La politique n'a pas réussi, ces dernières décennies, à façonner un centre attractif où les gens d'ici et d'ailleurs aimeraient passer du temps. Personne ne vient à Mersch pour Mersch. Notre plus grand atout est le parc, mais il est très peu connu au-delà de Mersch. Il n'est pas assez animé avec de la culture, de la gastronomie variée et saine et avec une participation active des citoyen(nes). Mer
sch ne sort pas non plus des chantiers, avec les travaux interminables à la gare et le nouveau quartier derrière, ou des chantiers plus superflus comme un cinquième supermarché au Mierscherbierg ou une nouvelle rue avec des boites d’habitation derrière la rue Bouvart. Pourquoi ne sommes-nous pas consultés pour des interventions aussi profondes dans notre espace de vie et celui des animaux qui vivent ici? Cette politique dans le seul intérêt des puissants dans la branche immobilière doit prendre fin. Dans le commerce, il faudrait aussi encourager plus d'enseignes locales et régionales, notre rue commerçante n'est pas digne de ce nom. Pour une vie meilleure à Mersch, la participation citoyenne doit être cultivée, celle de tout le monde, pas seulement des Merschois(es) établi(e)s, mais aussi des jeunes, des étrangers, des réfugiés et des nouveaux habitants, dont on aura bientôt une augmentation massive. Contre la croissance quantitative, vers une vie meilleure à Mersch. Mersch est aussi sérieusement poussiéreuse et démodée, ce qu’on ne constate rien qu'en regardant les fêtes officielles, qui datent d'un autre millénaire. Là aussi, les jeunes, les étrangers et ceux qui ne vivent pas dans le mainstream sont les grands oubliés. déi Lénk n'ont certainement pas une réponse à toutes les questions, mais ils ne font pas semblant non plus. Pour Mersch, nous voulons créer une nouvelle section qui ne pourra certes pas tout changer du jour au lendemain, mais qui veut apporter une nouvelle voix et un nouvel arôme dans la politique communale figée. C'est pourquoi nous voulons savoir de vous : Que souhaitez-vous pour Mersch? Les enfants, les jeunes, les adultes et les gens âgés… tous peuvent contribuer à ce nouveau programme pour Mersch. Plus social. Plus écologique. Plus humaniste. Plus participatif. Miersch ass eng grouss Kräizung, wou d'Leit mam Auto duerch fueren oder just als Sortie op der Autobunn kennen. D'Politik huet et an de leschte Joerzéngten net fäerdeg bruecht, en attraktiven Zentrum ze gestalten, wou d'Leit vun hei, an och vu baussen, gären Zäit verbrénge géifen. Et kënnt keen op Miersch wéinst Miersch. Dat Bescht wat mer hunn, ass eise Park, ma och deen ass kaum no bausse bekannt. E gëtt net genuch belieft mat Kultur, mat villsäiteger a gesonder Gastronomie a mat aktiver Bedeelegung vun de Bierger. Miersch kënnt och net aus de Chantieren eraus, den endlosen Aarbechten op der Gare, dem neie Quartier hannendrun, oder méi iwwerflësseg Chantieren, wéi engem 5. Supermarché um Mierscherbierg, oder enger neier Gaass mat Wunnkëschten hannert der Bouvart-Strooss. Wéi wär et, wa mir gefrot géifen fir sou déifgräifend Agrëff an eise Liewensraum an deen vun den Déieren, déi hei liewen? Des Politik, réng am Interessi vun den Décken aus der Immobiliëbranche, muss ophéieren. Am Commerce sollen och méi lokal a regional Geschäfter an Artisanat encouragéiert ginn, eis Geschäftsstroos ass deen Numm net wäert. Fir e bessert Liewen zu Miersch, muss méi Biergerbedeelegung gefërdert ginn, an zwar vun alle Bierger.innen, net just den etabléierte Mierscher.innen, och deene Jonken, den Auslänner, de Flüchtlingen an den neien Awunner, vun deenen der geschwënn nach massiv derbäi kommen. Ewech vum quantitative Wuesstem, Richtung bessert Liewen zu Miersch. Miersch ass och zolidd verstëbst an almoudesch, dat gesäit een aleng un den ëffentleche Fester, déi aus engem anere Joerdausend stamen. Och hei ginn déi Jonk, d'Auslänner, an déi, déi net am Mainstream liewen, am Reen stoe gelooss. déi Lénk hu sécher net op all Froen eng Äntwert, ma si maachen och net wéi wann. Fir Miersch grënne mir gär eng nei Sektioun, déi bestëmmt net vun haut op muer alles verännere kann, ma déi eng nei Stëmm an neien Aroma an déi steif Gemengepolitik brénge wëllt. Dofir wëlle mir vun Iech wëssen : wat wënscht Dir Iech fir Miersch ? Kanner, Jonker, Erwuessener, eeler Leit… all solle matschwätze kënnen, bei engem neie Programm fir Miersch. Méi sozial. Méi ekologesch. Méi humanistesch. Méi zesummen.