Gemeng Mamer

Gemeng Mamer Page officielle de la Commune de Mamer



10/08/2026

Am Laf vum September ass et endlech esou wait, da geet den 1. Deel vun eisem neie Recycling Center op.
Aus Recycling Center gett Ressourcen Center.!

Um Sonndeg 20. September ass Porte Ouverte an den neie Raimlechkeeten.

D’Kielener Musik an d’Simmer Duerfmusik suergen fir de musikalechen Encadrement.
An d’Personal vum Sica zervéiert de Patt an de Mauffel fir de klengen Honger.

Dofir notéiert iech elo schons den 20. September an ärem Agenda.

Mir freeën eis op äre Besuch😀

[ENG NEI BLUMMENINSEL MATTEN AM SCHOULHAFF]🇱🇺 🌸 Am Schoulhaff vum Primaire um Campus Kinneksbond gouf an de Woche virun ...
06/08/2026

[ENG NEI BLUMMENINSEL MATTEN AM SCHOULHAFF]
🇱🇺 🌸 Am Schoulhaff vum Primaire um Campus Kinneksbond gouf an de Woche virun der grousser Vakanz e flotten Naturprojet ëmgesat. 🌿 Op enger bis elo wéineg genotzter Fläch ass e Staudebeet ugeluecht ginn, dat sech nächste Summer zu enger faarweger Blummeninsel entwéckele wäert an dann ë.a. 🐝🦋 Insekten a Päiperleken en neie Liewensraum bitt.

👧👦 Ronn 60 Kanner aus dem Cycle 2.1 hunn de Projet aktiv matgestalt, deen an Zesummenaarbecht tëscht der 🏫 Schoul, der 🏛️ Gemeng an dem 🌱 Naturschutzsyndikat Sicona entstanen ass. Ier geplanzt gouf, kruten d’Kanner Erklärungen iwwer d'Stauden an d'Wichtegkeet vun den Insekte fir d'Natur. 🌼🐞 Dono hunn si, iwwer e puer Deeg verdeelt, zu zwee an zwee ronn 🌱 650 Stauden an de Buedem gesat.

👀 Och de Buergermeeschter Luc Feller an d'Schäffe Roger Negri an Ed Buchette ware kucke komm an hunn, zesumme mat de Kanner, den Explikatioune vun de 🌱 Sicona-Experten nogelauschtert.

🌾 Am neie Schouljoer soll de Projet nach weider ausgebaut ginn. Nieft de Stauden soll op der selwechter Plaz dann och nach eng 🌼 Blummewiss ugeluecht ginn. Geplangt sinn des Weideren eng 🏡🐝 60 Insektenhoteller, déi vun de Schüler vum Cycle 4 gebaut solle ginn. Esou entsteet no an no e wäertvolle 🌿 Liewensraum fir 🌸 Flora a 🦋 Fauna an e liewege 📚 Léierraum fir d’Schoulkanner.
_________

🇫🇷 🌸 Dans la cour de l'école primaire au Campus Kinneksbond, un beau projet en faveur de la nature a été réalisé au cours des semaines précédant les grandes vacances. 🌿 Dans un coin jusqu'ici peu aménagé, un massif de plantes vivaces a été réalisé. Dès l'été prochain, il se transformera en un îlot fleuri coloré qui offrira notamment un nouvel habitat aux 🐝 insectes et aux 🦋 papillons.

👧👦 Environ 60 élèves du cycle 2.1 ont participé activement à ce projet, mis en œuvre en collaboration entre l'🏫 école, la 🏛️ commune et le 🌱 syndicat pour la protection de l’environnement SICONA. Avant de commencer les plantations, les enfants ont reçu des explications sur les plantes vivaces et sur l'importance des insectes pour la nature. 🌼🐞 Au fil de plusieurs journées, les enfants ont planté, deux par deux, quelque 🌱 650 plantes vivaces.

