28/09/2026
27 Joer Gemengerot. Vill Politik. Nach méi Häerz. ❤️
1999 ass de Misch fir déi éischte Kéier mat an d’Gemengewale gaangen – a gouf direkt gewielt. Wat deemools ugefaangen huet, gouf zu 27 Joer Engagement fir Walfer an hir Leit.
Vun do un war hien e feste Bestanddeel vun der CSV Walfer. Als Gemengeconseiller, vun 2017 bis 2023 als Schäffen – mee virun allem als een, op deen ëmmer Verlooss war.
Eng Hand mat upaken? De Misch war do.💪
Leit beienee bréngen? De Misch war do.
Fir gutt Stëmmung suergen? Definitiv de Misch. 🪩
A bis an déi fréi Moiesstonnen danzen? Ma do war en natierlech och nach do. 🕺
Mam Misch gouf geschafft, diskutéiert, gefeiert a virun allem vill gelaacht.
A wien hie kennt, dee weess: Nieft der Politik schléit säin Häerz fir de Karate. 🥋 Disziplin, mental Stäerkt an ni ze séier opginn – Eegenschaften, déi hien och duerch bal dräi Joerzéngte Gemengepolitik begleet hunn.
Elo leet de Misch säi Mandat néier. An e wäert eis feelen – als Conseiller, als Matstreider, als Motivator, mee virun allem als Mënsch.
Merci, Misch, fir 27 Joer Asaz, Häerzblutt a ganz vill onvergiesslech Momenter.
Deng politesch „Pensioun“ hues de der méi wéi verdéngt.
Mee maache mir eis näischt vir: Wie de Misch kennt, dee weess, datt „roueg maachen“ bei him warscheinlech relativ ass.😉
Merci fir alles, Misch!