Commune de Rosport-Mompach

Commune de Rosport-Mompach Offiziell Facebook Säit vun der Gemeng Rouspert-Mompech. Informatiounen zu Aktualitéiten a Veranstaltunge fannt Dir hei! Regierungsinstitution

🇱🇺 Wichteg Informatioun – Offallsammlung ⚠️ Mir informéieren d’Awunner vun der Gemeng Rouspert-Mompech, datt muer, Freid...
13/08/2026

🇱🇺 Wichteg Informatioun – Offallsammlung ⚠️

Mir informéieren d’Awunner vun der Gemeng Rouspert-Mompech, datt muer, Freideg, de 14. August 2026, d’Dreckskëschten ausnamsweis schonn ab 6:00 Auer moies eidel gemaach ginn.

Mir bieden Iech dofir, d'Dreckskëschten am beschten nach haut den Owend virun d’Haus ze stellen, fir sécherzestellen, datt se eidel gemaach ginn.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech an Är Mataarbecht!

🇫🇷 Information importante – Collecte des déchets ⚠️

Nous informons les habitants de la Commune de Rosport-Mompach que demain, vendredi 14 août 2026, la collecte des poubelles débutera exceptionnellement dès 6h00 du matin.

Afin de garantir l'enlèvement, nous vous prions de bien vouloir sortir vos poubelles de préférence dès ce soir, jeudi 13 août, et de les placer devant votre domicile.

🙏 Nous vous remercions pour votre compréhension et votre collaboration.

🇱🇺 Opgepasst am Bësch – Bleift virsiichteg! 🌳Déi aktuell Hëtzt an déi laang Dréchent setzen eise Bëscher staark zou. D'B...
30/07/2026

🇱🇺 Opgepasst am Bësch – Bleift virsiichteg! 🌳

Déi aktuell Hëtzt an déi laang Dréchent setzen eise Bëscher staark zou. D'Beem si geschwächt an och wann se vu baussen gesond ausgesinn, kënnen Äscht onerwaart ofbriechen. Nieft der erhéichter Bëschbrandgefor ass dofir och beim Spadséieren oder bei Aktivitéiten am Bësch besonnesch Virsiicht ugeroden.

👉 Vermeit all oppent Feier am Bësch.
👉 Bleift op de markéierte Weeër a Trëppelweeër.
👉 Sidd besonnesch virsiichteg no Stuerm oder laange Dréchentperioden.
👉 Fir Pausen oder Aktivitéiten, wielt wa méiglech fräi Plazen ewech vun de Beem.

Mat engem virsiichtege Verhalen hëlleft Dir, Iech selwer, aner Bëschbesicher an eis Natur ze schützen. Merci fir Äert Verständnis! 🌿

🇫🇷 Soyons vigilants en forêt ! 🌳

Les fortes chaleurs et la sécheresse actuelles fragilisent nos forêts. Même lorsqu'un arbre paraît en bonne santé, il peut présenter des risques, notamment la chute imprévisible de branches. Outre le risque accru d'incendie, une vigilance particulière est donc recommandée lors des promenades et des activités en forêt.

👉 Évitez tout feu en forêt.
👉 Restez sur les chemins et sentiers balisés.
👉 Soyez particulièrement prudents après des intempéries ou une longue période de sécheresse.
👉 Pour vos pauses ou activités, privilégiez des espaces dégagés, à l'écart des arbres.

Par un comportement responsable, chacun contribue à sa propre sécurité, à celle des autres visiteurs et à la préservation de nos forêts. Nous vous remercions de votre compréhension. 🌿

16/07/2026

🇱🇺 Gëschter war eis Informatiounsversammlung zum fënnefte Joresdag vum Héichwaasser 2021. 💧

Iwwer 100 Biergerinnen a Bierger waren zu Steenem dobäi, fir zesummen zeréckzekucken, sech auszetauschen an och no vir ze kucken. An de leschte fënnef Joer ass vill geschitt: op Gemengenniveau, zesumme mat de Verwaltungen, mee och bei de Biergerinnen a Bierger, déi sech besser op eng nächst Katastrophe virbereet hunn.

