SICONA - Naturschutzsyndikat

SICONA - Naturschutzsyndikat Syndicats intercommunaux du Centre & du Sud-Ouest pour la Conservation de la Nature Wëllkomm um Facebook-Site vu SICONA!

Hei fann dir aktuell Veranstaltungen an Noriichte ronderëm den Naturschutzsyndikat SICONA!

Merci RTL Lëtzebuerg fir de Besuch an de flotte Reportage iwwert d'Insekten an dësen ongewinnt héijen Temperaturen! 💚🐝🦋💚
13/08/2026

Merci RTL Lëtzebuerg fir de Besuch an de flotte Reportage iwwert d'Insekten an dësen ongewinnt héijen Temperaturen! 💚🐝🦋💚

D’Päiperleken, d’Hunneg- oder Wëllbeien, d’Harespelen, d’Mécken an, net ze vergiessen, d’Kiewerleken – och eis Insekte leiden ënnert den ongewinnt héijen Temperaturen a riskéieren esouguer, e reegelrechte Schock duerch d’Hëtzt ze kréien.

𝐇𝐨𝐜𝐡 𝐡𝐢𝐧𝐚𝐮𝐬 𝐟𝐢𝐫 𝐝𝐞 𝐖𝐚𝐧𝐝𝐞𝐫𝐟𝐚𝐥𝐥𝐞𝐤!⬆🦅E spektakuläre Chantier vun eisem Service technique zu Leideleng: Op ganzen 41 Meter H...
12/08/2026

𝐇𝐨𝐜𝐡 𝐡𝐢𝐧𝐚𝐮𝐬 𝐟𝐢𝐫 𝐝𝐞 𝐖𝐚𝐧𝐝𝐞𝐫𝐟𝐚𝐥𝐥𝐞𝐤!⬆🦅

E spektakuläre Chantier vun eisem Service technique zu Leideleng: Op ganzen 41 Meter Héischt gouf hei eng Këscht fir e Wanderfallek (𝐹𝑎𝑙𝑐𝑜 𝑝𝑒𝑟𝑒𝑔𝑟𝑖𝑛𝑢𝑠) opgehaang!🙌 Dëse Gräifvull ass dagdeeglech beim Waassertuerm ze gesinn, wouduerch den Effort him hei seng eege Këscht opzehänken sech och definitiv lount.🧰👍 Souguer wärend den Aarbechten ass de Fallek bis luusse komm!👀 Och nennenswäert: D’Këscht gouf am Atelier technique vun de SICONA-Leit selwer gebaut.💪🔨

De Wanderfallek huet an den 1970er Joren zu Lëtzebuerg als ausgestuerwe gegëllt, bis an de spéiden 90er da rëm déi éischt Bruttkoppelen dokumentéiert goufen.🪺 Haut gëlle seng Bruttplazen als geschützt, seng Populatioun gëtt awer weiderhin als vulnerabel agestuuft. Dofir ass et wichteg, dës Aart weiderhin ze ënnerstëtzen.💚

🤝Commune de Leudelange

𝐅𝐨𝐫𝐦𝐚𝐭𝐢𝐨𝐮𝐧 𝐳𝐮 𝐧𝐚𝐭𝐮𝐫𝐧𝐨𝐞 𝐆𝐫𝐞́𝐧𝐠𝐟𝐥𝐚̈𝐜𝐡𝐞 𝐟𝐢𝐫 𝐆𝐚̈𝐞𝐫𝐭𝐧𝐞𝐫!🪏🌱Als Partner vun der Campagne „Sans Pesticides“ hält och de SICONA e...
11/08/2026

𝐅𝐨𝐫𝐦𝐚𝐭𝐢𝐨𝐮𝐧 𝐳𝐮 𝐧𝐚𝐭𝐮𝐫𝐧𝐨𝐞 𝐆𝐫𝐞́𝐧𝐠𝐟𝐥𝐚̈𝐜𝐡𝐞 𝐟𝐢𝐫 𝐆𝐚̈𝐞𝐫𝐭𝐧𝐞𝐫!🪏🌱

Als Partner vun der Campagne „Sans Pesticides“ hält och de SICONA ee Kuer am Kader vun dëser Formatioun. D’Plaze si begrenzt, mellt Iech elo un!📝

- Fortbildung Naturnahe Grünflächen für Gärtner.innen-

🐜 Seit Monaten arbeiten wir an einem besonderen Angebot für euch : der ersten Fortbildung in Luxemburg zur fachgerechten Planung, Gestaltung und Pflege naturnaher Grünflächen.

