MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics Offizielle Kont vum MMTP Lëtzebuerg
Compte officiel du MMTP luxembourgeois
Ministre: Yuriko Backes

Dëse Site gëtt geréiert vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics (MMTP) a soll d'Bierger iwwer d'Aarbecht vum Ministère informéieren. De MMTP garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De Ministère kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Ministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch v

un Informatiounen duerch aner Quellen. De MMTP kann net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun den Informatiounen duerch aner Persounen. D'Weblinken op dësem Site kënnen op aner Sitte weiderleeden, déi net vum MMTP administréiert ginn. De MMTP ass just fir säin eegene Contenu responsabel an net fir deen op anere Sitten, op déi eventuell weidergeleet gëtt. Cette page est gérée par le Ministère de la Mobilité et des Travaux publics (MMTP) et vise l'information du grand public sur les activités du ministère. Le MMTP assure au mieux l’exactitude des informations diffusées sur cette page. Cependant, sa responsabilité ne saurait être retenue notamment en cas d’omission d’une information, en cas d’erreurs ou en cas de lacunes dans les informations fournies. Le MMTP ne saurait être tenu responsable de l'utilisation qui peut être faite par des tiers des informations fournies sur cette page. Les liens sur cette page peuvent conduire vers des sites qui ne sont pas gérés par le ministère. Le MMTP n’est pas responsable des informations ou services fournis par ces sites. Reegelen op eiser Facebook-Säit:

LU:

D’Facebook-Säit vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte soll den Notzer an éischter Linn eng Diskussiounsplattform ubidden. D’Kommentarfunktioun ënnert de Bäiträg soll eng sachlech Diskussioun erméiglechen. Fir e konstruktiven Echange vun ënnerschiddleche Meenungen ze garantéieren, ginn d’Kommentare reegelméisseg gepréift. De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellt verschiddene Reegelen op, wat d’Publikatioun vu Kommentaren op der MMTP-Facebooksäit ubelaangt. Facebook-User gi gebieden, Kommentaren ze vermeiden, déi
• Haass verbreeden, sexistesch, friemefeindlech, rassistesch, verletzend, beleidegend, diskriminéierend, diffaméierend, pornografesch oder vulgär sinn;
• ofwäertend fir eng sexuell Orientéierung oder Relioun sinn;
• Gewalt a verschidden aner Delikter verherrlechen;
• géint national an international Reegele verstoussen. Sollte Facebook-Notzer géint dës Reegele verstoussen, kann de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten:
• De komplette Kommentar läschen oder verstoppen, och wann nëmmen eng Passage am Kommentar géint d’Reegele verstéisst;
• déi verantwortlech Persoun warnen, fir sou Saachen an Zukunft z’ënnerloossen;
• déi verantwortlech Persoun vun der MMTP-Facebook-Säit spären oder am schlëmmste Fall och bei Facebook mellen. Mir bieden d’Notzer, héiflech a sachlech ze bleiwen an d’Grondreegelen ze respektéieren. FR:

Le compte Facebook du ministère de la Mobilité et des Travaux publics permet avant tout aux utilisateurs de s’échanger et de discuter sur la plateforme. Les commentaires sous les publications doivent servir à une discussion factuelle. Afin d'assurer un échange constructif d'opinions différentes, les commentaires sont vérifiés régulièrement. Le ministère de la Mobilité et des Travaux publics applique certaines règles concernant la supervision et la modération de commentaires publiés sur sa page Facebook. Les usagers sont priés d’éviter la diffusion de messages qui :
• sont contraires à l’ordre public ou aux bonnes mœurs, violents, sexistes, racistes, révisionnistes, vulgaires, pornographiques ;
• sont contraires au droit et au respect de la vie privée (orientation sexuelle et religieuse) ;
• font l’apologie des crimes de guerre, injurieux ou grossiers ;
• enfreindraient toute autre disposition législative ou réglementaire en vigueur. En cas de non-respect des différentes règles, le ministère de la Mobilité et des Travaux publics peut :
• masquer ou supprimer les commentaires visés ;
• avertir personnellement l’utilisateur;
• bannir l’utilisateur du profil ministérielle et dans le cas extrême, le « reporter » à Facebook. Nous prions les utilisateurs à respecter les règles et à communiquer d’une manière respectueuse et factuelle.

14/08/2026

Wéi kënne mir sécherstellen, datt eis Stroossen laang halen an den Ufuerderungen vu muer standhalen? 🤔

D’Äntwert fannt dir an dësem Video: De Laboratoire vun de Ponts & Chaussées stellt sech vir! 🔬🎬

🟧 Moderniséieren & Sécheren

In 2025, Luxembourg Airport welcomed a record 5.3 million passengers. Passenger traffic at Findel increased by 3% compar...
06/08/2026

In 2025, Luxembourg Airport welcomed a record 5.3 million passengers. Passenger traffic at Findel increased by 3% compared with 2024, while cargo volumes saw a slight decrease of 1%.

As passenger numbers continue to grow and air traffic is expected to increase further in the coming years, a first masterplan, developed jointly by the Ministry and lux-Airport, will guide the airport’s short- and medium-term development, supporting the modernisation of Findel Airport, the expansion of its capacity, and its ability to meet future needs.

Gouvernement luxembourgeois Yuriko Backes

D’Ministesch Yuriko Backes huet haut zesumme mam Minister Lex Delles a mam Buergermeeschter Gloden Michel, de neie Ponto...
29/07/2026

D’Ministesch Yuriko Backes huet haut zesumme mam Minister Lex Delles a mam Buergermeeschter Gloden Michel, de neie Ponton zu Schengen ageweit.

