Cour Grand-Ducale

Cour Grand-Ducale Bienvenue sur la page officielle de la Cour grand-ducale de Luxembourg.

📜 Son Altesse Royale le Grand-Duc a reçu successivement en audience, jeudi 4 juin 2026, au Palais grand-ducal, pour la r...
04/06/2026

📜 Son Altesse Royale le Grand-Duc a reçu successivement en audience, jeudi 4 juin 2026, au Palais grand-ducal, pour la remise de leur lettre de créance et la remise de la lettre de rappel de leur prédécesseur :

🇳🇪 Son Excellence Monsieur Adamou MOUMOUNI, ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire de la République du Niger

🇸🇬 Son Excellence Monsieur Aik Yeow HENG, ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire de la République de Singapour

🇱🇧 Son Excellence Monsieur Walid HAIDAR, ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire du Liban

🇺🇦 Son Excellence Monsieur Yaroslav MELNYK, ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire de la République de l’Ukraine

🇦🇷 Son Excellence Monsieur Fernando Adolfo IGLESIAS, ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire de la République Argentine

© Maison du Grand-Duc

🇱🇺 Mam Trounwiessel huet de Grand-Duc Guillaume och den Haut Patronage vun der Fondation Hëllef fir d’Natur iwwerholl. U...
03/06/2026

🇱🇺 Mam Trounwiessel huet de Grand-Duc Guillaume och den Haut Patronage vun der Fondation Hëllef fir d’Natur iwwerholl. Um Dënschdeg huet de Staatschef zesumme mam Minister Serge Wilmes fir déi éischt Kéier d’Naturschutzgebitt Kalbermillen zu Kaalber besicht, a Presenz vum Personal vun der Fondatioun a vun hirem President Patrick Losch.

Bei dëser Geleeënheet huet d’Fondatioun hiren ambitiéise Programm presentéiert fir Terrain fir méi Naturschutzgebidder opzekafen. Doderniewent gouf och de Programm fir d’Erëm-Usiidlung vun der Flossmuschel an der Our virgestallt. Et goufen Erklärungen zu der opwenneger Ziichtung vun dësen Aarten déi vum Ausstierwe bedrot sinn an déi réischt no ronn véier Joer zwee bis dräi Zantimeter grouss sinn.

Si spillen eng wichteg Roll fir déi ekologesch Qualitéit vun der Our ze verbesseren, eng Viraussetzung fir d’Erhalen an d’Gläichgewiicht vun all den Organismen, déi am Waasser liewen. Nodeems si nees an hirem natierlechen Ëmfeld ugesidelt sinn, droen dës Muschelen, dank hirer Fäegkeet fir d’Waasser ze filteren, zum Erhale vum Ekosystem bäi.

©️ Maison du Grand-Duc

Fondation Hëllef fir d'Natur | Ministry for Environment, Climate and Biodiversity

🪖 E Méindeg huet de Grand-Duc eng Delegatioun vun Offizéier-Schüler vun der amerikanescher Militärakademie vu West Point...
02/06/2026

🪖 E Méindeg huet de Grand-Duc eng Delegatioun vun Offizéier-Schüler vun der amerikanescher Militärakademie vu West Point empfaangen, déi vun den Offizéier begleet goufen, déi si betreien. Déi zukünfteg Offizéier reesen den Ament duerch Europa a gedenken dobäi de verschiddenen Etappe vum Zweete Weltkrich. Hire Parcours huet zu Auschwitz ugefaangen - dem Symbol vun den däischterste Stonne vun der Mënschheet - a wäert déi Jonk bis an d’Normandie féieren, bei d’Feierlechkeete vum 82. Gedenkdag vum Debarquement.

De Staatschef an d’Offizéier-Schüler hu sech iwwer hir géigesäiteg Erfarungen ënnerhalen, déi si op der Royal Military Academy Sandhurst respektiv zu West Point gesammelt hunn. De Grand-Duc huet och d’Wichtegkeet vun den europäesche Valeuren iwwer de Fridden, d’Fräiheet an d’Kooperatioun ervirgestrach, an huet un de Sacrifice vun de Millioune jonken amerikaneschen Zaldoten erënnert, déi un der Befreiung vun Europa bedeelegt waren.

D’United States Military Academy gouf 1802 gegrënnt. Si ass déi eelst Militär-Akademie an den USA an eng vun de prestigiéisten op der Welt. Zu de fréiere Schüler zielen ënner anerem de Generol vun der Arméi a 34. President vun den USA, Dwight D. Eisenhower, sou wéi och de Generol George S. Patton, de legendäre Kommandant vun den amerikaneschen Truppen am Zweete Weltkrich, deen um Militärkierfecht zu Hamm begruewen ass.