👀 Le bourgmestre Luc Feller ainsi que les échevins Roger Negri et Ed Buchette ont profité de l'occasion pour venir découvrir ce futur espace naturel et suivre, ensemble avec les élèves, les explications des 🌱 experts du SICONA.

🌾 Le projet continuera de prendre forme dès la prochaine année scolaire. Une 🌼 prairie fleurie viendra compléter le massif de vivaces, tandis qu'une soixantaine de 🏡🐝 hôtels à insectes, réalisés par les élèves du Cycle 4, enrichiront cet aménagement. Ce coin de nature deviendra progressivement un véritable 🌿 havre de biodiversité et un formidable 📚 support pédagogique pour les écoliers.
_________

🇬🇧 🌸 In the weeks leading up to the summer holidays, an inspiring nature project was carried out in the primary school playground at Campus Kinneksbond. 🌿 A previously underused area was transformed into a perennial flower bed that will bloom into a colourful flower island next summer, providing a valuable habitat for 🐝 insects, 🦋 butterflies and other pollinators.

👧👦 Approximately 60 pupils from Cycle 2.1 actively took part in the project, which was carried out in collaboration between the 🏫 school, the 🏛️ Municipality of Mamer and the 🌱 environmental protection syndicate SICONA. Before starting the planting, the children learned about perennial plants and the important role insects play in nature. 🌼🐞 Over the course of several days, they worked in pairs to plant around 🌱 650 perennials.

👀 Mayor Luc Feller, together with Aldermen Roger Negri and Ed Buchette, took the opportunity to visit the future nature area and, alongside the pupils, listen to the explanations provided by the 🌱 SICONA experts.

🌾 The project will continue to develop during the next school year. A 🌼 wildflower meadow will complement the perennial planting, while around 🏡🐝 60 insect hotels, to be built by Cycle 4 pupils, will further enhance the site. Over time, this corner of nature will become a true 🌿 haven for biodiversity and an inspiring 📚 outdoor learning environment for the schoolchildren.



SICONA - Naturschutzsyndikat

[BRANDGEFOR - VERBUET FIR FEIER A BARBECUE AN DER GEMENG MAMER]🇱🇺 Aktuell ass d’Brandgefor am ëffentleche Raum grouss. D...
05/08/2026

[BRANDGEFOR - VERBUET FIR FEIER A BARBECUE AN DER GEMENG MAMER]
🇱🇺 Aktuell ass d’Brandgefor am ëffentleche Raum grouss. Duerch déi laang Dréchent an déi héich Temperaturen ass de Risiko, datt e Feier entsteet oder sech séier verbreet, de Moment ganz héich.

Fir eis Bëscher, eis Natur an d'Sécherheet vu Mënsch an Déier ze schützen, huet d’Gemeng Mamer e Noutreglement a Kraaft gesat.

Mat direkter Wierkung ass et streng verbueden:
-🔥 e Feier unzemaachen;
-🍖 all Zort vu Barbecue ze benotzen;
an de Bëscher, Parken, Grénganlagen, Naturgebidder an allen aneren ëffentlechen oder fir de Public zougängleche Plazen um Territoire vun der Gemeng Mamer, och um Site « Op der Drëps ».

⚠️ Verstéiss géint dës Bestëmmunge kënne mat enger Geldstrof vun 25 bis 250 € bestrooft ginn.

📲 Weider Informatiounen fannt Dir an der gratis App Gemeng Mamer oder op www.mamer.lu
________

🇫🇷 Le risque d'incendie est actuellement très élevé dans les espaces publics. En raison de la sécheresse persistante et des fortes chaleurs, le risque de départ et de propagation d'un incendie est particulièrement important.

Afin de protéger les forêts, les espaces naturels ainsi que la sécurité des personnes et des animaux, la commune de Mamer a adopté un règlement d'urgence.

Avec effet immédiat, il est strictement interdit :
- 🔥 d'allumer un feu ;
- 🥩 d'utiliser tout type de barbecue ;
dans les forêts, parcs, espaces verts, zones naturelles et tous les autres espaces publics ou accessibles au public sur le territoire de la commune de Mamer, y compris sur le site « Op der Drëps ».

