Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch

Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch 🚑🚒
🆘 In case of emergency call 112

☀️ Bis e Samschdig sinn d‘Temperaturen nees ganz héich !Bei dësen héijen Temperaturen ass et wichteg, genuch ze drénken,...
13/08/2026

☀️ Bis e Samschdig sinn d‘Temperaturen nees ganz héich !

Bei dësen héijen Temperaturen ass et wichteg, genuch ze drénken, sech virun der Sonn ze schützen an déi grouss Hëtzt wa méiglech ze vermeiden.

🌲 Mee net nëmme d’Hëtzt ass eng grouss Erausfuerderung: Duerch déi laang unhalend Dréchent ass de Risiko vu Bësch- a Vegetatiounsbränn aktuell besonnesch héich.

Dofir denkt w.e.g. un d’Reegelen, déi aktuell an eiser Commune de Rambrouch an am Naturpark Öewersauer gëllen:
- Keen oppent Feier an der Natur 🔥
- Net grillen, och net mat engem Gasgrill
- Keng Zi******en oder Stëmp an d’Natur geheien 🚬
- Gefierer nëmmen op ausgewisene Plazen an net op dréchener Vegetatioun ofstellen 🅿️
- A ganz allgemeng: Geheit näischt an d’Natur. 🌿

👀 Sidd opmierksam! Sollt dir Feier oder Damp bemierken, rufft direkt den 112.

📸 D’Foto‘en si vu rezeten Bësch- a Vegetatiounsbränn, wou mir als CIS Rammerich am Asaz waren.

09/08/2026
Am Juli hate mir eis Ofschlossübung zesumme mam CIS Alebësch, bei där mir en Verkéiersaccident (VU) simuléiert hunn. 🚙🔥W...
06/08/2026

Am Juli hate mir eis Ofschlossübung zesumme mam CIS Alebësch, bei där mir en Verkéiersaccident (VU) simuléiert hunn. 🚙🔥

Wärend dem Asazszenario haten eis Pompjeeën an och eis RTW-Ekippen all Hänn voll ze dinn, fir déi verschidde Situatiounen ofzeschaffen. 🚒🚑

E grousse Merci un all déi, déi un dëser Übung deelgeholl a mat ugepak hunn. E besonnesche Merci geet och un d’Commune de Rambrouch fir d’Ënnerstëtzung beim Opriichte vum Asazszenario. 🤩

🚒 Haut a muer organiséieren d’Jugendpompjeeën aus dem CIS Rammerich hir traditionell 24-Stonnen-Übung an der Gemeng Ramm...
11/07/2026

🚒 Haut a muer organiséieren d’Jugendpompjeeën aus dem CIS Rammerich hir traditionell 24-Stonnen-Übung an der Gemeng Rammerich.

Dofir kann et sinn, datt dir déi nächst Stonnen e bësse méi Beweegung an der Gemeng bemierkt. Kee Grond zur Suerg – et handelt sech an de meeschte Fäll just ëm eis Jugendpompjeeën, déi am Kader vun hirer Übung am Asaz sinn. 🚒😊

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech a wënschen eise Jugendpompjeeën eng flott an léierräich 24-Stonnen-Übung! 💪🔥

🇱🇺 Gëschter war eisen HLF 2-1 op der Parade vum Nationalfeierdag dobäi 🚒Et war eis eng grouss Éier, bei dësem besonnesch...
24/06/2026

🇱🇺 Gëschter war eisen HLF 2-1 op der Parade vum Nationalfeierdag dobäi 🚒

Et war eis eng grouss Éier, bei dësem besonnesche Moment dobäi ze sinn an dierfen deelzehuelen. 🤩

©️Eric De Millo (📸)

20/06/2026

🇱🇺 Wéint der aktueller Dréchent op Wisen ☘️, Felder 🌱 an an de Bëscher 🌳, sollten déi heite Verhalensweise respektéiert ginn :
• Werft keng Zigarettestëmp op de Buedem. 🚭
• Maacht kee Feier 🔥 dobaussen.
• Grillt nëmmen op deene Plazen, déi dofir virgesi sinn an halt Läschmëttel nobäi (e Behälter mat Waasser z. B. 🪣).
• Gehäit keng Grillglous an d’Natur 🚯. Waart, bis d’Glous ofgekillt ass, iert Dir se op enger Plaz entsuergt, déi dofir virgesinn ass.
• Fuert net mam Auto iwwer Wisen, Felder oder duerch de Bësch ⛔, well souwuel méiglech Fonke wéi och déi waarm Ënnersäit vun Autoe potenziell e Brand ausléise kënnen.
• Blockéiert net den Accès zu Bësch- a Feldweeër, fir am Fall vun engem Vegetatiouns- oder Bëschbrand den Zougang fir d’Pompjeeën 🚒 ze erméiglechen.
Wann et brennt, rufft den 112.

