Gemeng Reckeng op der Mess

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l’organisation

Gemeng Reckeng op der Mess Déi offiziell Facebook-Sait vun der Gemeng Reckeng op der Mess. Déi offiziell Facebook-Säit vun der Gemeng Reckeng op der Mess.

Liked eis Säit a bleift um Courant iwwert d'Liewen an Ärer Gemeng. Hei fannt Dir Ukënnegungen vun neien Evenementer, d'Liewen an der Gemeng am Foto-Réckbléck an aner wichteg Informatiounen. Dir wëllt sécher näischt verpassen? Dann schreift Iech fir eisen SMS2Citizen-Service an. De Formulaire dofir fannt Dir op www.reckange.lu.

🤾‍♀️🤾🤾‍♂️Du bass flénk an hues keng Angscht virun engem Ball?ma da bass du hei genee richteg!Vëlkerballturnéier🏐 21/11/2...
09/10/2026

🤾‍♀️🤾🤾‍♂️

Du bass flénk an hues keng Angscht virun engem Ball?
ma da bass du hei genee richteg!

Vëlkerballturnéier

🏐 21/11/2026
🏐 Sportshal Reckeng
🏐 Start: 10.00 Auer

➡ Participatioun pro Equipe (Mindestalter: 16 Joer)
➡ 30€ (eng Equipe besteet aus min. 6 Leit a max. 10 Leit)
➡ Et gëtt ee Präis fir déi 3., 2. an natierlech 1. Plaz.

Um 9.00 Auer starte mir mat engem Match fir kanner. (TËSCHT 6 A 15 JOER)

Wann s du Loscht op ee flotten Dag mat Musek a Sport hues, da mell dech an deng Equipe un iwwert mail: [email protected]

Presentéiert vun der Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun an dem Fiederball Reckeng.

09/10/2026
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mam Fairtrade Team, invitéiert op de vegetaresche Kachcours, den 20. a...
08/10/2026

D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mam Fairtrade Team, invitéiert op de vegetaresche Kachcours, den 20. an 21. Oktober 2026 A Millesch zu Lampech

Thema vum Owend: De Kürbis 🎃

ënnert der Leedung vum Nadine a Viviane – Kacht mat eis ee fair a regionalen, vegetaresche Menü vun der Amuse-Bouche bis bei den Dessert!

Lass geet et um 18.30 Auer „A Millesch“ zu Lampech. Mir kachen zesummen a loossen eis et da gutt schmaachen. D‘Participatioun kascht 35 Euro. U béiden Deeg steet de selwechte Menü um Programm. Opgepasst, d’Plaze si limitéiert.

Infoen zur Iwwerweisung an Umeldung bis den 13. Oktober 2026 beim Tim Drauth um 37 00 24 – 9 oder [email protected]

🎃🎃🎃 Halloweenlaf 🎃🎃🎃Samschdes, de 24. Oktober 2026ronderëm d’Sportshal a bannendran5, rue Neuve L-4981 Reckeng op der Me...
02/10/2026

🎃🎃🎃 Halloweenlaf 🎃🎃🎃

Samschdes, de 24. Oktober 2026
ronderëm d’Sportshal a bannendran
5, rue Neuve L-4981 Reckeng op der Mess

Programm
👻 18.00 Auer: Kanner aus dem Cycle 1 (10 Min.)
👻 18.20 Auer: Kanner aus dem Cycle 2 (10 Min.)
👻 18.40 Auer: Kanner aus dem Cycle 3 (15 Min.)
👻 19.05 Auer: Kanner aus dem Cycle 4 (20 Min.)
👻 19.40 Auer: Déi Erwuessen (60 Min.)

🧟‍♀️ Elo nei: de Laf ass gratis fir jiddereen.
🧟‍♀️ Opgepasst! D’Umeldung ass op der Plaz.
🧟‍♀️ Eenzellaf fir Kanner op engem méi klengen Tour.
🧟‍♀️ Pro Ronn mécht d’Gemeng eng Spend fir d’a.s.b.l Tam-Tam White and Friends
🧟‍♀️ Charity Run – Et gëtt keng Zäit gemooss. Méi Infos: 621 180 321
🧟‍♀️ Bei schlechtem Wieder fënnt dee ganze Laf an der Sportshal statt.

Presentéiert vun der Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Sportskommissioun.