©️ Maison du Grand-Duc

🎖️ Um Dënschdeg huet de Grand-Duc Henri am Schlass vu Bierg eng Delegatioun vun der Association grand-ducale des militai...
02/06/2026

🎖️ Um Dënschdeg huet de Grand-Duc Henri am Schlass vu Bierg eng Delegatioun vun der Association grand-ducale des militaires et anciens militaires luxembourgeois (AMAM) empfaangen, vun där hien zënter 1964 den Haut Patronage huet.

Dës Auszeechnung huet hien deemools vu sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, iwwerholl wéi hien nach e jonke Prënz war. Zënter ville Joren ass de Grand-Duc Henri mat der AMAM verbonnen, deenen hir Aktivitéiten hie mat vill Interesse verfollegt.


🎖️ Ce mardi, S.A.R. le Grand-Duc Henri a reçu au Château de Berg une délégation de l’Association grand-ducale des militaires et anciens militaires luxembourgeois (AMAM).

L’ancien Chef de l’État assure le Haut Patronage de l’asbl depuis 1964. Cette distinction lui avait été confiée par son père, le Grand-Duc Jean, alors qu’il était encore un jeune Prince. Depuis lors, le Grand-Duc Henri entretient des liens étroits avec l’AMAM, dont il suit avec intérêt les activités.

© Maison du Grand-Duc

🚨 Dëse Méindeg huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Léon Gloden, d’Cité policière Grand-Duc Henri besicht. Bei dëser ...
01/06/2026

🚨 Dëse Méindeg huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Léon Gloden, d’Cité policière Grand-Duc Henri besicht. Bei dëser Geleeënheet huet de Staatschef den neie Fändel vun der Police grand-ducale iwwerreecht, deen fir d’Eenheet, den Engagement an d’Wäerter steet un deenen sech d’Police an hirem deeglechen Déngscht un der Populatioun orientéiert.

Bei sengem Besuch an der Zentral vun der Police huet de Grand-Duc Erklärungen iwwer de Fonctionnement vum nationalen Interventiounszentrum 113, sou wéi och iwwer d’Asazzentral (PCO), kritt. Dës Infrastrukturen, déi rezent ageweit goufen, droen dozou bäi, datt dem Bierger op eng séier, efficace an appropriéiert Manéier gehollef gëtt wann hien d’Police rifft.

Dono ass et mam Programm an der Policeschoul weidergaangen, déi am Kader vun dëser Visitt offiziell « École de Police Grand-Duc Guillaume » benannt ginn ass. Hei maachen déi zukünfteg Agenten hir Formatiounen an engem modernen Ëmfeld mat spezialiséierten Infrastrukturen, dorënner en Duerf, dat en takteschen Training ënner realistesche Konditiounen erméiglecht.

Wärend dem ganze Besuch huet de Staatschef sech mat de verschiddene Servicer vun der Police grand-ducale ënnerhalen an dobäi hire Professionalismus an hiren Asaz am Déngscht vun der Allgemengheet gelueft.

©️ Maison du Grand-Duc




|

26/05/2026

🫶 E grousse Merci fir déi sechs wonnerbar Joer mat Iech. | Un grand Merci pour six merveilleuses années parmi vous.

Äddi a bis geschwënn! 👋

© Maison du Grand-Duc

Gemeng Fëschbech

❤️ En Donneschdeg huet d’Gemeng Fëschbech d’« Joyeuse Sortie » vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse gefeiert, déi zënter...
23/05/2026

❤️ En Donneschdeg huet d’Gemeng Fëschbech d’« Joyeuse Sortie » vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse gefeiert, déi zënter 2020 am Schlass mam selwechten Numm wunnen. Zu dëser Geleeënheet ass e Monument zu Éiere vum Grand-Duc Guillaume am Duerf devoiléiert ginn.

Am Hibléck op hiren Depart, hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse all d’Awunner op eng geselleg an häerzlech Receptioun an de Park vum Schlass Fëschbech invitéiert.

Déi groussherzoglech Koppel wäert deemnächst an d’Schlass Bierg plënneren, iwwerdeems de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa op Fëschbech wunne kommen.

-

❤️ Ce jeudi, la commune de Fischbach a célébré la « Joyeuse Sortie » de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, résidents du Château éponyme depuis 2020. À cette occasion, un monument en l’honneur du Grand-Duc Guillaume a été dévoilé dans le village.

En vue de leur départ, le Grand-Duc et la Grande-Duchesse ont convié tous les habitants à une réception conviviale et chaleureuse dans le parc du Château de Fischbach.

Le Couple grand-ducal rejoindra prochainement le Château de Berg, tandis que le Grand-Duc Henri et la Grande-Duchesse Maria Teresa prendront leurs quartiers à Fischbach.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Gemeng Fëschbech

🇦🇪 Um Freideg huet de Grand-Duc de Cheikh Abdullah bin Zayed Al Nahyan (EAU), Vize-Premier Minister an Ausseminister vun...
22/05/2026

🇦🇪 Um Freideg huet de Grand-Duc de Cheikh Abdullah bin Zayed Al Nahyan (EAU), Vize-Premier Minister an Ausseminister vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten, am Kader vu senger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg, an Audienz am Palais empfaangen. Hie war vu sengem Jong begleet.