Well kloer ass: Staat, CGDIS, Gemengen an d’Bierger mussen zesummeschaffen. Nëmmen zesumme si mir staark — an nëmmen zesumme si mir besser preparéiert. 🤝

🇱🇺 Schoulvakanz 2026 – Vergiesst Är Dokumenter net! ✈️ Ier Dir an d'Vakanz fortfuert, kontrolléiert ob all Reesdokumente...
16/07/2026

🇱🇺 Schoulvakanz 2026 – Vergiesst Är Dokumenter net! ✈️

Ier Dir an d'Vakanz fortfuert, kontrolléiert ob all Reesdokumenter nach gülteg sinn (Pass oder Identitéitskaart).

Reest Äert Kand ouni béid Elteren oder mat enger anerer Begleetpersoun? Da vergiesst d'Autorisation parentale net.

📄 De Formulaire fannt Dir hei:
https://www.rosportmompach.lu/fr/administration/services-aux-citoyens/formulaires

⚠️ Wichteg: Dir musst perséinlech beim Populatiounsbüro laanschtkommen, fir de Formulaire z'ënnerschreiwen, well Är Ënnerschrëft legaliséiert muss ginn.

Mir wënschen Iech eng schéin a suergefräi Vakanz! ☀️🌍

🇫🇷 Vacances scolaires 2026 – N'oubliez pas vos documents ! ✈️

Avant votre départ en vacances, pensez à vérifier que tous vos documents de voyage sont valides (passeport ou carte d'identité).

Votre enfant voyage sans ses deux parents ou avec une autre personne accompagnante ? N'oubliez pas l'autorisation parentale.

📄 Le formulaire est disponible ici :
https://www.rosportmompach.lu/fr/administration/services-aux-citoyens/formulaires

⚠️ Important : Vous devez absolument vous présenter en personne au bureau de la population où vous devez signer le document, puisque votre signature doit être légalisée.

Nous vous souhaitons de belles vacances en toute sérénité ! ☀️🌍

14/07/2026

An de leschten Deeg hu mir zësumme mat Betraffenen, Experten a Vertrieder vun der Gemeng op d’Héichwaasser vum Juli 2021 zeréckgekuckt. 💧

D’Videoe weisen, wéi grouss d’Auswierkunge waren, mee och wat zënterhier gemaach gouf, fir eis Gemeng besser op zukünfteg Héichwaassersituatiounen ze preparéieren.

Vu konkrete Schutzmoossnamen iwwer individuell Berodung bis hin zur Informatioun vun de Biergerinnen a Bierger: Héichwaasserschutz ass eng gemeinsam Aufgab. 🤝

Fir dës Themen nach eng Kéier zesummen ze verdéiwen, invitéiere mir Iech häerzlech op eis Biergerversammlung:
🗓️ 15. Juli
🕖 19:00 Auer
📍 Kulturzentrum „Fräihof“ zu Steenem

13/07/2026

De 14. Juli 2021 koumen déi éischt Warnungen — kuerz drop stoung d’Waasser scho bis zu zwee Meter am Haus. 💧

An dësem Video erzielt eng betraffe Persoun, wéi séier d’Situatioun eskaléiert ass, wéi eng Schied entstane sinn a wéi d’Haus duerno méi héichwaassergerecht ugepasst gouf.

Plättercher amplaz Parkett, wichteg Saachen um éischte Stack a Miwwelen, déi séier kënne geréckelt ginn: kleng Mesuren, déi am Noutfall e groussen Ënnerscheed maache kënnen. 🛠️

E grousse Merci geet och un all déi Leit, déi beim Botzen a Raumen gehollef hunn. 🤝

An dësem Kontext invitéiere mir Iech häerzlech op eis Biergerversammlung:
🗓️ 15. Juli
🕖 19:00 Auer
📍 Kulturzentrum „Fräihof“ zu Steenem

12/07/2026

De 14. Juli 2021 ass en Dag, dee ville Leit an eiser Gemeng an Erënnerung bliwwen ass. 💧

An dësem Video geet et ëm d’Gefor vun der „Héichwaasseramnesie“: Mat der Zäit verschwannen d’Erënnerungen, bis beim nächste Schuedereegnis erëm alles nei organiséiert muss ginn.