⚠️ Le non-respect de cette interdiction est passible d'une amende de 25 à 250 €.

📲 Plus d'informations dans l'application gratuite Gemeng Mamer ou sur www.mamer.lu.
________

🇬🇧 The risk of fire in public areas is currently very high. Due to the prolonged drought and high temperatures, the risk of fires starting and spreading rapidly is particularly high.

To protect forests, natural areas, and the safety of people and animals, the Municipality of Mamer has adopted an emergency regulation.

With immediate effect, it is strictly prohibited to:
- 🔥 light any fire;
- 🥩 use any type of barbecue;
in forests, parks, green spaces, natural areas and all other public or publicly accessible places within the Municipality of Mamer, including the "Op der Drëps" site.

⚠️ Failure to comply with this prohibition may result in a fine of €25 to €250.

📲 More information is available in the free Gemeng Mamer app or at www.mamer.lu.

[PROPPER ËNNERWEE MAT ÄREM HOND]🇱🇺 Wéi op villen anere Plazen ass och an der Gemeng Mamer d'Thema Hondskéip ëmmer nees e...
05/08/2026

[PROPPER ËNNERWEE MAT ÄREM HOND]
🇱🇺 Wéi op villen anere Plazen ass och an der Gemeng Mamer d'Thema Hondskéip ëmmer nees en Uleies. 🐶💩 Reegelméisseg beschwéieren sech Awunner iwwer Muppendreck op Trottoiren, Trëppelweeër, a Parken oder souguer a Virgäertcher. Dat ass net nëmmen onschéin, mee och e Problem fir d'Hygiène, d'Ëmwelt an dat gutt Zesummeliewen. 🌳

📊 Dës Infographik vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) weist op ee Bléck, firwat Hondskéip eng „dreckeg“ Affär fir Mënsch, Déier a Natur sinn. Nieft dem onangeneeme Geroch kënnen Exkrementer Krankheetskeimen a Parasitte verbreeden an och Biedem a Waasser belaaschten. 💧

🗑️ Jiddwereen, deen mat sengem Hond ënnerwee ass, ass gebieden d'Exkrementer opzerafen an an enger zouener Tuut an enger Dreckskëscht ze entsuergen. Mat dësem einfachen, awer wichtege Geste hëlleft Dir, eis Stroossen, Weeër a Gréngflächen propper ze halen an e respektvollt Matenee ze ënnerstëtzen. 🤝
__________

🇫🇷 Problème récurrent dans de nombreuses communes, les déjections canines constituent également un sujet de préoccupation à Mamer. 🐶💩 Régulièrement, des habitants signalent la présence d'excréments de chiens sur les trottoirs, les chemins, dans les parcs ou même devant des habitations. Au-delà de l'aspect désagréable, il s'agit d'un véritable enjeu pour l'hygiène, l'environnement et le vivre-ensemble. 🌳

📊 Cette infographie de la Ëmwelt Berodung Lëtzebuerg (EBL) explique en un coup d'œil pourquoi les les crottes de chien constituent une affaire « salissante » pour les personnes, les animaux et la nature. En plus des mauvaises odeurs, elles peuvent transmettre des germes et des parasites, tout en polluant les sols et les eaux. 💧

🗑️ Les propriétaires de chiens sont invités à ramasser systématiquement les déjections de leur animal et à les jeter dans une poubelle, dans un sac bien fermé. Ce geste simple, mais essentiel, contribue à préserver la propreté des rues, des chemins et des espaces verts, tout en favorisant une cohabitation respectueuse. 🤝
__________

🇬🇧 As in many other places, dog fouling remains a recurring issue in the Municipality of Mamer. Complaints are regularly received about dog waste left on pavements, footpaths, in parks and even in front gardens. 🐶💩 Beyond being unpleasant, it also poses a problem for hygiene, the environment and the quality of life in the community. 🌳

