Gemeng Manternach

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l’organisation

Gemeng Manternach Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Gemeng Manternach, Service public, 3, Kierchewee, Manternach.

🇱🇺 🌸 D’Bestëbserstaude ginn ausgeliwwert 🐝Iwwer 200 Stéit aus eiser Gemeng hu sech un der Aktioun „Bestëbserstauden 2026...
15/10/2026

🇱🇺 🌸 D’Bestëbserstaude ginn ausgeliwwert 🐝

Iwwer 200 Stéit aus eiser Gemeng hu sech un der Aktioun „Bestëbserstauden 2026" bedeelegt — esou vill, datt mir hu missen nobestellen.

Vun haut u ginn d’Päck verdeelt: jiddereen, dee matgemaach huet, kritt seng sechs Planze virun d’Dier gesat.

Mat dëse Staude kréien d’Beien, d’Päiperleken an aner Bestëbser eng Plaz an eise Gäert. Vill kleng Flächen ergi beieneen e grousse Bäitrag fir d’Biodiversitéit an eisen Dierfer.

E grousse Merci un all déi, déi matgemaach hunn — an un d’Biologesch Statioun SIAS, déi d’Aktioun op d’Bee gestallt huet.

🇫🇷 🌸 Les vivaces pour pollinisateurs sont livrées 🐝

Plus de 200 ménages de notre commune ont participé à l’action « Plantes vivaces pollinisateurs 2026 » — si nombreux que nous avons dû passer une commande supplémentaire.

La distribution commence aujourd’hui : chaque personne inscrite reçoit ses six plantes devant sa porte. Il n’est pas nécessaire d’être chez soi.

Avec ces vivaces, les abeilles, les papillons et d’autres pollinisateurs trouvent une place dans nos jardins. Beaucoup de petites surfaces mises bout à bout forment une contribution importante à la biodiversité dans nos villages.

Un grand merci à toutes celles et ceux qui ont participé — et à la station biologique SIAS, qui a mis cette action sur pied.

🇱🇺🏅 Schüler- a Sportleréierung 2026D'Gemeng Manternach invitéiert Iech op d'Schüler- a Sportleréierung! 🎓🏆📅 E Mëttwoch, ...
15/10/2026

🇱🇺🏅 Schüler- a Sportleréierung 2026

D'Gemeng Manternach invitéiert Iech op d'Schüler- a Sportleréierung! 🎓🏆

📅 E Mëttwoch, den 21. Oktober 2026
🕖 Um 19.00 Auer
📍 Am Centre Beaurepaire zu Berbuerg

Mir éieren eis Schüler, Museker a Sportler fir hir Verdéngschter a Resultater aus dem Schouljoer an der Saison 2025-2026. 👏

Dir sidd all häerzlech agelueden, fir mat eis ze feieren! 🎉

🇫🇷🏅 Réception à l'honneur des élèves et sportifs méritants 2026

La Commune de Manternach vous invite à la réception à l'honneur des élèves et sportifs méritants ! 🎓🏆

📅 Mercredi 21 octobre 2026
🕖 À 19h00
📍 Au Centre Beaurepaire à Berbourg

Nous mettrons à l'honneur nos élèves, musiciens et sportifs pour leurs mérites et leurs résultats de l'année scolaire et de la saison 2025-2026. 👏

Vous êtes tous cordialement invités à venir faire la fête avec nous ! 🎉

🇱🇺 Commemoratiounsdag 2026 an der Gemeng ManternachE Sonndeg, den 11. Oktober 2026, ass d’Gemeng Manternach zesummekomm,...
12/10/2026

🇱🇺 Commemoratiounsdag 2026 an der Gemeng Manternach

E Sonndeg, den 11. Oktober 2026, ass d’Gemeng Manternach zesummekomm, fir un d’Affer vum Zweete Weltkrich an un d’Zäit vun der Occupatioun 1940–1945 ze erënneren.

No der Mass an der Kierch zu Manternach gouf eng G***e beim Monument aux Morts niddergeluecht, an d’Bech-Berbuerger Musek huet d’Sonnerie aux Morts gespillt.