Mat der Hëllef vun der APERM, dem BC MESS, dem FIEDERBALL RECKENG an dem SPOLO.

Urban Nightcross – Mémorial Claude Michely 🚴Léif Awunner.innen,e Samschden, de 17. Oktober 2026 fënnt nees eise groussen...
02/10/2026

Urban Nightcross – Mémorial Claude Michely 🚴

Léif Awunner.innen,

e Samschden, de 17. Oktober 2026 fënnt nees eise groussen Urban Nightcross am Reckenger Duerfkär statt. Mir freeën eis, iech dësen Event a Kooperatioun mam Cycling Team Kayldall presentéieren ze kënnen.

➡️ 16.15 heures Minimes m/f – 20′
➡️ 17.00 heures Cadets m/f – 25′
➡️ 18.00 heures Juniors – 40′
➡️ 18.01 heures Masters – 40′
➡️ 19.00 heures Débutant(e)s – 30′
➡️ 19.01 heures Dames – 40′
➡️ 20.00 heures Espoirs/Elite – 50′

All déi aner Informatioune fannt Dir op eisem Site:

https://reckange.lu/events/urban-nightcross-memorial-claude-michely-2/

🇱🇺 Léif Awunner.innen,mir lueden Iech häerzlech op den Dag vun der nationaler Commemoratioun an, e Sonndeg den 11. Oktob...
02/10/2026

🇱🇺 Léif Awunner.innen,

mir lueden Iech häerzlech op den Dag vun der nationaler Commemoratioun an, e Sonndeg den 11. Oktober 2026, an der Reckenger Kierch.

D'Mass fënnt um 11.00 statt, éier d'Gerbë géint 11.45 beim Monument aux Morts néiergeluecht ginn.

Duerno luet d'Gemeng op en Eierewäin an.

Mir freeën eis drop, dëse Gedenkmoment mat Iech ze deelen.

🇫🇷 Chères habitantes, chers habitants,

nous vous convions chaleureusement à la commémoration nationale, le dimanche 11 octobre 2026 à l’Eglise de Reckange.

La messe débutera à 11h00, suivie, vers 11h45, du dépôt de gerbes au monument aux morts.

La cérémonie se clôturera par un vin d’honneur offert par la commune.

Nous espérons vous y retrouver nombreux pour partager ce moment de mémoire.

🇱🇺 Léif Awunner.innen,dir hutt ëmmer nach Zäit fir beim GoGo VELO National Cycling Challenge matzemaachen! 💪 🚴🇫🇷 Chères ...
29/09/2026

🇱🇺 Léif Awunner.innen,

dir hutt ëmmer nach Zäit fir beim GoGo VELO National Cycling Challenge matzemaachen! 💪 🚴

🇫🇷 Chères habitantes, chers habitants,

il vous reste encore un peu de temps pour participer au GoGo VELO National Cycling Challenge! 💪 🚴

https://www.facebook.com/profile.php?id=61562797690178

Bike & Win!
Track your daily travels and sport activities and win amazing prizes🚲
"Cycle to the moon"
From April 13 to May 24

www.gogovelo.lu

De Moteur Lenoir - de Motor, deen d'Welt verännert huet - gouf e Samschden am GridX ugeschmass.Zesumme mat der Kulturkom...
29/09/2026

De Moteur Lenoir - de Motor, deen d'Welt verännert huet - gouf e Samschden am GridX ugeschmass.

Zesumme mat der Kulturkommissoun an der Geschichtskommissioun, an an Zesummenaarbecht mat der Fondation Lenoir Luxembourg, hate mir Iech agelueden, dës Maschinn an Aktioun z'erliewen. 💨

Villmools Merci, dass Dir alleguer komm sidd. ✨

Dëse Rucksak gouf haut de moie bei der Schoul fonnt, op der Mauer bei der Bushaltestell. E waart bei eis an der Receptio...
28/09/2026

Dëse Rucksak gouf haut de moie bei der Schoul fonnt, op der Mauer bei der Bushaltestell. E waart bei eis an der Receptioun op säi Besëtzer. 😊

Adresse

83 Rue Jean-Pierre Hilger
Reckange-sur-Mess
4980

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:30
Mardi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:30
Mercredi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:30
Jeudi 07:00 - 11:30
14:00 - 19:00
Vendredi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:30

Téléphone

37 00 24 - 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Reckeng op der Mess publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Reckeng op der Mess:

Raccourcis

Partager