De Ponton erméiglecht den dauerhaften Accostage vum historesche Schëff „Princesse Marie-Astrid Europa“ an deem 1985 de Schengener Accord ënnerschriwwe gouf.

De Ponton gouf esou konzipéiert, datt en sech un d’Schwankunge vum Muselpegel upasst an och aussergewéinlech Héichwaasserstänn standhält. Fir all déi déi an Zukunft de Musée wäerte besichen, gëtt domadder ee komfortabelen a securiséierten Accès op d’Schëff garantéiert.

Ministère de l'Économie Gemeng Schengen Visit Schengen Gouvernement luxembourgeois Léon Gloden Stéphanie Obertin

D’Ministesch   huet haut Vertrieder*inne vun der Assurancen-Associatioun ACA empfaange fir sech iwwert de legale Kader a...
28/07/2026

D’Ministesch huet haut Vertrieder*inne vun der Assurancen-Associatioun ACA empfaange fir sech iwwert de legale Kader am Beräich vum autonome Fueren auszetauschen. Wichteg ass et dës Technologie am Déngscht vum Mënsch a vun der Verkéierssécherheet op eng graduell a verantwortungsvoll Aart a Weis ze erméiglechen.
lu

🇱🇺 De Ministère recrutéiert! Sidd Dir interesséiert ? Da mellt iech als Fonctionnaire oder Employé(e)👉https://gd.lu/6vxR...
28/07/2026

🇱🇺 De Ministère recrutéiert! Sidd Dir interesséiert ? Da mellt iech als Fonctionnaire oder Employé(e)👉https://gd.lu/6vxRnl bis den 05/08/26.

🇫🇷 Le ministère recrute ! Intéressé(e) ? Alors postulez comme Fonctionnaire ou Employé(e)👉https://gd.lu/6vxRnl jusqu’au 05/08/26.

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes 2 AgentInnen vun der Fluchsécherungsverwaltung (ANA), 8 Inspekteren vum Contrôle te...
27/07/2026

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes 2 AgentInnen vun der Fluchsécherungsverwaltung (ANA), 8 Inspekteren vum Contrôle technique an eng Mataarbechterin vun der Direction de l’aviation civile (DAC) offiziell vereedegt.

Mir gratuléieren hinnen häerzlech zu dësem Meilesteen a wënschen hinne vill Freed a vill Erfolleg bei hirer deeglecher Aarbecht 👏🏼

Gouvernement luxembourgeois SNCT Lëtzebuerger Arméi LU KS Luerenzweiler Kontrollstatioun DEKRA Automotive S. à r. l.

D‘Ministesch Yuriko Backes  an de Minister Max Hahn  hunn haut den éischten dediéierte Beräich um Findel fir Persoune ma...
21/07/2026

D‘Ministesch Yuriko Backes an de Minister Max Hahn hunn haut den éischten dediéierte Beräich um Findel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit (PMR) ageweit.

Dëse Raum gouf speziell fir PassagéierInnen ageriicht, déi op Assistenz ugewise sinn – fir hinnen e méi komfortabelen, accessibelen an individuell ugepassten Accueil ze bidden.

Ënner anerem fënnt een hei:
👉 e Guichet mat geschoultem Personal
👉 en direkten Accès op barrièrefräi Sanitäranlagen
👉 e Rou-Raum mat ugepasster Ausstattung (Schallschutz, Ouerestëpp asw.)

Lux-Airport Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil Gouvernement luxembourgeois

D’Ministesch Yuriko Backes an déi concernéiert Acteuren, sinn haut zesumme komm, fir gemeinsam wichteg  Dossieren am Ber...
21/07/2026

D’Ministesch Yuriko Backes an déi concernéiert Acteuren, sinn haut zesumme komm, fir gemeinsam wichteg Dossieren am Beräich vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport virunzedreiwen.

D’Sécherheet vum Personal an de BenotzerInne vum ëffentlechen Transport bleift eng absolutt Prioritéit.

Nieft Sensibilisatiounscampagnen a Formatioune, spillt och de legale Kader eng wichteg Roll. Dowéinst ass e Gesetzesprojet um Instanzewee fir d'Sécherheet am ëffentlechen Transport weider ze stäerken. De Projet baséiert op dräi wichtege Pilieren:

➡️Schafung vun engem klore juristesche Kader fir d‘Sécherheet am ëffentlechen Transport ze garantéieren
➡️Aféierung vun enger legaler Basis fir den Asaz vu Videoiwwerwaachung an engem définéierte Kader
➡️Administrativ a penal Sanktiounen am Fall vu Verstéiss

Sécherheet a Respekt am ëffentlechen Transport sinn eng kollektiv Verantwortung 🤝 Mat enger wuessender Notzung vum ëffentlechen Transport muss och weider geziilt a Präventiounsaktiounen an an déi néideg Infrastruktur investéiert ginn, fir e séchert, rouegt an agreabelt Ëmfeld fir jiddereen ze garantéieren.

Gouvernement luxembourgeois
CFL - Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois
Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises
Ville de Luxembourg
Syprolux Deng Gewerkschaft - Deng Säit
FGFC
OGBL Syndicat No 1 au Luxembourg
Police Luxembourg
Tram_Luxembourg

Adresse

4, Place De L'Europe
Luxembourg
1499

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics:

Raccourcis

Partager