et vill ze kucken an natierlech och déi eng oder aner flott Begéinung. Besonnesch gefreet hu sech eis Dammen iwwer d’Méiglechkeet, de Grand-Duc ganz perséinlech ze begréissen an e puer Wierder mat him ze wiesselen. 😊

E schéinen Ausfluch, vill gutt Stëmmung an eng Joyeuse Entrée, déi sécher nach laang an Erënnerung bleift. ❤️

E grousse Merci un d’Gemeng Wormeldange fir d’Invitatioun!

------
---------
-------------








🚒 Pompjeeën am Asaz am SERVIOR Belle Vue!Ronn 30 Bewunner, vill Familljen an Angehöriger waren dobäi, wéi d’Jugendpompje...
05/10/2026

🚒 Pompjeeën am Asaz am SERVIOR Belle Vue!

Ronn 30 Bewunner, vill Familljen an Angehöriger waren dobäi, wéi d’Jugendpompjeeë vun Irrel am SERVIOR Belle Vue zu Iechternach gewisen hunn, wat si kënnen. 👩‍🚒🔥

Méi wéi zéng jonk Pompjeeën am Alter vu bis zu 17 Joer hunn ënner anerem eng Evakuatioun, e Läschasaz an den Ëmgang mat auslafende Geforstoffer simuléiert. Eis Bewunner waren dobäi ganz no um Geschehen an hunn d’Übunge mat vill Spannung verfollegt. 🚒

A fir e puer vun hinne war dat Ganzt besonnesch vertraut: Si ware fréier selwer bei der Pompjee a konnten hiert Wëssen an hir Erfarunge mat deene Jonken deelen. E flotte Moment tëscht de Generatiounen! ❤️

E grousse Merci un d’Jugendpompjeeë vun Irrel fir dëse spannenden Nomëtteg!

-----
--------
-----------






------------
--------
----

Adresse

Direction Générale BP 1413
Luxembourg
1014

Téléphone

+3524670131

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque SERVIOR publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à SERVIOR:

Raccourcis

Partager