Dobäi ass Héichwaasservirbereedung grad dann am wichtegsten, wann d’Waasser nach net do ass. Zesumme mat Gemengen, Staat, Rettungsdéngschter an de Biergerinnen a Bierger. 🤝

An dësem Kontext invitéiere mir Iech häerzlech op eis Biergerversammlung:
🗓️ 15. Juli
🕖 19:00 Auer
📍 Kulturzentrum „Fräihof“ zu Steenem

11/07/2026

Am Juli 2021 huet d’Héichwaasser och vill Betriber schwéier getraff. 💧

An dësem Video erzielt e lokale Betrib, wéi d’Waasser Schued ugeriicht huet, a wéi duerno direkt no laangfristege Léisunge gesicht gouf.

Mat enger neier Annexe gouf an eng méi héichwaassergerecht Infrastruktur investéiert, fir Technik a wichteg Raimlechkeete besser ze schützen. 🛠️

E Beispill, dat weist, wéi wichteg Resilienz, Ënnerstëtzung a Preparatioun fir d’Zukunft sinn. 🤝

An dësem Kontext invitéiere mir Iech häerzlech op eis Biergerversammlung:
🗓️ 15. Juli
🕖 19:00 Auer
📍 Kulturzentrum „Fräihof“ zu Steenem

🇱🇺 Drénkwaasser: Opruff fir Waasser ze spueren 💧Wéinst der unhalender Hëtzt, dem Mangel u Reen an dem héije Waasserverbr...
10/07/2026

🇱🇺 Drénkwaasser: Opruff fir Waasser ze spueren 💧

Wéinst der unhalender Hëtzt, dem Mangel u Reen an dem héije Waasserverbrauch gouf d'Vigilanzphas fir d'Drénkwaasserversuergung op nationalem Niveau ausgeléist.

Mir bieden all Biergerinnen a Bierger, verantwortungsvoll mam Drénkwaasser ëmzegoen an onnéidege Waasserverbrauch ze vermeiden. Sou hëllefe mir zesummen, d'Drénkwaasserversuergung och an de kommende Wochen ofzesécheren.

Merci fir Är Hëllef. 💙

🇫🇷 Eau potable : appel à économiser l'eau 💧

En raison de la persistance des fortes chaleurs, du manque de précipitations et de l'augmentation de la consommation de l'eau potable, la phase de vigilance pour l'approvisionnement en eau potable a été déclenchée au niveau national.

Nous invitons chacun à utiliser l'eau potable de manière responsable et à éviter les consommations non essentielles afin de préserver les réserves pour les semaines à venir.

Merci pour votre coopération. 💙

10/07/2026

Säit dem Héichwaasser 2021 ass d’Bewosstsinn fir Héichwaasserschutz an eiser Gemeng däitlech gewuess. 💧

An dësem Video geet et ëm d’Fro, wéi Infrastrukturen no esou engem Ereegnis net nëmmen erëm opgebaut, mee méi sécher a méi zouverlässeg fir d’Zukunft geplangt ginn.

Ënnert dem Prinzip „Build it better back“ sollen nei Projeten d’Auswierkunge vun enger méiglecher nächste Katastrophe däitlech reduzéieren. 🛠️
Och Mahnmale a Sandsäckhaisercher sollen drun erënneren, datt Virbereedung wichteg bleift. 🤝

An dësem Kontext invitéiere mir Iech häerzlech op eis Biergerversammlung:
🗓️ 15. Juli
🕖 19:00 Auer
📍 Kulturzentrum „Fräihof“ zu Steenem

Adresse

9, Rue Henri Tudor
Rosport
6582

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 11:30
14:00 - 19:00
Mardi 14:00 - 16:30
Mercredi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:30
Jeudi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:30
Vendredi 07:30 - 14:00

Téléphone

+3527300661

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Commune de Rosport-Mompach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Commune de Rosport-Mompach:

Raccourcis

Partager