A senger Ried huet de Schäffe Claude Theisen un d’Meedercher a Jonge vu Manternach erënnert, déi am Zweete Weltkrich fir d’Fräiheet hiert Liewe gelooss hunn. Hien huet och un alleguer déi erënnert, wou an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert, an de Reichsarbeitsdienst geschéckt, an a Ghettoen deportéiert gi waren. Dëse Leit hir Nimm goufe mam Hiweis op d’Haiser, wou se hierkomm waren, virgelies. Hien huet och un d’Gendaarme Schammo a Kneip erënnert, déi bei enger vun den éischte Schéissereie mat engem Kommando vun der Wehrmacht tëschent Manternach a Mäertert schwéier blesséiert goufen. Zum Schluss goufen nach d’Nimm vu véier amerikaneschen Zaldoten opgezielt, déi tëschent Dezember 1944 a Januar 1945 zu Berbuerg an zu Manternach hiert Liewe fir eis Fräiheet ginn hunn. Uschléissend huet d’Musek d’Heemecht gespillt.

Duerno goufen och zu Mënjecker, Lelleg a Berbuerg G***en niddergeluecht, an de Gesangveräin huet d’Heemecht gesongen.

E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren.

Fir datt mir ni vergiessen.

🇫🇷 Journée de la Commémoration nationale 2026 dans la Commune de Manternach

Le dimanche 11 octobre 2026, la Commune de Manternach s’est réunie pour honorer la mémoire des victimes de la Seconde Guerre mondiale et rappeler la période de l’occupation 1940–1945.

Après la messe en l’église de Manternach, une g***e a été déposée au Monument aux Morts et la Bech-Berbuerger Musek a joué la Sonnerie aux Morts.

Dans son discours, l’échevin Claude Theisen a rendu hommage aux jeunes femmes et aux jeunes hommes de Manternach qui ont donné leur vie pour la liberté pendant la Seconde Guerre mondiale. Il a également évoqué la mémoire de toutes celles et de tous ceux qui ont été enrôlés de force dans la Wehrmacht, envoyés au Reichsarbeitsdienst et déportés dans des ghettos. Leurs noms ont été lus, avec la mention de la maison dont chacun était issu. Il a aussi rappelé le souvenir des gendarmes Schammo et Kneip, grièvement blessés lors de l’un des premiers échanges de tirs avec un commando de la Wehrmacht entre Manternach et Mertert. Pour terminer, les noms de quatre soldats américains, qui ont donné leur vie pour notre liberté à Berbourg et à Manternach entre décembre 1944 et janvier 1945, ont été cités. La société de musique a ensuite joué l’hymne national.

Des g***es ont également été déposées à Münschecker, Lellig et Berbourg, et la chorale a chanté l’hymne national.

Un grand merci à toutes les personnes présentes.

Pour ne jamais oublier.

07/10/2026
*Reminder*🇱🇺 🛋️🚮 Sperrmüllsammlung an der Gemeng ManternachE Mëttwoch, den 7. Oktober 2026, ass ab 8h00 Auer Sperrmüllsa...
05/10/2026

*Reminder*

🇱🇺 🛋️🚮 Sperrmüllsammlung an der Gemeng Manternach

E Mëttwoch, den 7. Oktober 2026, ass ab 8h00 Auer Sperrmüllsammlung an der Gemeng Manternach.

👉 Wann Dir Sperrmüll hutt, deen ewech soll, biede mir Iech, bis spéitstens den Dag virdrun, also e Dënschdeg, den 6. Oktober, um 12h00 Auer, eng Demande mat Ären Donnéeën op [email protected] ze schécken. Esou kann de Service technique den Oflaf organiséieren.

💶 Fir all ugefaangene m³ kritt Dir no der Kollekt 20.- € verrechent. D'Reglement dozou fannt Dir op eisem Site www.manternach.lu.

♻️ All 3. Samschdeg am Mount kënnt Dir Äre Sperrmüll och weiderhin gratis an eisem Recycling Center zu Berbuerg ofginn.

📱💡 Tipp: Behaalt den Offallkalenner ëmmer am Bléck – mat der gratis App „Mäin Offall – Meng Ressourcen"!
📲 D'App erënnert Iech automatesch un d'Collecten – einfach installéieren a mat Zäit erausstellen!
📍 Am AppStore & GooglePlay! .lu

https://manternach.lu/sperrmullsammlung-ramassage-des-dechets-encombrants-2/

🇫🇷 🛋️🚮 Ramassage des déchets encombrants dans la Commune de Manternach

Le ramassage des déchets encombrants aura lieu le mercredi 7 octobre 2026 à partir de 8h00.

