Stad Rëmeleng

Appeler Itinéraire Site Web

Stad Rëmeleng Offiziell Säit vun der Stad Rëmeleng
Page officielle de la Ville de Rumelange

Lundi - Vendredi : 8h - 11h30 et 13h30 - 16h30

🇱🇺 D’Stad Rëmeleng stellt an! 👥📢 Aktuell siche mir ee Gemengen-Employé, 40 Stonne pro Woch, am CDD (12 Méint), fir ee Re...
23/10/2026

🇱🇺 D’Stad Rëmeleng stellt an! 👥

📢 Aktuell siche mir ee Gemengen-Employé, 40 Stonne pro Woch, am CDD (12 Méint), fir ee Remplacement am "Service de la culture et des sports".

📄 Den „Appel à candidatures“ esou wéi och den „Aide-mémoire“ fannt dir op eisem Internetsite.

🔗 https://rumelange.lu/appel-a-candidatures/


🇫🇷 🇱🇺 La Ville de Rumelange recrute !

📢 Nous recherchons actuellement un employé communal à temps plein (40 heures par semaine), sous contrat à durée déterminée (CDD) de 12 mois, pour un remplacement au sein du Service de la culture et des sports.

📄 L’appel à candidatures ainsi que l’aide-mémoire sont disponibles sur notre site internet.

La Ville de Rumelange se propose d’engager un agent administratif ou technique (m/f/d) sous le régime de l’employé communal à raison de 40 heures par semaine sous contrat à durée déterminée (CDD) de 12 mois pour les besoins d’un remplacement temporaire pour son service de la culture et ...

🇱🇺 Kach-Coursë fir Männer👨‍🍳🍽️Am Mount Oktober huet d'Stad Rëmeleng zesumme mat der Chancegläichheetskommissioun am Ganz...
20/10/2026

🇱🇺 Kach-Coursë fir Männer👨‍🍳🍽️

Am Mount Oktober huet d'Stad Rëmeleng zesumme mat der Chancegläichheetskommissioun am Ganze 5 Kach-Course fir Männer organiséiert. D'Participanten haten d'Méiglechkeet, tëschent verschiddenen Themen ze wielen: Basis, kulinaresch Spezialitéiten, Veggie, Fësch an hausgemaachte Rezepter.

Dës Course waren eng flott Geleeënheet, nei Techniken ze léieren, Erfarungen auszetauschen an natierlech och zesummen eng gemitterlech Zäit ze verbréngen. 👨‍🍳🥘

D'Chancegläichheetskommissioun seet jidderengem e ganz grousse Merci fir hiren Interessi an hir Motivatioun. 🙏

E spezielle Merci geet och un d'Club Haus an de Sauerwisen, dat eis säi Lokal fir dës Aktivitéit zur Verfügung gestallt huet 🌟

📸 Hei e puer Andréck

🇫🇷 Cours de cuisine pour hommes 👨‍🍳🍽️

Au cours du mois d’octobre, la Ville de Rumelange, en collaboration avec la Commission de l’égalité des chances, a organisé un total de 5 cours de cuisine destinés aux hommes. Les participants ont eu la possibilité de choisir parmi différentes thématiques : cuisine de base, spécialités culinaires, cuisine végétarienne, poissons et recettes faites maison.

Ces cours ont été une belle occasion d’apprendre de nouvelles techniques, d’échanger des expériences et, bien sûr, de partager un moment convivial ensemble. 👨‍🍳🥘

La Commission de l’égalité des chances tient à remercier chaleureusement tous les participants pour leur intérêt et leur motivation. 🙏

Un remerciement particulier s’adresse également au Club Haus au Sauerwisen, qui a mis son local à notre disposition pour cette activité. 🌟

📸 Voici quelques impressions de ces beaux moments passés ensemble.

🇱🇺 Klimabonus RoadshowEntdeckt déi nei staatlech Klimabonus-Subside vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.📍 2...
19/10/2026

🇱🇺 Klimabonus Roadshow

Entdeckt déi nei staatlech Klimabonus-Subside vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.

📍 21. Oktober 2026 zu Diddeleng an der Hall Polyvalent: 8, Route de Bettembourg, L-3429 Dudelange

🔗 https://rumelange.lu/klimabonus-roadshow/

🇫🇷 Roadshow Klimabonus

Découvrez les nouvelles aides financières Klimabonus proposées par le Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité.