📊 This infographic by Ëmwelt Berodung Lëtzebuerg (EBL) explains at a glance why dog waste is a "dirty" issue for people, animals and nature. Besides unpleasant odours, it can spread germs and parasites while also contaminating soil and water. 💧

🗑️ Dog owners are kindly asked to pick up after their pets and dispose of the waste in a securely closed bag in the nearest litter bin. This simple yet essential gesture helps keep our streets, footpaths and green spaces clean while promoting respectful coexistence. 🤝

[OPGEPASST: HÉICH BËSCHBRANDGEFOR DUERCH DÉI LAANG DRÉCHENT!]🇱🇺 Déi laang Hëtzt- an Dréchentperioden setzen eise Bëscher...
04/08/2026

[OPGEPASST: HÉICH BËSCHBRANDGEFOR DUERCH DÉI LAANG DRÉCHENT!]
🇱🇺 Déi laang Hëtzt- an Dréchentperioden setzen eise Bëscher staark zou. Nieft der héijer Brandgefor kënne souguer Beem, déi gesond ausgesinn, duerch dréche Äscht oder aner Schied eng Gefor duerstellen. 🌲🔥

Op Recommandatioun vun Administratioun fir Natur a Bëscher, biede mir Iech fir Är eege Sécherheet an de Schutz vun der Natur:
🔥 Maacht kee Feier am Bësch oder an der direkter Ëmgéigend.
🚶 Bleift virsiichteg bei Spadséieregoen a bei Aktivitéiten am Bësch, besonnesch no Stuerm oder wann et laang net gereeent huet.
🌳 Haalt Iech am beschten op fräie Flächen op, ewech vu Beem a grousse Branchen.
🥾 Bleift op de markéierte Weeër a Trëppelweeër.

🙏 Mat e bësse Virsiicht hëllefe mir all zesummen, eis Bëscher ze schützen an Accidenter ze vermeiden.💜

📱 Weider Informatiounen an der gratis App Gemeng Mamer. Lued se erof bei Apple an Android.
___________

🇫🇷 Les périodes prolongées de chaleur et de sécheresse fragilisent fortement les forêts. En plus du risque élevé d'incendie, même des arbres qui paraissent en bonne santé peuvent représenter un danger en raison de branches mortes ou d'autres dommages. 🌲🔥

Sur recommandation de l'Administration de la nature et des forêts, nous vous demandons, pour votre sécurité et la protection de la nature, de respecter les consignes suivantes :
🔥 N'allumez aucun feu en forêt ou à proximité immédiate.
🚶 Faites preuve de prudence lors de vos promenades et activités en forêt, en particulier après des tempêtes ou de longues périodes sans pluie.
🌳 Privilégiez les espaces dégagés, à l'écart des arbres et des grosses branches.
🥾 Restez sur les chemins et sentiers balisés.

🙏 Grâce à quelques gestes de prudence, chacun peut contribuer à protéger les forêts et à prévenir les accidents. 💜

📱 Plus d'informations dans l'application gratuite Gemeng Mamer, téléchargable chez Apple et Android

___________

🇬🇧 Prolonged periods of heat and drought place forests under considerable stress. In addition to the high risk of wildfires, even trees that appear healthy may pose a danger due to dead branches or other hidden damage. 🌲🔥

Following the recommendations of the Nature and Forest Agency, we ask you to observe the following precautions for their own safety and to help protect nature:
🔥 Do not light fires in forests or in their immediate surroundings.
🚶 Exercise caution when walking or taking part in activities in the forest, especially after storms or prolonged periods without rain.
🌳 Whenever possible, stay in open areas away from trees and large branches.
🥾 Stay on marked paths and trails.

🙏 By taking a few simple precautions, everyone can help protect our forests and prevent accidents. 💜

📱More information in the free Gemeng Mamer app. Download it now from the Apple App Store and Google Play Store.



