CSV Osten

Site Web

CSV Osten Official Page CSV-Osten

🕊️Mat grousser Trauer soe mir dem Henri „Heng“ Frank fir ëmmer Äddi. Den Heng war fir säi politescht Engagement am ganze...
26/10/2026

🕊️Mat grousser Trauer soe mir dem Henri „Heng“ Frank fir ëmmer Äddi.

Den Heng war fir säi politescht Engagement am ganzen Osten an doriwwer eraus bekannt, hien war insgesamt 36 Joer Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach. Hei huet hie sech wesentlech fir d‘Wuel vun de Biergerinnen a Bierger, fir den Ausbau vun den Infrastrukturen a fir déi politesch Entwécklung vun der Gemeng agesat.

Och an der CSV huet hie verschidde Posten op lokalem a regionalem Niveau bekleet. Ausserdeem war hie President vun de Chrëschtlech-soziale Gemengeréit.

Eist häerzlechst Bäileed an déifst Matgefill geet u seng Famill an un all seng Léifsten. Mir wënschen hinnen an dëser schwéierer Zäit vill Kraaft a Courage.

D’CSV Osten op Visitt bei Yolande Coop, groupe elisabeth zu Munneref!Zesumme mam Inneminister Léon Gloden hate mir d’Gel...
22/10/2026

D’CSV Osten op Visitt bei Yolande Coop, groupe elisabeth zu Munneref!

Zesumme mam Inneminister Léon Gloden hate mir d’Geleeënheet, d’Ateliere vu Yolande Coop, enger Struktur vum Groupe Elisabeth, ze besichen an en Abléck an hir alldeeglech Aarbecht ze kréien.

Besonnesch beandrockt ware mir vum Engagement an der Motivatioun vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter. 👏

D’Visitt huet eis gewisen, wéi wichteg et ass, Mënsche mat enger Behënnerung Perspektiven ze bidden an hir Participatioun un der Aarbechtswelt ze fërderen.

E grousse Merci un d’ganz Ekipp vu Yolande Coop fir den häerzlechen Empfang, déi interessant Ablécker an den oppenen Austausch iwwer d’Erausfuerderungen um Terrain! 🤝

🎤 Am Dialog mat de Ministeren Marc Spautz a Léon Gloden zu Befort!Zesummen hu mir iwwer aktuell Erausfuerderunge vun der...
15/10/2026

🎤 Am Dialog mat de Ministeren Marc Spautz a Léon Gloden zu Befort!

Zesummen hu mir iwwer aktuell Erausfuerderunge vun der Aarbechtswelt geschwat – vum Chômage iwwer d’KI bis hin zu de Congéen – mee och iwwer d’Sécherheet an d’Resilienz vun eise Gemengen.

E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren an den Owend mat hire spannende Froen an hirem Interessi beräichert hunn! 🤝

Merci fir déi flott Diskussiounen an de konstruktiven Austausch! 💬

👉DËSE MËTTWOCH ZU BEEFORT:🇱🇺 Froen zur Politik? Froen zur Aarbecht vun der CSV an der Regierung?👋🎤 Eis 2 Ministere, Marc...
12/10/2026

👉DËSE MËTTWOCH ZU BEEFORT:

🇱🇺 Froen zur Politik? Froen zur Aarbecht vun der CSV an der Regierung?👋

🎤 Eis 2 Ministere, Marc Spautz a Léon Gloden, stinn Iech Ried an Äntwert a schwätze mat Iech iwwer aktuell politesch Themen, hir Aarbecht an d’Decisiounen, déi eist Land bewegen.

📍 Centre polyvalent Kummelsbau
13, Rue Kummel, Beaufort
📅 14. Oktober 2026
🕖 19:00 Auer

💬 Kommt laanscht, stellt Är Froen, diskutéiert mat a bréngt Är Meenung an!
Well Politik lieft vum Austausch – an Är Meenung zielt.

Mir freeën eis op Iech! 🇱🇺

05/10/2026

🇱🇺 Froen zur Politik? Froen zur Aarbecht vun der CSV an der Regierung?👋

🎤 Eis 2 Ministere, Marc Spautz a Léon Gloden, stinn Iech Ried an Äntwert a schwätze mat Iech iwwer aktuell politesch Themen, hir Aarbecht an d’Decisiounen, déi eist Land bewegen.

📍 Centre polyvalent Kummelsbau
13, Rue Kummel, Beaufort
📅 14. Oktober 2026
🕖 19:00 Auer

💬 Kommt laanscht, stellt Är Froen, diskutéiert mat a bréngt Är Meenung an!
Well Politik lieft vum Austausch – an Är Meenung zielt.

Mir freeën eis op Iech! 🇱🇺

D’Policekommissariat 🚓🚨 zu Jonglënster ass rëm zeréck an der Duerf-Mëtt. D’Police ass domadder rëm méi no bei de Leit. 👉...
22/09/2026

D’Policekommissariat 🚓🚨 zu Jonglënster ass rëm zeréck an der Duerf-Mëtt.
D’Police ass domadder rëm méi no bei de Leit.

👉Sécherheet huet fir eis als CSV Prioritéit an dofir engagéiere mir eis.

CSV Gemeng Jonglënster

CSV Osten um Riesling Open 🍾
21/09/2026

CSV Osten um Riesling Open 🍾

11/09/2026

Dëse Summer kucke mir eis déi fënnef Regioune vum Land vun hire schéinste Säiten un. All Woch si mir a sechs verschiddenen Uertschaften ënnerwee, déi Dir no an no bei eis um Site entdecke kënnt.

19/05/2026

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSV Osten publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie