23/07/2026
[POSE DE LA 1ère PIERRE / PAUSE DE LA 1ère BIÈRE] 😉🍺
🇱🇺 Gëschter, den 22. Juli, huet de Groupe Tricentenaire mat der Grondsteeleeung vum Projet « Café An Eiwen » (Numm deen zréckbehale gouf) zu Pretten eng wichteg Etapp erreecht.
Mam dësem ambitiéise Projet kritt den historesche Café am Duerfzentrum eng nei Bestëmmung. Nom Ofschloss vun de Bauaarbechte wäerte ronn 50 Salariéë mat enger Behënnerung zesumme mat engem Team vu Fachleit do schaffen.
Am neie Gebai wäerten eng Mikro-Brauerei, e Vëlosatelier, eng Keelebunn an e Restauratiounsberäich ënnerbruecht ginn. Dësen innovative Projet wäert net nëmmen neit Liewen an d‘Duerf bréngen, mee och nei inklusiv Aarbechtsplaze schafen.
Bei der Zeremonie waren de Max Hahn, Familljeminister, de Louis Pinto, Buergermeeschter vu Lëntgen, souwéi d'Buergermeeschtere vun den Nopeschgemengen dobäi. Nieft hinne waren och Membere vum Verwaltungsrot an der Direktioun vum Groupe Tricentenaire, d'Architekten, d'Noperen an d'Partner vum Projet präsent, fir dëse symbolesche Moment zesummen ze feieren. Och d'Betty Fontaine (Simon) an d'Isabelle Lentz (Bofferding) hunn duerch hir Präsenz hir Ënnerstëtzung fir dëse sozialwirtschaftleche Projet gewisen.
D'Salariéën aus den Ateliers du Tricentenaire hunn d’Organisatioun vun dësem Event assuréiert, an hu mat hirem Know-How an hirem Engagement zum Erfolleg vum Dag bäigedroen.
Och wann de Grondstee elo geluecht ass, dauert et nach e bëssen, bis deen éischte Béier ka gezaapt ginn. D'Ouverture vun der neier Brauerei ass fir an zwee Joer virgesinn.
🇫🇷 Ce mercredi 22 juillet, le Groupe Tricentenaire a marqué une étape importante en célébrant la pose de la première pierre de son projet (nom retenu) « Café An Eiwen » à Prettingen. Avec une touche d'humour, l'événement a été rebaptisé « la pause de la première bière », un clin d'œil à la micro-brasserie qui prendra place au cœur de ce nouvel espace.
Ce projet ambitieux a pour objectif de redonner vie à l'ancien café historique situé au centre du village de Prettingen. À terme, une cinquantaine de salariés en situation de handicap y travailleront aux côtés d'une équipe d'encadrants.
Le futur complexe accueillera une micro-brasserie, un atelier cycles, un jeu de quilles ainsi qu'un espace de restauration. Un projet innovant qui contribuera à dynamiser la vie locale tout en créant des opportunités professionnelles inclusives.
La cérémonie s'est déroulée en présence de Max Hahn, Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil, de Louis Pinto, bourgmestre de Lintgen ainsi que des bourgmestres des communes voisines. Membres des conseils d’administration et de la direction, architectes, riverains et partenaires du projet étaient également réunis pour partager ce moment symbolique. Betty Fontaine (Simon) et Isabelle Lentz (Bofferding), toutes deux présentes, soutiennent ce projet d’économie sociale et solidaire.
Les salariés des Ateliers du Tricentenaire ont largement contribué à la réussite de cette journée en assurant l'organisation de l'événement, démontrant une nouvelle fois leur savoir-faire et leur engagement.
Si les premières pierres ont été posées, il faudra encore faire preuve d'un peu de patience avant de lever son verre : l'ouverture de la nouvelle brasserie est prévue dans environ deux ans.
Gemeng Lëntgen
Max Hahn