📍 21 octobre 2026 à Dudelange: Hall Polyvalent 8, route de Bettembourg L-3429 Dudelange

D’Stad Rëmeleng informéiert seng Biergerinnen a Bierger iwwer d’Klimabonus Roadshow, eng Initiativ vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit. Dës Informatiounsronn bitt d’Méiglechkeet, sech iwwer déi nei staatlech Klimabonus-Subsiden ze informéieren an direkt mat de Beroder vun...

🇱🇺 Nationale Commemoratiounsdag Sonndeg, den 11. Oktober gouf hei zu Rëmeleng den "Nationale Commemoratiounsdag" ofgehal...
16/10/2026

🇱🇺 Nationale Commemoratiounsdag

Sonndeg, den 11. Oktober gouf hei zu Rëmeleng den "Nationale Commemoratiounsdag" ofgehalen. Um 11h00 gouf sech beim "Monument aux Morts" am Park Municipal versammelt ginn. Hei ass dann un d’Affer vum Nazirégime wärend der Besatzung vun 1940 bis 1945 erënnert ginn.

🇫🇷 Journée nationale de commémoration

Le dimanche 11 octobre, la Journée nationale de commémoration a été célébrée à Rumelange.

À 11h00, les participants se sont réunis au Monument aux Morts, au Parc municipal. Une cérémonie de a été organisée en hommage aux victimes du régime n**i durant l’occupation de 1940 à 1945.

🇱🇺 🎉 E grousse Merci un eis Senioren! 💐Gëschter, um 13. Oktober war ee groussen Dag hei zu Rëmeleng. Dat well mir eis tr...
14/10/2026

🇱🇺 🎉 E grousse Merci un eis Senioren! 💐

Gëschter, um 13. Oktober war ee groussen Dag hei zu Rëmeleng. Dat well mir eis traditionnell Seniorenfeier am Centre Culturel organiséiert hunn a mir domat deene Leit Merci soen, déi eis Stad iwwer vill Joer gepräägt hunn.

An eiser Stad gëtt den Zesummenhalt grouss geschriwwen. Egal ob jonk oder al, jiddereen dréit säin Deel dozou bäi, datt Rëmeleng net just eng Uertschaft, mee fir vill Leit een Doheem ass.

Op dëser Plaz seet d'Stad Rëmeleng Merci un all déi, déi zu dësem flotten Dag bäigedroen hunn.

🇫🇷 🎉 Un beau moment de partage avec nos seniors ! 💐

Hier, le 13 octobre, la Ville de Rumelange a eu le plaisir de réunir ses seniors à l’occasion de la traditionnelle fête des seniors au Centre culturel.

Cette journée a été placée sous le signe de la convivialité, des rencontres et du partage, afin de mettre à l’honneur celles et ceux qui ont contribué à l’histoire et à la vie de notre ville.

La Ville de Rumelange remercie toutes les personnes qui ont participé à l’organisation de cette belle journée et qui ont contribué à sa réussite.

🇱🇺 Bass du prett?An enger Nout- oder Krisesituatioun ass et wichteg gutt virbereet ze sinn. Dofir lancéiert d’Regierung ...
13/10/2026

🇱🇺 Bass du prett?

An enger Nout- oder Krisesituatioun ass et wichteg gutt virbereet ze sinn. Dofir lancéiert d’Regierung d’Sensibiliséierungscampagne „Bass du prett?“.

📖 An de nächsten Deeg kritt all Stot zu Lëtzebuerg de Guide „72 Stonnen Autonomie“, mat prakteschen Informatiounen a Rotschléi, wéi een sech op méiglech Krisesituatioune virbereede kann.

🔗 Méi Informatioune fannt Dir op: www.letzprepare.lu

🇫🇷 Êtes-vous prêt ?

En cas de situation d’urgence ou de crise, il est important d’être bien préparé. C’est dans ce cadre que le Gouvernement lance la campagne de sensibilisation « Êtes-vous prêt ? ».

📖 Dans les prochains jours, chaque ménage au Luxembourg recevra le guide « 72 heures d’autonomie », contenant des informations pratiques et des conseils utiles pour mieux se préparer à d’éventuelles situations de crise.

🔗 Plus d’informations sur : www.letzprepare.lu

🇱🇺 Temporär ännerungen am Zuchverkéier am OktoberD'CFL deelt mat, datt et dëse Mount ee puer Ännerungen am Zuchverkéier ...
12/10/2026

🇱🇺 Temporär ännerungen am Zuchverkéier am Oktober

D'CFL deelt mat, datt et dëse Mount ee puer Ännerungen am Zuchverkéier ginn an dat wéinst verschiddenen Nuets-Chantieren. 🚧

🔗 Den Detail doriwwer fannt dir op eisem Internetsite: https://rumelange.lu/cfl-nuets-chantieren/

🇫🇷 Modifications du trafic ferroviaire en octobre

La CFL informe que plusieurs modifications du trafic ferroviaire auront lieu ce mois-ci en raison de différents chantiers de nuit. 🚧

🔗 Vous trouverez tous les détails sur notre site internet :

Am Oktober kënnt et op verschiddene CFL-Strecken zu Nuetsaarbechten an domat zu Ännerungen am Zuchverkéier. Betraff sinn ënner anerem d’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Näerzeng, Rëmeleng a Beetebuerg.

🇱🇺 Nationale Commemoratiounsdag Sonndeg, den 11. Oktober gëtt hei zu Rëmeleng den "Nationale Commemoratiounsdag" ofgehal...
09/10/2026

🇱🇺 Nationale Commemoratiounsdag

Sonndeg, den 11. Oktober gëtt hei zu Rëmeleng den "Nationale Commemoratiounsdag" ofgehalen. Um 11h00 gëtt sech beim "Monument aux Morts" am Park Municipal versammelt. Hei gëtt un d’Affer vum Nazirégime wärend der Besatzung vun 1940 bis 1945 erënnert.

🇫🇷 Journée Nationale de Commémoration

Dimanche, le 11 octobre, se tiendra à Rumelange la "Journée Nationale de Commémoration". Le rassemblement aura lieu à 11h00 au "Monument aux Morts" dans le Parc Municipal. Cette cérémonie rend hommage aux victimes de l'oppresseur n**i pendant l'occupation de 1940 à 1945.

🇱🇺 🚧 Info Chantier – Grand-RueD’Demolitioun vum Gebai Nr. 87 an der Grand-Rue ass amgaangen. Ab dem 12. Oktober 2026 gët...
07/10/2026

🇱🇺 🚧 Info Chantier – Grand-Rue

D’Demolitioun vum Gebai Nr. 87 an der Grand-Rue ass amgaangen. Ab dem 12. Oktober 2026 gëtt de Verkéier am Beräich vum Chantier duerch provisoresch Luuchte gereegelt.

👉 All Detailer fannt Dir op eisem Internetsite: https://rumelange.lu/demolitiounsoarbechten-an-der-grand-rue/

Mir soen Merci fir Äert Verständnis a bieden Iech, d'Signalisatioun op der Plaz ze respektéieren. 👍

🇫🇷 🚧 Info Chantier – Grand-Rue

La démolition du bâtiment n° 87 situé dans la Grand-Rue est actuellement en cours. À partir du 12 octobre 2026, la circulation dans la zone du chantier sera régulée par des feux de signalisation provisoires.

👉 Tous les détails sont disponibles sur notre site internet.

Nous vous remercions de votre compréhension et vous prions de respecter la signalisation mise en place. 👍

D’Stad Rëmeleng informéiert, datt d’Demolitiounsoarbechten um Gebai Nr. 87, Grand-Rue, op der Kräizung vun der Grand Rue, der rue de la Croix an der rue du Cimetière, zënter dem 1. Oktober 2026 lafen. Ab dem 12. Oktober 2026 gëtt de Verkéier am Beräich vum Chantier duerch provisoresch Lu...

🇱🇺 Nei Tarifikatioun fir d’PoubellenD’Stad Rëmeleng informéiert, datt déi nei Tariffer fir d’Offall-Gestioun an d’Poubel...
29/09/2026

🇱🇺 Nei Tarifikatioun fir d’Poubellen

D’Stad Rëmeleng informéiert, datt déi nei Tariffer fir d’Offall-Gestioun an d’Poubellen ab der Facturatioun vum 3. Trimester 2026 applizéiert ginn.

👉 Méi Detailer fannt Dir op eiser Internetsäit:
🌐 www.rumelange.lu

🇫🇷 Nouvelle tarification des poubelles

La Ville de Rumelange informe ses citoyens que la nouvelle tarification relative à la gestion des déchets et aux poubelles sera appliquée à partir de la facturation du 3ᵉ trimestre 2026.

👉 Retrouvez toutes les informations sur notre site internet :
🌐 www.rumelange.lu

Adresse

2 Place Grande-Duchesse Charlotte
Rumelange
3710

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Mardi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Mercredi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Jeudi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Vendredi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30

Téléphone

+3525631211

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Stad Rëmeleng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie