27/10/2026
Gare Waasserbëlleg an Arrêt Mäertert: nach méi laang waarden!
Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Ben Streff geet ervir, datt de Chantier fir d’Moderniséierung vun der Gare Waasserbëlleg eréischt 2030 ufänke soll. Den Ofschloss ass elo fir 2036 virgesinn – amplaz vun Enn 2032. D’Aarbechten um Arrêt Mäertert sollen eréischt duerno ëmgesat ginn.
Als LSAP Mäertert-Waasserbëlleg bedauere mir, datt dës wichteg Projeten ëmmer nees no hanne verréckelt ginn. D’Gare Waasserbëlleg ass e wichtege Verkéiersknuet fir eis ganz Regioun.
Besonnesch bedauerlech ass, datt domat och de barrièrefräien Zougang zu den Zich nach méi laang op sech waarde léisst. Mënsche mat enger Behënnerung oder ageschränkter Mobilitéit, eeler Leit an Eltere mat Kannerween sinn op zougänglech Infrastrukturen ugewisen. Dat gëllt zu Waasserbëlleg genee esou wéi zu Mäertert.
Domat verréckelt sech och de Bau vum Parkhaus, dat ënner anerem de Bierger aus der Gemeng Mäertert, der Stad Gréiwemaacher, der Gemeng Rouspert-Mompech an der Grenzregioun den Ëmstig op den Zuch erliichtere soll.
Wa mir méi Leit fir den ëffentlechen Transport wëlle gewannen, muss en och fir jiddereen zougänglech sinn. Mir setzen eis weider fir eng zäitno Ëmsetzung vu béide Projeten an!
Héi kennt dir et Äntwert liesen: https://www.chd.lu/fr/question/51471