23/07/2026
🎪🎠 Sport- a Spillfest 2026 – Motto: „Zirkus & Kiermes“ 🎠🎪
Den 20. Juni 2026 hunn d'Schüler*innen vun der Klass 1SGED06 vum LTPES mat vill Engagement, Kreativitéit a Begeeschterung e flotte Sport- a Spillfest ënnert dem Motto „Zirkus & Kiermes“ organiséiert. 🤹♀️🎡✨
Kanner am Alter vun 3 bis 12 Joer konnten op ville spannende Statiounen hir Geschécklechkeet a Sportlechkeet ënner Beweis stellen, spillen, laachen a gemeinsam eng onvergiesslech Zäit verbréngen. 🎯🏃♀️🎪🍭
Mir soen e grousse Merci un all d'Kanner, Elteren a Begleeder fir hir Präsenz an hir gutt Stëmmung. E spezielle Merci geet un d'Schüler*innen vun der 1SGED06, déi dësen Dag mat vill Häerzblutt geplangt, organiséiert a begleet hunn. ❤️👏
E ganz besonnesche Merci geet och un de Sportkrees Atert fir säi wäertvollen Asaz an seng Ënnerstëtzung. Ausserdeem bedanke mir eis beim ALR fir d'Bereetstelle vun der Infrastruktur an dem Material, déi zum Erfolleg vun dësem flotte Projet bäigedroen hunn. 🙏✨
Et war e gelongenen Dag voller Beweegung, Freed a schéine Momenter! 🌟
🎪🎠🤹♂️🏃♀️🍿✨