Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, 47, Rue de, Rollingen.

D'Blannevereenegung bedreiwt 6 Institutiounen fir blann a séihbeanträchtegt Matbierger: en Altersheim, Betreit Wunnen, eng Naturcrèche, en Atelier d'inclusion professionnelle, eng Equipe fir d'Betreiung vu Blannen an de mobille Fleegedéngscht MOTUM.

👵 Heemrot am C**A Blannenheem 🏠Den Heemrot vertrëtt d’Interesse vun de Bewunner am C**A Blannenheem a fërdert aktiv Matb...
05/08/2026

👵 Heemrot am C**A Blannenheem 🏠

Den Heemrot vertrëtt d’Interesse vun de Bewunner am C**A Blannenheem a fërdert aktiv Matbestëmmung, Austausch an eng respektvoll Zesummenaarbecht am Alldag. Hien dréit dozou bäi, datt d’Bewunner hire Liewensraum matgestalten an sech gutt informéiert a mat agebonne fillen.

🇩🇪 Weitere Informationen: flb.lu/cipa-blannenheem/
🇫🇷 Plus d'informations : flb.lu/fr/cipa-blannenheem/

**A

🚗 Nei Autoe fir MOTUM 👩‍🦯‍➡️De mobille Fleegedéngscht MOTUM vun der FLB huet säi Fuerpark erweidert a setzt dobäi op en ...
04/08/2026

🚗 Nei Autoe fir MOTUM 👩‍🦯‍➡️

De mobille Fleegedéngscht MOTUM vun der FLB huet säi Fuerpark erweidert a setzt dobäi op en däitlecht Zeeche fir den Erëmerkennungswäert: All d'Gefierer liichten elo an der charakteristescher MOTUM-Faarf Lila. Doduerch gëtt net nëmmen d'Siichtbarkeet am Alldag erhéicht, mee och d'Identitéit vum Déngscht gestäerkt.

Dank dem erweiderte Fuerpark ass d'Equipe nach méi flexibel a méi séier am Asaz. Sou kann eng zouverlässeg a séier Betreiung vun de Clientë direkt dohem garantéiert ginn an dëst mam gewinnten héije Qualitéitsusproch.

👵 Fête du grand âge am C**A 🎉Am C**A Blannemheem gouf nees déi traditionell „Fête du grand âge“ gefeiert. Zesumme mat Ve...
04/08/2026

👵 Fête du grand âge am C**A 🎉

Am C**A Blannemheem gouf nees déi traditionell „Fête du grand âge“ gefeiert. Zesumme mat Vertrieder vun der Gemeng Miersch goufe Bewunnerinnen a Bewunner ab 60 Joer fir hir besonnesch Gebuertsdeeg geéiert – dorënner Jubilaren tëscht 80 a 95 Joer souwéi eng Bewunnerin am stolzen Alter vun 103 Joer.

Kleng Opmierksamkeeten a Musek hu fir eng feierlech a familiär Stëmmung voller Freed a Gemeinschaftsgefill gesuergt. En häerzleche Merci geet un d'Gemeng Miersch fir hir trei Ënnerstëtzung.

🇫🇷➡️ Lire l’article complet: flb.lu/fr/fete-du-grand-age-au-cipa/
🇩🇪➡️ Lesen Sie den ganzen Artikel: flb.lu/fete-des-grandes-ages-im-cipa/

**A

🌭☀️ Grillowend an der Haus Mathias Schou: E flotte Moment vum Zesummesinn a vun der Gesellegkeet 🏠👩‍🦯‍➡️E Freideg, den 1...
15/07/2026

🌭☀️ Grillowend an der Haus Mathias Schou: E flotte Moment vum Zesummesinn a vun der Gesellegkeet 🏠👩‍🦯‍➡️

E Freideg, den 10. Juli 2026, hat d'Haus Mathias Schou vun der Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung, d'Freed, hiren éischte Grillowend ze organiséieren. Dobäi koumen d'Beneficiairen, hir Familljen an d'Membere vum Team an enger geselleger Atmosphär zesummen. Ënnert engem schéinen Summerhimmel hunn d'Participanten e leckere Barbecue, vill flott Gespréicher, vill Laachen a schéi Momenter vum Zesummesinn gedeelt.

Dëse Grillowend war eng flott Geleeënheet, sech erëmzegesinn, an d'Bezéiungen ënnereneen ze stäerken. D'Haus Mathias Schou seet alle Persounen, déi dobäi waren, e grousse Merci. E grousse Merci geet och un all d'Mataarbechter fir hiren Engagement an hiren Asaz bei der Organisatioun vun dësem Dag.

Esou Momenter vum Zesummesinn si wäertvoll a spigelen d'Wäerter erëm, déi vun der Fondation Letzebuerger Blannenvereenegung gedroe ginn: Respekt, Solidaritéit an e gutt Zesummeliewen. 🙏

🏅 Auszeechnung mam "Ordre de mérite" 👩‍🦯‍➡️D'Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung freet sech, bekannt ze ginn, datt ...
10/07/2026

🏅 Auszeechnung mam "Ordre de mérite" 👩‍🦯‍➡️

D'Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung freet sech, bekannt ze ginn, datt e puer vun hire Mataarbechter viru Kuerzem mam "Ordre de mérite” ausgezeechent goufen – eng Unerkennung fir hiert exemplarescht Engagement an hire wäertvolle Bäitrag un eiser Gesellschaft.

