16/07/2026
[Podcast] Institut de formation de l'Education nationale - IFEN
⛱️ D'Summervakanz ass endlech do! De perfekten Zäitpunkt, fir sech e bëssen Zäit ze huelen an den neie Podcast ze lauschteren.
🥽 Virtual Reality an der Schoul: Méi wéi just en technesche Gadget?
Wéi kann VR d'Léieren konkret beräicheren?
An dëser Summerepisod vum IFEN Inspire Podcast entdecke mir, wéi Virtual Reality schonn haut an de Lëtzebuerger Schoulen agesat gëtt – vum Minecraft-Projet an der Grondschoul bis bei realistesch Simulatiounen an der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer.
🎧 Eng Episod iwwer de pedagogesche Méiwäert vun neien Technologien, d'Sportpsychologie an d'Wichtegkeet vu Beweegung fir d'Léieren an der Schoul.
👉 Lauschtert elo eran a loosst Iech inspiréieren: www.edulink.lu/s3p6