Administration de la nature et des forêts

[OFSCHLOSS VUN DE VAKANZNOMËTTEGER AN DER GEMENG MAMER]🇱🇺 Mam traditionellen Ofschlossfest um Campus Kinneksbond sinn dé...
04/08/2026

[OFSCHLOSS VUN DE VAKANZNOMËTTEGER AN DER GEMENG MAMER]
🇱🇺 Mam traditionellen Ofschlossfest um Campus Kinneksbond sinn déi zwou Woche Vakanzenaktivitéite fir d‘Grondschoulkanner vu Mamer, Capellen an Holzem op en Enn gaangen. ☀️ D‘Fräizäitnomëtteger stoungen nees ënnert dem Motto „Kanner a Beweegung“ 🏃‍♀️🤸‍♂️ mat villen Aktivitéiten an och Ausflich, wou sech esou richtegt ausgetoobt konnt ginn. D‘Kanner vum Precoce bis de Cycle 4.1 goufe vu Studenten, ënnert der Responsabilitéit vun Arcus als Bedreiwer vun der Maison Relais, betreit. 👧🧒 D‘Participanten aus dem Cycle 4.2 goufen am Jugendhaus encadréiert.

👏 Och de Buergermeeschter Luc Feller, de Schäffe Roger Negri a Gemengerotsmembere ware beim Ofschlossfest dobäi an hunn de Kanner, hiren Elteren an der ganzer Betreiungsequipe eng schéi Summervakanz gewënscht. 🌞 De Buergermeeschter Luc Feller huet bei dëser Geleeënheet och dem engagéierte Personal Merci gesot, fir deen ofwiesslungsräiche Programm, dee fir d‘Kanner zesummegestallt gi war.

💃🕺 A wat „Kanner a Beweegung“ heescht, gouf dunn och gewisen. Déi eenzel Altersgruppen hunn Dänz a Virféierunge gewise fir déi si vu Famill a Kolleege vill Applaus kruten. 👏❤️
________
🇫🇷 La traditionnelle fête de clôture organisée au Campus Kinneksbond a marqué la fin des deux semaines d’activités de vacances destinées aux enfants de l’enseignement fondamental de Mamer, Capellen et Holzem. ☀️ Les après-midis de loisirs étaient une nouvelle fois placés sous le thème « Les enfants en mouvement » 🏃‍♀️🤸‍♂️, avec de nombreuses activités et excursions permettant aux enfants de se dépenser pleinement. Les enfants du Précoce au cycle 4.1 ont été encadrés par des étudiants, sous la responsabilité d’Arcus, gestionnaire de la Maison Relais. 👧🧒 Les participants du cycle 4.2 ont quant à eux été encadrés à la Maison des Jeunes.

👏 Le bourgmestre Luc Feller, l’échevin Roger Negri ainsi que des membres du conseil communal étaient également présents lors de la fête de clôture et ont souhaité de belles vacances d’été aux enfants, à leurs parents ainsi qu’à toute l’équipe d’encadrement.
🌞 À cette occasion, le bourgmestre Luc Feller a également remercié le personnel engagé pour le programme varié qui avait été préparé pour les enfants.

💃🕺 Et la signification du thème « Les enfants en mouvement » s’est ensuite pleinement illustrée. Les différents groupes d’âge ont présenté des danses et des démonstrations qui ont été chaleureusement applaudies par leurs familles et leurs camarades. 👏❤️
________

🇬🇧 The traditional closing celebration at Campus Kinneksbond marked the end of the two-week holiday programme for primary school children from Mamer, Capellen and Holzem. ☀️ Once again, the afternoon activities were organised under the theme “Children in Motion” 🏃‍♀️🤸‍♂️, with a wide range of activities and excursions giving the children plenty of opportunities to let off steam. Children from Early Education to Cycle 4.1 were supervised by students under the responsibility of Arcus, operator of the Maison Relais. 👧🧒 Participants from Cycle 4.2 were supervised at the Youth Centre.