An dësem Kader haten der e puer vun hinnen déi grouss Éier, dës Auszeechnung direkt aus den Hänn vum Aabechtsminister Marc Spautz, wärend enger offizieller Zeremonie de 6. Juli 2026 am Aarbechtsministère an der Staat entgéintzehuelen.

D'Fondatioun gratuléiert de Laureate vu ganzem Häerz zu dëser verdéngter Unerkennung, déi hiren onermiddlechen Asaz am Déngscht vun de begleete Persounen éiert.

ANNULATIOUN VUM SUMMERFEST ☀️ Wéinst de Previsioune vun extremer Hëtzt, musse mir dat geplangte Summerfest de 27.06.2026...
26/06/2026

ANNULATIOUN VUM SUMMERFEST ☀️

Wéinst de Previsioune vun extremer Hëtzt, musse mir dat geplangte Summerfest de 27.06.2026 virsiichtshallwer ofsoen.

Well d'Gesondheet, vun eise Bewunner a Gäscht, fir eis déi iewescht Prioritéit huet, biede mir Iech ëm Versteesdemech fir dës Decisioun.

🎭 Kulturell Inklusioun 👩‍🦯‍➡️ De Service « BBF – Berodung, Betreiung a Fräizäit » vun der Fondation Lëtzebuerger Blannev...
02/06/2026

🎭 Kulturell Inklusioun 👩‍🦯‍➡️

De Service « BBF – Berodung, Betreiung a Fräizäit » vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, vertrueden duerch den Institut Betty Hirsch, ass stolz drop, um Festival « Inklusion in der Kultur » am Mierscher Theater mat dobäi ze sinn!

Am Kader vum LEADER-Projet « Kultur inklusiv », konnten d’Leit eis Ekipp um Informatiouns- a Sensibiliséierungsstand besichen.

De Festival leeft nach bis den 1. Juli 2026 mat inklusiven Opféierungen, Theaterstécker a Workshoppen. Loosst eis zesummen d'Accessibilitéit zu enger Selbstverständlechkeet maachen!

🔗 De komplette Programm fann Dir op: www.mierschertheater.lu

🇫🇷➡️ Lire l’article complet: flb.lu/fr/festival-inklusion-in-der-kultur/
🇩🇪➡️ Lesen Sie den ganzen Artikel: flb.lu/festival-inklusion-in-der-kultur/

🐣 Ouschtermaart 🌷Mir hoffen, dass dir all eng schéin Ouschtervakanz hat. Eis Fondatioun huet d’Ouschterfest mam traditio...
16/04/2026

🐣 Ouschtermaart 🌷

Mir hoffen, dass dir all eng schéin Ouschtervakanz hat. Eis Fondatioun huet d’Ouschterfest mam traditionellen Ouschtermaart vum Bieschbecher Atelier agelaut. Um Rendez-Vous waren ewéi ëmmer saisonal Planzen a Blummenarrangementer, passend Dekoratiounsartikelen aus Holz a Keramik an och déi eng oder aner Schneekegkeet aus der Kichen.

Wéinst dem Ausbau vum Atelier, gouf dëst Joer dann och déi nei Kaddoskëscht vum Bieschbecher Atelier ageweit. Hei fann dir dat ganzt Joer iwwer flott Produiten déi mat vill Léift vun de Mataarbechter aus dem Bieschbecher Atelier hiergestallt goufen. 👨‍🦯‍➡️👩‍🦯‍➡️

Den neie Buttek fann dir ab elo lénks niewent der Entrée vum C**A Blannenheem. Kommt bis laanscht, mir freeën eis op Iech! ☺️

👁️ D’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung freet sech matdeelen ze dierfen, dass d’Mme Stéphanie Thiry, Directrice vu...
30/03/2026

👁️ D’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung freet sech matdeelen ze dierfen, dass d’Mme Stéphanie Thiry, Directrice vum Institut Betty Hirsch (IBH), an de Verwaltungsrot vum Luxembourg Paralympic Committee (asbl) beruff gouf. Dës Ernennung huet am Kader vun der Generalversammlung 2026 de 24. Mäerz statt fonnt.

Dës Nominatioun, déi an der Kontinuitéit vum Engagement vun der Fondation fir d’Inklusioun an d’Fërderung vun der paralympescher Beweegung zu Lëtzebuerg steet, markéiert gläichzäiteg d’Nofolleg vum Här Thierry Lutgen, fréiere Generaldirekter vun der Fondatioun an och Member vum Luxembourg Paralympic Committee. 👩‍🦯‍➡️👨‍🦯‍➡️

🇩🇪 Die Pressemitteilung finden Sie hier:
https://bit.ly/4c9Whex

🇫🇷 Retrouvez le communiqué de presse ici:
https://bit.ly/3NN5WhW

Adresse

47, Rue De
Rollingen
7540

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 17:00
Mardi 08:30 - 17:00
Mercredi 08:30 - 17:00
Jeudi 08:30 - 17:00
Vendredi 08:30 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager