20/10/2026
🇱🇺 Eng Frëndschaft, déi iwwer d’Grenze verbënnt, déi Wuerzele schléit an zesumme wiisst 🤝
D’Gemeng Brda a Slowenien huet vill Gemeinsamkeete mat eiser Gemeng: eng Wäibauregioun, gepräägt vun hirer Lag an der Natur. Vill Saachen, déi eis vun Ufank un e Gefill vu Vertrautheet ginn hunn.
No eisem Besuch a Slowenien am Juni 2026 op hirem traditionelle Kiischtefest hate mir de Weekend d’Freed, eng Delegatioun aus Brda, gefouert vun der Vizebuergermeeschtesch Teja Jelina, bei eis zu Schengen ze begréissen. Mir hunn eis Kultur an Traditioune gedeelt, eis Erfarungen am Wäibau an Tourismus ausgetosch an hinnen déi besonnesch politesch Geschicht vu Schengen méi no bruecht.
Mat der Ënnerschrëft vun enger “Absichtserklärung” a Präsenz vun der sloweenescher Ambassadrice Anita Stanković Pavlič hu mir de Grondstee fir weider gemeinsam Projeten an eng laangfristeg Zesummenaarbecht geluecht.
E Kiischtebam, deen zu Schengen geplanzt gouf, steet vun haut un symbolesch fir dës Frëndschaft an d’Zukunft vun der Kooperatioun vun eise béide Gemengen.
🇬🇧 A friendship that transcends borders, puts down roots and grows together 🤝
The municipality of Brda in Slovenia has much in common with our own: a wine-growing region characterised by its natural surroundings. Many things that have given us a sense of familiarity right from the start.
Following our visit to Slovenia in June 2026 to attend their traditional cherry festival, we were delighted to welcome a delegation from Brda, led by Deputy Mayor Teja Jelina, in Schengen this weekend. We shared our culture and traditions, exchanged experiences in viticulture and tourism, and gave them an insight into Schengen’s unique political history.
By signing a letter of intent in the presence of the Slovenian Ambassador, Anita Stanković Pavlič, we have laid the foundations for further joint projects and long-term cooperation.
A cherry tree planted in Schengen henceforth symbolises this friendship and the future of collaboration between our two municipalities.
📷 weider Fotoen / more pictures
➡️ https://www.schengen.lu/visite-delegation-brda/
Občina Brda
Veleposlaništvo Slovenije v Bruslju / Embassy of Slovenia in Brussels