👏 Mayor Luc Feller, Alderman Roger Negri and members of the municipal council also attended the closing celebration and wished the children, their parents and the entire supervision team a wonderful summer holiday. 🌞 On this occasion, Mayor Luc Feller also thanked the dedicated staff for putting together such a varied programme for the children.

💃🕺 The meaning of “Children in Motion” was then demonstrated perfectly. The different age groups performed dances and presentations, earning warm applause from their families and fellow participants. 👏❤️



arcus asbl
Jugendhaus Mamer-Garnich

[DE RAOUL METTENHOVEN ALS NEIE MEMBER VUM GEMENGEROT VEREEDEGT]🇱🇺 Gëschter 28. Juli 2026 gouf de Raoul Mettenhoven (CSV)...
29/07/2026

[DE RAOUL METTENHOVEN ALS NEIE MEMBER VUM GEMENGEROT VEREEDEGT]
🇱🇺 Gëschter 28. Juli 2026 gouf de Raoul Mettenhoven (CSV) als neie Member vum Gemengerot Mamer vereedegt. Den 41 Joer ale Kiné réckelt fir de Yannick Beck no, dee säi Mandat aus beruffleche Grënn néiergeluecht huet.

De neie Conseiller huet säin Eed virum Buergermeeschter Luc Feller ofgeluecht.

Bei de Gemengewalen am Juni 2023 hat de Raoul Mettenhoven als Zéngten op der CSV-Lëscht ofgeschnidden a war Nächstgewielte vun senger Partei fir an de Gemengerot.
_________

🇫🇷 Hier 28 juillet 2026, Raoul Mettenhoven (CSV) a officiellement prêté serment en tant que nouveau membre du conseil communal de Mamer. Âgé de 41 ans et kinésithérapeute de profession, il succède à Yannick Beck, qui a renoncé à son mandat pour des raisons professionnelles.

Le nouveau conseiller communal a prêté serment devant le bourgmestre Luc Feller.

Lors des élections communales de juin 2023, Raoul Mettenhoven avait terminé dixième sur la liste du CSV et était le premier suppléant de son parti pour siéger au conseil communal.
_________

🇬🇧 Yesterday the 28th of July 2026, Raoul Mettenhoven (CSV) was officially sworn in as a new member of the Mamer Municipal Council. The 41-year-old physiotherapist succeeds Yannick Beck, who resigned from his mandate for professional reasons.

The new councillor took the oath of office before Mayor Luc Feller.

In the municipal elections of June 2023, Raoul Mettenhoven finished tenth on the CSV list, making him the first substitute candidate of his party for a seat on the Municipal Council.

[HOLZEM HUET UM DUERFFEST GEFEIERT]🇱🇺 Fir déi zweete Kéier haten d’Holzemer Veräiner, mat Ënnerstëtzung vun der Gemeng, ...
28/07/2026

[HOLZEM HUET UM DUERFFEST GEFEIERT]
🇱🇺 Fir déi zweete Kéier haten d’Holzemer Veräiner, mat Ënnerstëtzung vun der Gemeng, op hiert Duerffest op d’Place de la Résistance invitéiert.

🎉 Vill Leit – Familljen, Frënn a Noperen aus der Uertschaft an och vu méi wäit ewech – waren um Rendez-vous, fir e gemittleche Summerowend an enger geselleger Atmosphär ze verbréngen. ☀️🤝 Et gouf sech getraff, ausgetosch, gepootert an zesumme giess a gedronk. 🍔🥤 Fir déi jonk Gäscht war natierlech och gesuergt: 🎈🧸 Mat Spill- an Aktivitéitsstatiounen ass och bei hinne keng Langweil opkomm. 🎨⚽

🎶 Musikalesch huet den Duo Lungo & Mil den Owend ageleet, ier The Spaceminers mat engem ofwiesslungsräiche Programm fir beschte Stëmmung gesuergt hunn. 🎸🎤 Och de Buergermeeschter Luc Feller, d’Schäffen Roger Negri an Ed Buchette souwéi Membere vum Gemengerot hu matgefeiert. 👏

❤️ Mat vill Asaz vun de Veräinsmemberen an enger grousser Portioun Häerzblutt ass et den Holzemer schonn fir d’zweet gelongen, en Duerffest op d’Been ze stellen, dat nach laang a gudder Erënnerung bleiwe wäert. 🌟
________

🇫🇷 Pour la deuxième fois, les associations de Holzem, avec le soutien de la commune, avaient organisé leur fête du village sur la Place de la Résistance.

