05/01/2025
🇱🇺 Héichwaasserrisiko / Äerdrutsch tëscht Essen a Cruuchten
Wéinst dem ville Reen an de leschte Stonnen, huet de Peegel vun der Uelzecht een alarmanten Niveau erreecht.
Meteolux huet e Sonndeg matdeelt, dass dat ganzt Land an d'Vigilance Orange fir Héichwaasser gesat ginn ass. Gewarnt gëtt och, datt et e Méindegowend vu 7 Auer un och zu staarkem Wand mat Wandvitesse vu bis zu 90 Stonnekilometer komme kann.
Autoen aus de Parkinger Schlasspech a Lohr eraushuelen
Aus Sécherheetsgrënn ass de Mierscher Park zou. D’Automobiliste sollen hiert Gefier direkt aus de Parkinger Schlasspech, Lohr a Rue de Gosseldange eraushuelen. Donieft sollen d’Awunner aus der Impasse Kayser an dem Lieu-dit Larei zu Miersch e besonnescht A op d’Peegelstänn hunn.
Äerdrutsch op der Streck Essen – Cruuchten
Wéinst dem ville Reen ass de Sonndegmëtten een Deel vum Hang op der Streck Essen – Cruuchten an d’Strooss gerutscht. Bis op Weideres bleift den CR123 fir de Verkéier gespaart. De Buedem an d’Beem musse geraumt ginn.
Risiko vun Iwwerschwemmung géint Mëtternuecht
Laut den aktuelle Wiederprevisiounen (5.Januar um 17h00), klëmmt d’Uelzecht haut den Owend géint 18:00h bis op d’Cote de préalerte.
Géint Mëtternuecht soll esouguer d’Cote d’alerte zu Miersch areecht ginn.
Am Laf vun der Nuecht gëtt mat engem nach méi héije Peegelstand gerechent.
D’Gemeng Miersch réit de Bierger, d’Peegelstänn reegelméisseg op den offizielle Sitten ze consultéieren:
www.inondations.lu
www.meteolux.lu
🇫🇷 Risque d'inondations & glissement de talus
Suite aux fortes pluies des dernières heures, le niveau atteint de l’Alzette est préoccupant.
Meteolux a relevé l'alerte aux inondations à l'orange pour l'ensemble du pays. De plus, une alerte jaune au vent est en vigueur pour lundi.
Voitures à sortir des parkings Schlasspech et Lohr
Par mesure de sécurité l'accès au parc communal à Mersch est fermé. Les automobilistes doivent immédiatement sortir leur véhicule des parkings Schlasspech, Lohr et Rue de Gosseldange. En outre, les habitants de la rue Impasse Kayser et du lieu-dit Larei à Mersch sont particulièrement priés de contrôler le niveau d'eau.
Glissement du talus entre Essen et Cruchten
En raison de fortes pluies, une partie du talus sur la route CR123 entre Essen et Cruchten s’est effondrée ce dimanche après-midi sur la chaussée. La route est fermée jusqu’à nouvel ordre. Elle doit être dégagée de la terre et des arbres.
Risque d'inondations important vers minuit
Sur l'Alzette, les niveaux d'eau atteindront la « cote de préalerte » vers 18h00 aux stations de mesure à Mersch.
Les niveaux d'eau actuels et les prévisions indiquent même un dépassement de la « cote d'alerte » à partir minuit à Mersch.
Au cours de la nuit, le niveau d'eau continuera à grimper.
Au regard des prévisions météorologiques, la Commune de Mersch appelle tous les citoyens à bien observer la progression des niveaux d’eau.
Veuillez consulter régulièrement les sites officiels
www.inondations.lu
www.meteolux.lu
Photo: unsplash.com