Déi international Aktualitéit an ënner anerem de Konflikt am Noen Oste stoungen am Mëttelpunkt vum Gespréich.

-

🇦🇪 Ce vendredi, S.A.R. le Grand-Duc a reçu en audience le Cheikh Abdullah bin Zayed Al Nahyan, Vice-Premier Ministre et Ministre des Affaires étrangères des Émirats arabes unis, en visite de travail au Luxembourg. Il était accompagné de son fils.

L’actualité internationale et notamment le conflit au Moyen-Orient était au cœur des échanges.

© Maison du Grand-Duc

🦁 Bei der Iwwerreechung vum « Prix Lions » 2026 gouf d'Fondatioun Kriibskrank Kanner fir hir deeglech Betreiung vu kriib...
21/05/2026

🦁 Bei der Iwwerreechung vum « Prix Lions » 2026 gouf d'Fondatioun Kriibskrank Kanner fir hir deeglech Betreiung vu kriibskranke Kanner a Jugendlechen, sou wéi hire Familljen ausgezeechent. E Mëttwoch war de Grand-Duc, zesumme mat der Ministesch Martine Deprez, am « 19 Liberté » vun der Spuerkeess, bei dëser Präisiwwerreechung dobäi.

Dës Auszeechnung wierdegt den Engagement an de Professionalismus vun enger interdisziplinärer Equipe, déi Kriibspatienten an hir Begleeder bei den Erausfuerderunge vun dëser Krankheet ënnerstëtzt - vun der Diagnos bis zu der Remissioun. D'Fondatioun setzt sech zousätzlech intensiv fir d'Sensibiliséierung an d'Ënnerstëtzung vun der Recherche an.

De Staatschef huet all de Leit Merci gesot, déi sech am Alldag dofir engagéieren, datt déi Jonk an hir Familljen am Kampf géint d'Krankheet begleet ginn.

-

🦁 L’édition 2026 du « Prix Lions » a consacré la Fondatioun Kriibskrank Kanner pour son accompagnement quotidien d’enfants et d’adolescents atteints de cancer et de leur famille. Ce mercredi, S.A.R. le Grand-Duc a pris part, au « 19 Liberté » de la Spuerkeess, à la cérémonie de remise du prix, aux côtés de la Ministre Martine Deprez.

Cette distinction récompense l’engagement et le professionnalisme de l’équipe pluridisciplinaire, qui soutient les malades et leurs accompagnants face aux épreuves du cancer, depuis l’annonce du diagnostic jusqu’à la rémission. La Fondation est également fortement mobilisée dans la sensibilisation et le soutien à la recherche.

Le Chef de l’État salue celles et ceux qui se mobilisent chaque jour pour accompagner les jeunes et leur famille dans ce combat face à la maladie.

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

| | .lu | |

🤝 E Mëttwoch huet d’Grande-Duchesse Maria Teresa d’Vertrieder vum « Luxembourg City Tourist Office » (LCTO) fir hir trad...
20/05/2026

🤝 E Mëttwoch huet d’Grande-Duchesse Maria Teresa d’Vertrieder vum « Luxembourg City Tourist Office » (LCTO) fir hir traditionell Scheckiwwerreechung am Kader vun de Summervisitten am Palais empfaangen.
2025 hunn 9658 Leit de Palais an der Haaptstad besicht. Duerch d’Summervisitten, déi zënter 1977 vun der Stad organiséiert ginn, konnten esou 41.356,27 € gesammelt ginn, fir d’Projete vun der Fondation Henri - Maria Teresa ze finanzéieren.
Dëse Summer mécht de Groussherzogleche Palais seng Diere vum 18. Juli bis den 30. August fir de Public op. D’Vente vun den Tickete geet deemnächst op.


🤝 Ce mercredi, S.A.R. la Grande-Duchesse Maria Teresa a reçu en audience les représentants du « Luxembourg City Tourist Office » (LCTO) pour la traditionnelle remise de chèque, suite aux visites estivales du Palais grand-ducal.
En 2025, 9658 personnes ont visité le Palais la capitale. Organisées par la Ville depuis 1977, les visites estivales ont ainsi permis de lever 41 356,27€ pour financer des projets de la Fondation Henri - Maria Teresa.
Cet été, le Palais grand-ducal sera ouvert au public du 18 juillet au 30 août. La billetterie sera ouverte prochainement.

© Maison du Grand-Duc



Adresse

17, Rue Du Marché-aux-Herbes
Luxembourg
1728

Téléphone

+3524748741

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Cour Grand-Ducale publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Cour Grand-Ducale:

Partager