📑In 5 Modulen erwerben die Teilnehmer.innen fundiertes Fachwissen von Expert.innen zur naturnahen Gestaltung und zum Bau von Grünflächen, lernen einheimische Pflanzen kennen und entwickeln ein grundlegendes Verständnis für die ökologischen Zusammenhänge, die naturnahe Anlagen prägen.

Die Module finden teils online und teils vor Ort statt und werden auf Luxemburgisch und Deutsch angeboten. Sie richten sich an ausgebildete Gärtner (m/w/d) mit abgeschlossener Berufsausbildung (DAP, DT, Brevet de maîtrise), geschäftsführende oder teamleitende Personen privater Unternehmen, leitende Mitarbeitende von Gemeinden und Ämtern, Menschen mit praktischen Vorkenntnissen.

📅 Anmeldungsfrist : 15. September 2026 über [email protected]

Nach der Anmeldung erhalten Sie zeitnah einen Fragebogen zur Erfassung Ihrer Daten und Erfahrungen. Nach einer ersten Auswertung wird mit Ihnen ein Termin für ein telefonisches oder persönliches Gespräch vereinbart, um Ihre Eignung für die Fortbildung zu prüfen.
👥 Die Teilnehmerzahl ist auf 15 Personen begrenzt. Bei großem Interesse besteht die Möglichkeit, sich auf die Warteliste für die nächste Ausgabe setzen zu lassen.

Diese Fortbildung wird vom Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité unterstützt, von der EBL koordiniert, von der Kampagne Ouni Pestiziden getragen, von der NaturGarten e.V. - Verein für naturnahe Garten- und Landschaftsgestaltung durchgeführt und vom attestiert.

👉 Alle weiteren Informationen zur Fortbildung : www.ounipestiziden.lu > Fortbildung

𝐀̈𝐫 𝐇𝐞𝐞𝐫𝐞𝐬𝐞𝐫𝐯𝐞 𝐠𝐢 𝐤𝐧𝐚𝐩𝐩? 𝐅𝐚𝐧𝐧𝐭 𝐇𝐞𝐞 𝐚𝐮𝐬 𝐀̈𝐫𝐞𝐫 𝐆𝐞́𝐢𝐠𝐞𝐧𝐝 𝐨𝐩 𝐡𝐞𝐞.𝐥𝐮!🌾📍Déi sech widderhuelend Hëtztwellen an déi laang Dréche...
11/08/2026

𝐀̈𝐫 𝐇𝐞𝐞𝐫𝐞𝐬𝐞𝐫𝐯𝐞 𝐠𝐢 𝐤𝐧𝐚𝐩𝐩? 𝐅𝐚𝐧𝐧𝐭 𝐇𝐞𝐞 𝐚𝐮𝐬 𝐀̈𝐫𝐞𝐫 𝐆𝐞́𝐢𝐠𝐞𝐧𝐝 𝐨𝐩 𝐡𝐞𝐞.𝐥𝐮!🌾📍

Déi sech widderhuelend Hëtztwellen an déi laang Dréchent ☀setzen dem Gréngland staark zou. Op ville Plaze fält d'Recolte vum Hee dëst Joer däitlech méi kleng aus – dëst mécht sech och bei den Heereserven bemierkbar.📉

Falls och Dir op zousätzlecht Hee fir Är Déieren ugewise sidd, da kuckt op der Heebourse ënnert hee.lu!👍 Déi sëlleg Filterméiglechkeete vun der interaktiver Kaart erliichteren d’Sich z. B. no verschidde Bottegréissten oder Qualitéiten.🗺 Sou kënnt Dir ganz einfach héichwäertegt Hee aus Ärer Géigend fannen!😍

Kuckt elo op hee.lu a fëllt Äre Stock mat passendem Hee aus Lëtzebuerg!🇱🇺

📷: (c) SICONA, S. Schneider

Schonns iwwert 20 Joer dréit de SICONA den „SDK-Label Betriber“ - ganz einfach well een ëmweltbewossten Offallmanagement...
10/08/2026

Schonns iwwert 20 Joer dréit de SICONA den „SDK-Label Betriber“ - ganz einfach well een ëmweltbewossten Offallmanagement fir eis selbstverständlech ass. 💚