🇫🇷 À cause de la sécheresse actuelle dans les prairies ☘️, champs 🌱 et forêts 🌳, les conseils de comportement suivants devraient être adoptés :
• Ne jetez pas de mégots par terre. 🚭
• N’allumez pas de feu 🔥 à l’extérieur.
• Limitez les barbecues aux zones désignées à cet effet et prévoyez un dispositif d’extinction à proximité (p. ex. un récipient rempli d’eau 🪣).
• Ne jetez pas les braises de barbecue dans la nature 🚯. Attendez que les braises aient refroidi avant de les jeter aux endroits prévus à cet effet.
• Ne roulez pas en voiture dans les prés, les champs ou les forêts ⛔, étant donné qu’aussi bien d’éventuelles étincelles que le dessous chaud des véhicules peuvent potentiellement provoquer un feu.
• Ne bloquez pas l’accès aux chemins forestiers ou vers les champs afin de garantir l’accès aux pompiers 🚒 en cas de feux de végétation ou de forêt.
En cas d’incendie, prévenez les secours au 112.

🇬🇧 Due to the drought currently affecting meadows ☘️, fields 🌱 and forests 🌳, the following guidelines should be followed:
• Do not throw cigarette ends on the ground. 🚭
• Do not light fires 🔥 outdoors.
• Restrict barbecues to designated areas and ensure a fire-extinguishing device is nearby (e.g. a container filled with water 🪣).
• Do not dispose of barbecue embers in nature 🚯. Wait until the embers have cooled before disposing of them in the designated areas.
• Do not drive through meadows, fields or forests ⛔, as both potential sparks and the hot underside of vehicles could start a fire.
• Do not block access to forest tracks or fields to ensure that the fire service 🚒 can reach them in the event of a wildfire or forest fire.
In the event of a fire, call the emergency services on 112.

🚒 CIS Rambrouch op der Nuit du Sport 🏃🏻‍♂️ 🤩 Komm bis laanscht op de Site vun der Schoul zu Kietscht an test deng Fitnes...
02/06/2026

🚒 CIS Rambrouch op der Nuit du Sport 🏃🏻‍♂️

🤩 Komm bis laanscht op de Site vun der Schoul zu Kietscht an test deng Fitness am "Sportstest" vun de Pompjeeën.
Bei eis kanns de Leedere roppklammen, deng Kraaft, deng Schnellegkeet an deng Ausdauer ënner Beweis stellen. 💪🏼

❓Natierlech sti mir Iech och Ried an Äntweren op Är Froen ronderem d'Pompjeeswiesen ❗️

Mir freeën eis op Äre Besuch, den 6. Juni op der Nuit du Sport vun der Commune de Rambrouch. 🏅

ℹ️ De ganze Programm fann Dir op https://www.nuitdusport.lu/fr/programme/rambrouch

🚒 Virun enger Woch waren eis Jugendpompjeeën op Lëlz op der Base Nautique beim Groupe de Sauvetage Aquatique (GSAQ). 🌊Do...
31/05/2026

🚒 Virun enger Woch waren eis Jugendpompjeeën op Lëlz op der Base Nautique beim Groupe de Sauvetage Aquatique (GSAQ). 🌊

Do kruten eis Jugendpompjeeën Äntwerten op hir vill Froen, konnten ee klengen Tour mam Boot maachen an hunn d’Ausrüstung an d’Aarbecht vum GSAQ méi genee kennegeléiert. 🚤

Ee risegrousse Merci un d’Equipe vum GSAQ fir de flotten Empfang, d’Zäit déi si sech geholl hunn an déi interessant Erklärungen! 🤩👏

22/05/2026

🆘Wisou läit deen Hittchen do⁉️

Elo bei deem gudden Wieder gesäit een se erëm méi oft dorëmmer: EMGEFALEN HITTERCHER.

Loosst déi weg. esou do léien, an riicht se op keen Fall op an huelt se net ewech. Déi weisen den follgenden Rettungsdéngschter den Wee op d'Asazplatz.

[4th of May -  ]🚒👩🏻‍🚒 Haut um internationalen Dag vun de Pompjeeën soen mir alle Pompjeeë Merci fir hiren dagdeeglechen ...
04/05/2026

[4th of May - ]

🚒👩🏻‍🚒 Haut um internationalen Dag vun de Pompjeeën soen mir alle Pompjeeë Merci fir hiren dagdeeglechen Asaz. Merci fir äert Engagement bei eis am CIS Rammerech. Merci all eise Pompjeeë fir hier Zäit, déi si an den Déngscht vum Bierger stellen. 👨🏻‍🚒🚑

Merci, dass dir do sidd a d'Fonctionéiere vun eisem CIS assuréiert 💪🏼

Adresse

4, Zone Industrielle Riesenhaff
Luxembourg
8821

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager