Itinéraire Site Web

CSV

D'Vollekspartei vun der sozialer Mëtt.

🎉D’Regierung ronderëm de Premierminister Luc Frieden huet zesumme mat de Sozialpartner an den Tripartite-Verhandlungen e...
29/10/2026

🎉D’Regierung ronderëm de Premierminister Luc Frieden huet zesumme mat de Sozialpartner an den Tripartite-Verhandlungen een Accord fonnt.

🇱🇺Dësen Accord ass ganz am Sënn vun de Leit, de Betriber an dem ganze Land a bedeit:

D’Verlängerung vum Tankrabatt bis Mäerz 2027 ☑️

D’Verlängerung vun den Hëllefen beim Stroumpräis bis Enn 2027☑️

D’Verlängerung vun den Hëllefen beim Masuttpräis bis Enn 2027☑️

D’Verlängerung vun den Hëllefen beim Gaspräis bis Enn 2027☑️

ℹ️Méi Informatioune zum Accord fannt dir hei:https://gouvernement.lu/dam-assets/images-documents/actualites/2026/10-octobre/29-suivi-tripartite/docs/20261030-suivitripartite-illustrations-resilienzpak.pdf

🏛️De Laurent Zeimet huet an der Chamber iwwert déi aktuell aussepolitesch Situatioun geschwat.🇪🇺E besonnesche Fokus louc...
29/10/2026

🏛️De Laurent Zeimet huet an der Chamber iwwert déi aktuell aussepolitesch Situatioun geschwat.

🇪🇺E besonnesche Fokus louch dobäi op der Sécherheet vun Europa a senger internationaler Verantwortung. Donieft gouf d'Noutwendegkeet ënnerstrach, d'europäesch Zesummenaarbecht ze verdéiwen an dem Benelux en neien Elan ze ginn.

💬Fir de Laurent Zeimet ass kloer: Europa muss dofir méi Verantwortung fir seng eege Sécherheet iwwerhuelen. Déi Zäit, wou Europa seng Sécherheet konnt un Amerika weiderginn, ass eriwwer.

⏯️Kuckt Iech déi ganz Ried hei un: https://www.chd.lu/fr/seance/1016202?startTime=00:11:10

29/10/2026

🤝 D'Fuerderunge vun den Independante si verständlech a musse seriö geholl ginn!

📄 Den Aarbechtsminister huet am Comité permanent du travail et de l'emploi (CPTE) e Gesetzestext virgestallt, deen den Zougang vun de Selbstännegen zum Chômage verbessere soll.

💪 En éischte konkrete Schrëtt, fir d'Situatioun vun den Independante ze verbesseren!

28/10/2026

🎉MISSION ACCOMPLIE🎉

🚀Mat der Aféierung vun der individueller Besteierung vun 2028 u gëtt de Lëtzebuerger Steiersystem grondleeënd moderniséiert.

🙌Eng Reform, déi zanter Joerzéngten diskutéiert gëtt an déi den CSV-Finanzminister elo ëmsetzt.

➡️Am Mëttelpunkt steet déi nei eenheetlech Steierklass U bei där Zukunft d'Besteierung net méi vum Familljestand ofhänke soll, mee vum individuellen Akommes.

👩‍💻Dir wëllt wësse wat dat fir Iech heescht? Da notzt eise Rechner op www.steieren.csv.lu

28/10/2026

📻De Laurent Zeimet war um Radio fir iwwert d'Steierreform ze schwätzen.

🇱🇺2028 kritt Lëtzebuerg eng nei, eenheetlech Steierklass

🙌Am neie System gëllen déi selwecht Steierreegele fir jiddwereen.

❓Wat bréngt d'Reform konkret?

👉Méi Kafkraaft a méi Entlaaschtung fir Leit

👉Méi Stabilitéit a Planungssécherheet

👉Méi steierlech Ënnerstëtzung fir Familljen a Kanner

👉Méi Gerechtegkeet tëscht de verschiddene Familljemodeller

🎉Déi nei Steierklass soll den 1. Januar 2028 a Kraaft trieden.

27/10/2026

📻De war de Moien um Radio fir iwwert d'Steierreform ze schwätzen.

🇱🇺2028 kritt Lëtzebuerg eng nei, eenheetlech Steierklass

🙌Am neie System gëllen déi selwecht Steierreegele fir jiddwereen.

❓Wat bréngt d'Reform konkret?

👉Méi Kafkraaft a méi Entlaaschtung fir Leit

👉Méi Stabilitéit a Planungssécherheet

👉Méi steierlech Ënnerstëtzung fir Familljen a Kanner

👉Méi Gerechtegkeet tëscht de verschiddene Familljemodeller

🎉Déi nei Steierklass soll den 1. Januar 2028 a Kraaft trieden.

Mir traueren ëm de Norbert Haupert.Mat sengem Doud verléiere mir e léiwe Mënsch, deen sech esouwuel um lokale wéi um nat...
27/10/2026

Mir traueren ëm de Norbert Haupert.

Mat sengem Doud verléiere mir e léiwe Mënsch, deen sech esouwuel um lokale wéi um nationalen Niveau fir Land a Leit agesat huet.

Mir denken un seng Famill an un all déi, déi him no stoungen, a wënschen hinne vill Kraaft an dëse schwéiere Momenter.

De Norbert Haupert war Member vum Monnerecher Gemengerot vun 1999 – 2015
An Deputéierte vun 1999 - 2013

Säin Engagement bleift fir ëmmer a gudder Erënnerung.

Äddi Norbert

26/10/2026
💶 Méi Netto vum Brutto. Manner Steieren!Déi nei eenheetlech Steierklass ass dat grousst Thema an der Chamberwoch vum 26....
26/10/2026

💶 Méi Netto vum Brutto. Manner Steieren!

Déi nei eenheetlech Steierklass ass dat grousst Thema an der Chamberwoch vum 26. bis den 29. Oktober!

Vun 2028 un soll eng Steierklass fir jidderee kommen. Egal ob Single, bestuet oder gepacst. Fir d'Leit bedeit dat manner Steieren a méi Kafkraaft.

Och dës konkret Moossname stinn um Programm:

✅ Méi Netto fir kleng Léin: De Steierkredit beim Mindestloun klëmmt bis Juli 2027 vun 81 op 200 Euro de Mount.

✅ Steierentlaaschtung: En zousätzleche Steierkredit fir Salariéen, Pensionéierter a Selbstänneger fir d'Period vu Juni bis Dezember 2026.

✅ Bauspueren: Bis zu 1.344 Euro d'Joer steierlech ofsetzen – och iwwer 40 Joer.

✅ Landwirtschaft: finanziell Hëllef beim Dünger fir Baueren a Wënzer, bis zu 10.000 Euro pro Betrib.

✅ Elektromobilitéit: Bis zu 6.000 Euro fir en neien Elektroauto, 1.500 Euro fir eng Occasioun an 1.200 Euro fir eng Opluedstatioun doheem.

✅ Gesondheet: Eng nei Agence soll d'Kontroll an d'Sécherheet vu Medikamenter verbesseren.

✅ Pensioun: Och bei enger progressiver Pensioun soll eng Steiererliichterung vu bis zu 750 Euro Akommes de Mount méiglech ginn.

Weider Informatiounen op csv.lu.

Manner Steieren, méi Kafkraaft an eng eenheetlech Steierklass fir jiddereen. D'Steierreform ass dat grousst Thema an der Chamberwoch vum 26. bis den 29. Oktober. Donieft stinn eng Rei weider Gesetzesprojeten um Programm, déi konkret Entlaaschtunge fir d'Leit an d'Betriber bréngen sollen.Eng Steie...

25/10/2026

🤖Wéi mir d’Mënschlechkeet erhalen a stäerken.

🤔Wat dierfe mir de Maschinnen iwwerloossen? Wéi eng Decisioune musse beim Mënsch bleiwen? No wat sollen sech esouwuel d’Maschinnen ewéi och
d’Mënsche riichten?

📖Mat der "Magnifica humanitas“ huet de Poopst Leo XIV. seng éischt Enzyklika fir d’Erhale vum Mënsch am Zäitalter vun der Kënschtlecher Intelligenz
erausbruecht.

👉Säi Message: Technik ass net neutral. Si ka Gerechtegkeet fërderen oder Ausgrenzung verstäerken, a se däerf de Mënsch ni beherrschen.

➡️Dëse Froe gi mir, op Basis vun eise chrëschtlech-soziale Grondwäerter an och mat Bléck op d’Enzyklika, no.

🎤Mat ënner anerem dem Dr. Marco Schrage, Gaaschtprofesser un der Accademia Alfonsiana zu Roum

🗓️Dëse Mëttwoch, 28. Oktober ab 18:30 zu Nidderfeelen am Hennesbau

Adresse

4, Rue De L'Eau
Luxembourg
1449

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSV publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie

Services Publics à proximité