Dëse Label bedeit, dat mir eis am Alldag dofir asetzen, onnéidegen Offall ze vermeiden an den Offall uerdnungsgeméiss trennen. ♻️

𝐖𝐞 𝐧𝐞𝐞𝐝 𝐲𝐨𝐮! 🫵Pour renforcer notre équipe nous cherchons:1 Conseiller Pacte Nature (m/f/d)(CDD, 40h/semaine)Plus d'infos...
08/08/2026

𝐖𝐞 𝐧𝐞𝐞𝐝 𝐲𝐨𝐮! 🫵

Pour renforcer notre équipe nous cherchons:
1 Conseiller Pacte Nature (m/f/d)
(CDD, 40h/semaine)

Plus d'infos sur notre site 👉 https://sicona.lu/jobs/

𝐀𝐚𝐫𝐭𝐞𝐬𝐜𝐡𝐮𝐭𝐳 𝐒𝐭𝐞𝐞𝐤𝐚𝐮𝐳 🦉Zënter méi wéi 25 Joer engagéiert sech de SICONA fir de Schutz vum Steekauz. Wärend dës Aart um Uf...
06/08/2026

𝐀𝐚𝐫𝐭𝐞𝐬𝐜𝐡𝐮𝐭𝐳 𝐒𝐭𝐞𝐞𝐤𝐚𝐮𝐳 🦉
Zënter méi wéi 25 Joer engagéiert sech de SICONA fir de Schutz vum Steekauz. Wärend dës Aart um Ufank vum Schutzprogramm nach als staark gefäerdet gegëllt huet, ass si haut dank de ville Schutzmoossnamen net méi vum Ausstierwe bedrot.💚

E puer Zuele fir d‘Saison 2026:

🦉 22 Bruttkoppelen am SICONA-Gebitt
🐣 52 jonk Kauze beréngt
🌿 10 SICONA-Gemenge besidelt

Am Verglach zu 2025 hu mir dëst Joer leider 3 Bruttkoppele manner gezielt a 17 jonk Kauze manner beréngt. ⚠

Eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir de Steekauz bleift de Mangel u Fudder, besonnesch u klenge Mamendéieren, déi wichteg si fir d'Ernierung vun den Adulten awer och de jonke Kauze wärend der Bruttsaison.

Fir optimal Liewensbedéngungen ze schafen, ass et wichteg, datt d'Weeden am Ëmkrees vu sengem Revéier schonns ab Mëtt Abrëll beweed ginn. Sou bleiwen niddreg Vegetatiounsstrukturen erhalen – eng wichteg Viraussetzung, fir datt de Steekauz erfollegräich joe kann. 🐭🐭

🤩 𝐁𝐞𝐬𝐨𝐧𝐧𝐞𝐬𝐜𝐡 𝐬𝐜𝐡𝐞́𝐢𝐧 𝐚𝐦 𝐀𝐮𝐠𝐮𝐬𝐭: 𝐝’𝐇𝐞𝐞𝐝 𝐳𝐮 𝐆𝐫𝐨𝐮𝐬𝐬𝐛𝐮𝐬-𝐖𝐚𝐥 ☀️Grad elo am August bidde si e wonnerschéine Bléiaspekt, wann d...
05/08/2026

🤩 𝐁𝐞𝐬𝐨𝐧𝐧𝐞𝐬𝐜𝐡 𝐬𝐜𝐡𝐞́𝐢𝐧 𝐚𝐦 𝐀𝐮𝐠𝐮𝐬𝐭: 𝐝’𝐇𝐞𝐞𝐝 𝐳𝐮 𝐆𝐫𝐨𝐮𝐬𝐬𝐛𝐮𝐬-𝐖𝐚𝐥 ☀️

Grad elo am August bidde si e wonnerschéine Bléiaspekt, wann d‘Gewéinlecht Heedekraut (𝐶𝑎𝑙𝑙𝑢𝑛𝑎 𝑣𝑢𝑙𝑔𝑎𝑟𝑖𝑠) hell violett blitt 🪻 D’Heeden sinn e bedroten, europäesch an national geschützte Liewensraum. Et ginn nëmmen nach wéineg vun dëse Flächen am Land. 😮
𝑂𝑝 𝑑𝑒𝑟 𝑁𝑒𝑖𝑤𝑖𝑠𝑠 stoungen eng Rei Fichten, déi vum Borkekäfer befall waren an hu missten fort 🌲🪵 Aplaz gouf zesummen mat der Fondation Hëllef fir d'Natur dunn eng Heed op de 50 Ar vum SICONA ugeluecht 🫘 Déi iewescht Schicht Buedem gouf ofgedroen fir datt e manner Nährstoffer dréit a fir ideal Keimbedingungen 🌱 fir de Som ze schafen, déi vun enger anerer Heedfläch koumen.🐑 Gefleegt gëtt d’Fläch vun de léiwe Schof, déi en plus - vu Fläch zu Fläch - als Som-Taxi dengen.

De Projet war Dank der Gemeng, dem Besëtzer, der Natur- a Bëschverwaltung an der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère méiglech.

Gemeng Groussbus-Wal
Administration de la nature et des forêts

𝐓𝐡𝐞𝐦𝐚 𝐯𝐮𝐦 𝐌𝐨𝐮𝐧𝐭: 𝐁𝐥𝐮𝐦𝐦𝐞𝐰𝐢𝐬𝐬!🌼Et ass erëm souwäit!⏰ Ab elo kënnt Är Blummewiss uleeë fir am nächste Fréijoer eng wonnersc...
04/08/2026

𝐓𝐡𝐞𝐦𝐚 𝐯𝐮𝐦 𝐌𝐨𝐮𝐧𝐭: 𝐁𝐥𝐮𝐦𝐦𝐞𝐰𝐢𝐬𝐬!🌼

Et ass erëm souwäit!⏰ Ab elo kënnt Är Blummewiss uleeë fir am nächste Fréijoer eng wonnerschéi Bléiepracht ze bewonneren.🌸😍 Tipps an Tricks fir datt dat geléngt fannt Dir hei: https://sicona.lu/blumenwiese-anlage-und-pflege/ 💡

⚠𝐎𝐩𝐠𝐞𝐩𝐚𝐬𝐬𝐭: Wéint der Hëtzt☀ an dem feelende Reen🌧️ ass de Buedem aktuell immens dréchen. Waart dofir am beschten op de nächste gudde Schluet, iert Dir ausséit.💦 Mee keng Suerg – Dir hutt nach bis Enn September Zäit, fir Är Blummewiss unzeleeën.💪

𝐒𝐢 𝐬𝐢𝐧𝐧 𝐧𝐚𝐜𝐡 𝐝𝐨 𝐞𝐢𝐬 𝐃𝐮𝐞𝐫𝐟𝐯𝐢𝐠𝐞𝐥 🐦🙏Zu Rëmeleng si vill Näschter besat, wat och d’Gemengevertrieder ganz besonnesch freet a...
30/07/2026

𝐒𝐢 𝐬𝐢𝐧𝐧 𝐧𝐚𝐜𝐡 𝐝𝐨 𝐞𝐢𝐬 𝐃𝐮𝐞𝐫𝐟𝐯𝐢𝐠𝐞𝐥 🐦🙏

Zu Rëmeleng si vill Näschter besat, wat och d’Gemengevertrieder ganz besonnesch freet a motivéiert sech weiderhi fir de lokalen Naturschutz anzesetzen 😃👌
Hei goufe bis ewell 19 Duebelnäschter fir Schmuewelen an 65 Näschter fir de Leeëndecker installéiert ginn. Méi wéi 100 Individuen hunn hei Plaz fir ze bréien. Dat maache si awer och nëmme, wann d’Bedingunge stëmmen, also wann am Ëmfeld Waasserquellen 💦 an och aarteräich Wise 🌾 sinn, wou si Insekten als Nahrung fannen 🪰 De SICONA setzt mat vill Engagement mat de Gemengen Naturschutzmesuren fir d’Iwwerliewe vun dësen an Tëschenzäit bedroten Aarten ëm! 🤲
D’Gemeng kritt fir d’Installatioun vun Naschtkëschten a fir d’Uleeë vun naturnoe Grénganlagen wéi Blummewisen Subside vum Ëmweltministère a Punkten am Naturpakt ➕➕➕

Stad Rëmeleng
Pacte Nature
Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Adresse

12 Rue De Capellen
Olm
8393

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque SICONA - Naturschutzsyndikat publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à SICONA - Naturschutzsyndikat:

Raccourcis

Partager