Éischt Hëllef Team Kolléisch (EHTK)

Éischt Hëllef Team Kolléisch (EHTK) Schüler hëllefe Schüler a leeschten am Noutfall fachgerecht Éischt Hëllef am Stater Kolléisch.

An enger Schoul wéi dem Stater Kolléisch, wou sech all Dag méi wéi 1400 Schüler souwéi ëm déi 250 Professeren, Techniker, Mataarbechter, asw, ophalen, kann et zu all Moment zu engem schlëmme medizinesche Noutfall kommen. D'Idee vum Eischt Hëllef Team Kolléisch (kuerz EHTK) ass et, eise Matmënsche bei all méi oder manner groussem Noutfall déi beschtméiglech Éischt Hëllef zukommen ze loossen. Et ass

bekannt, dat déi éischt Minutte no engem Noutfall déi wichtegst si, fir optimal Éischt Hëllef ze leeschten. Och wann eis Schoul an der Staadt läit, kann et eng Zäit daueren, bis d'Rettungsdéngschter bei eis ukommen.Genau des Zäit gëtt vun eise Secouristen iwwerbréckt. D'Waardezäit erschéngt dem Betraffene manner laang, an hie weess, dat him gehollef gëtt. Awer och bei Klengegkeeten këmmere mir eis gaeren em eis Matschüler, sief et mat enger Pëll (nëmme mat Erlaabnis vun den Elteren) bei Bauch- oder Kappwéi, mat engem Plooschter bei enger Schnëttwonn, mat enger Crème bei an Verstauchung, asw. Falls mir dem Betraffeneer dann awer net hëllefe kënne, wëll en zum Beispill ze vill krank ass, organiséiere mir och seng Heemreess, kontaktéiere d'Elteren a waarde mam Patient, bis en ofgeholl gëtt.

Adresse

24, Boulevard Pierre Dupong
Luxembourg
1430

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Éischt Hëllef Team Kolléisch (EHTK) publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager