22/07/2026
Haut hate mir d’Freed, den Aarbechtsminister Marc Spautz bei COOPERATIONS zu Wooltz begréissen ze kënnen. 👋
Zesumme hu mir fir d’éischt eise Chantier vun der neier Hal besicht. 🏗️ Hei entstinn nei Raimlechkeete fir eis verschidden Atelieren an domat och nei Perspektiven an Aarbechtsplaze fir Mënsche mam Statut vum Salarié handicapé. 🌱
Duerno stoung nach de Jardin de Wiltz 🌿 um Programm mat engem Austausch mat eise Gäertnerinnen a Gäertner, éier mir d’Visitt bei engem gemeinsame Mëttegiessen 🍽️ an eisem inklusive Restaurant Eis Kichen - Restaurant Prabbeli ofgeschloss hunn.
Villmools Merci dem Minister Marc Spautz fir säin Interessi, dem Ministère du Travail Luxembourg fir den oppenen Austausch an déi wäertschätzend Visitt bei eisen Ekippen a Projeten. 🙏
Grousse Merci och un d' Commune de Wiltz an dem Buergermeeschter Patrick Comes fir de Besuch.