🎉 De nombreuses familles, amis et voisins, de Holzem comme des environs, sont venus partager une agréable soirée d’été dans une ambiance conviviale. ☀️🤝 Les visiteurs ont profité de l’occasion pour se retrouver, échanger, bavarder et partager un moment convivial autour d’un repas et d’un verre. 🍔🥤 Les plus jeunes n’ont pas été oubliés : 🎈🧸 grâce aux différents jeux et animations, ils ont eux aussi pleinement profité de la fête. 🎨⚽

🎶 Musicalement, le duo Lungo & Mil a ouvert la soirée avant que The Spaceminers n’assurent l’ambiance avec un programme varié. 🎸🎤 Le bourgmestre Luc Feller, les échevins Roger Negri et Ed Buchette ainsi que des membres du conseil communal se sont également joints aux festivités. 👏

❤️ Grâce à l’engagement des membres des associations et à leur enthousiasme, Holzem a une nouvelle fois réussi à organiser une fête de village qui restera longtemps dans les mémoires. 🌟
________

🇬🇧 For the second time, Holzem's local associations, with the support of the municipality, invited residents and visitors to the Village Festival on Place de la Résistance.

🎉 Families, friends and neighbours from Holzem and beyond gathered to enjoy a pleasant summer evening in a warm and friendly atmosphere. ☀️🤝 People met up, chatted and enjoyed food and drinks together. 🍔🥤 There was plenty for the youngest visitors as well: 🎈🧸 games and activity stations kept them entertained throughout the evening. 🎨⚽

🎶 The evening began with a performance by the duo Lungo & Mil, followed by The Spaceminers, who delighted the audience with a varied programme and great live music. 🎸🎤 Mayor Luc Feller, aldermen Roger Negri and Ed Buchette, together with members of the municipal council, also joined the celebrations. 👏

❤️ Thanks to the dedication and enthusiasm of the association members, Holzem has once again succeeded in organising a village festival that will remain a wonderful memory for a long time to come. 🌟

28/07/2026

[MATV JUNI] 📺
Mat dësen Themen:
00:22 Vernissage vun der Expo “Oh my DOG” am Park Brill zu Mamer
05:21 Meet & Ride mat Coupe Scolaire um Campus Kinneksbond zu Mamer
07:44 Nuit du Sport am Parc Brill an am Stade François Trausch zu Mamer
12:33 Fête de la Musique op der Kiercheplaz zu Mamer
24:36 Bau vu engem Insektenhotel zu Holzem
27:58 Concert vu Remembering Roger (Tribute to Roger Cicero) op der Kiercheplaz zu Mamer
29:49 Offiziell Zeremonie vu Nationalfeierdag zu Capellen
36:22 Offiziell Zeremonie vu Nationalfeierdag zu Mamer
41:41 Volleksfest am Kader vu Nationalfeierdag zu Mamer
46:50 Fête du Bénévolat op der Kiercheplaz zu Mamer
47:58 National Meeschterschaften am Cyclissem zu Mamer
55:14 Concert vun der Militärmusek zesumme mam Dave Whitehouse (A Tribute to Phil Collins) op der Kiercheplaz zu Mamer
59:22 Queen Kings (Tribute to Queen) op der Kiercheplaz zu Mamer

Adresse

1, Place De L'Indépendance
Mamer
8252

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Mardi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Mercredi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Jeudi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Vendredi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30

Téléphone

+3523100311

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Mamer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type