👉 Les personnes qui désirent que leurs déchets soient ramassés sont priées d'introduire leur demande au plus t**d la veille, soit le mardi 6 octobre à 12h00, par e-mail à [email protected], en indiquant leurs coordonnées, afin que le Service technique puisse organiser la collecte.

💶 Un montant de 20.- € par m³ entier ou entamé vous sera facturé après la collecte. Vous trouverez le règlement y relatif sur notre site www.manternach.lu.

♻️ Vous pouvez toujours déposer gratuitement vos déchets encombrants à notre Centre de recyclage à Berbourg, chaque 3e samedi du mois.

📱💡 Astuce : Gardez toujours un œil sur le calendrier des collectes – avec l'application gratuite « Mäin Offall – Meng Ressourcen » !
📲 L'app vous rappelle automatiquement les collectes – il suffit de l'installer et de sortir les poubelles à temps !
📍 Disponible sur l'AppStore & GooglePlay ! .lu

🇱🇺 Commémoration nationale 2026De Schäffen- a Gemengerot invitéiert Iech, bei de Gedenkfeiere vun der Commémoration nati...
02/10/2026

🇱🇺 Commémoration nationale 2026

De Schäffen- a Gemengerot invitéiert Iech, bei de Gedenkfeiere vun der Commémoration nationale dobäi ze sinn. Dëst ass en Dag, deen eis all Joer un d'Zäit vun der Occupatioun 1940–1945 erënnert.

Fir d'Bedeitung vun dësem Dag z'ënnersträichen, sinn e Sonndeg, den 11. Oktober 2026, follgend Gedenkfeiere virgesinn:

Manternach
9h00 – Mass an der Kierch zu Manternach
9h45 – Cortège bei de Monument aux Morts, Néierleeë vun enger G***e, Ried, Gedenkminutt a Sonnerie aux Morts, ofschléissend d'Heemecht

Uschléissend an deenen 3 aneren Dierfer
Néierleeë vun enger G***e, Gedenkminutt an ofschléissend d'Heemecht
Mënjecker: 10h15
Lelleg: 10h35
Berbuerg: 11h05

De Schäfferot
Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter
Claude Theisen an Alix Klein-Ungeheuer, Schäffen

https://manternach.lu/events/commemoratiouns-dag-110/

🇫🇷 Commémoration nationale 2026

Le collège des bourgmestre et échevins et le conseil communal vous invitent à assister aux cérémonies de la Commémoration nationale. Cette journée nous rappelle chaque année la période de l'occupation 1940–1945.

Afin de souligner l'importance de cette journée, les cérémonies suivantes sont prévues le dimanche 11 octobre 2026 :

Manternach
9h00 – Messe en l'église de Manternach
9h45 – Cortège vers le Monument aux Morts, dépôt d'une g***e, discours, minute de silence et Sonnerie aux Morts, pour terminer avec l'hymne national

Ensuite dans les 3 autres villages
Dépôt d'une g***e, minute de silence et, pour terminer, l'hymne national
Münschecker : 10h15
Lellig : 10h35
Berbourg : 11h05

Le collège des bourgmestre et échevins
Jean-Pierre Hoffmann, bourgmestre
Claude Theisen et Alix Klein-Ungeheuer, échevins

Ville de Grevenmacher✅ ENTWARNUNG – POTASCHBIERGD’Fligerbomm um Potaschbierg gouf erfollegräich entschäerft. 💣✅🚗 De Rond...
28/09/2026

Ville de Grevenmacher

✅ ENTWARNUNG – POTASCHBIERG
D’Fligerbomm um Potaschbierg gouf erfollegräich entschäerft. 💣✅
🚗 De Rond-point um Potaschbierg ass nees fir de Verkéier op.
Merci fir Äert Versteesdemech an un all déi bedeelegt Servicer fir hire séieren Asaz! 🙏

⚠️ WICHTEG INFORMATIOUN – POTASCHBIERG ⚠️
Um Potaschbierg gouf eng Fliigerbomm aus dem Zweete Weltkrich fonnt. 💣

🚨 D’Bomm gëtt haut um 13:00 Auer kontrolléiert gesprengt.
⛔ De Rond-point um Potaschbierg ass aus Sécherheetsgrënn gespaart.
👉 Mir bieden Iech, d’Géigend onbedéngt ze meiden an d’Uweisunge vun den Autoritéiten a Rettungsdéngschter ze respektéieren.
📢 Weider Informatioune gi kommunizéiert, soubal se disponibel sinn.

⚠️ WICHTEG INFORMATIOUN – POTASCHBIERG ⚠️

Um Potaschbierg gouf eng Fliigerbomm aus dem Zweete Weltkrich fonnt. 💣

🚨 D’Bomm gëtt haut um 13:00 Auer kontrolléiert gesprengt.

⛔ De Rond-point um Potaschbierg ass aus Sécherheetsgrënn gespaart.

👉 Mir bieden Iech, d’Géigend onbedéngt ze meiden an d’Uweisunge vun den Autoritéiten a Rettungsdéngschter ze respektéieren.

📢 Weider Informatioune gi kommunizéiert, soubal se disponibel sinn.

🇱🇺 🔧 Repair Café zu BerbuergE Samschdeg, den 19. September, war de Repair Café am Beaurepaire nieft dem mobile Recycling...
28/09/2026

🇱🇺 🔧 Repair Café zu Berbuerg

E Samschdeg, den 19. September, war de Repair Café am Beaurepaire nieft dem mobile Recycling zu Berbuerg. E flotte Moien - mat ville Leit, ville futtis Saachen a gudder Laun.

📦 13 Apparater goufe bruecht
✅ 8 dovu konnten direkt gefléckt ginn
🔩 2 brauchen en Ersatzstéck oder mussen entkallekt ginn
❌ 3 konnte mir leider net méi retten

🔌 A grad dat, wat d'Leit bei d'Recycling bruecht hunn, huet eis dobäi gehollef: Kabelen, Schalteren an Adapteren aus alen Apparater konnte mir direkt erëm verwenden, fir aner Saachen ze flécken.

E grousse Merci un all déi, déi gefléckt hunn, un d'Ekipp um Accueil an un all déi Leit, déi hir futtis Saache bruecht hunn. E spezielle Merci geet un de Repair Café vu Jonglënster, deen eis spontan e Repairer geschéckt huet.

♻️ 8 Apparater, déi net an den Offall gaange sinn. Dat ass de Repair Café. Bis d'nächst Kéier!

🔧 Gefält Iech d'Konzept vum Repair Café an Dir wëllt gär hëllefen? Da kontaktéiert eis! 👉 www.repaircafe.lu/de/reparateur-werden

👉 Repair Café Luxembourg · www.repaircafe.lu


🇫🇷 🔧 Repair Café à Berbourg

Samedi 19 septembre, le Repair Café s'est tenu au Beaurepaire, à côté du centre de recyclage mobile à Berbourg. Une belle matinée - avec beaucoup de monde, beaucoup d'objets cassés et de la bonne humeur.

📦 13 appareils apportés
✅ 8 réparés sur place
🔩 2 nécessitent une pièce de rechange ou un détartrage
❌ 3 n'ont malheureusement pas pu être sauvés

🔌 Et c'est justement ce que les gens ont apporté au recyclage qui nous a aidés : des câbles, des interrupteurs et des adaptateurs récupérés sur de vieux appareils ont pu être réutilisés directement pour en réparer d'autres.

Un grand merci à toutes celles et ceux qui ont réparé, à l'équipe de l'accueil et à toutes les personnes qui ont apporté leurs objets cassés. Un merci tout particulier au Repair Café de Junglinster, qui nous a spontanément envoyé un réparateur.

♻️ 8 appareils qui ne finissent pas à la poubelle. C'est ça, le Repair Café. À la prochaine !

🔧 Le concept du Repair Café vous intéresse et vous souhaitez vous investir ?
Rejoignez-nous! 👉 www.repaircafe.lu/devenir-reparateur

Adresse

3, Kierchewee
Manternach
6850

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mardi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mercredi 08:30 - 11:30
Jeudi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Vendredi 08:30 - 11:30

Téléphone

+352 - 71017221

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Manternach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Manternach:

Raccourcis

Partager

Catégorie