Wonschkutsch asbl

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l’organisation

Wonschkutsch asbl asbl fir den Transport vun kranken Leit mat liewenslimitéierter Erwaardung en Wonsch ze erfëllen a fir den Transport an medezinesch Betreiung ze suergen.

Wann d'Aen schon liichten bevir et ugeed, dann kann een sech well denken wéi eise Fuergaast sech gefreed hot ob dësen No...
27/10/2026

Wann d'Aen schon liichten bevir et ugeed, dann kann een sech well denken wéi eise Fuergaast sech gefreed hot ob dësen Nomëttig.😍

D'Mme D. hot een schwéiere Wee hannert sech an ass lo frou mol rem heem bei d'Famill ze goen.
Sie war gefall an haat sech d'Been gebrach...net 1...🫣neen, direkt déi 2 😟.

Wochelang war sie zu Esch an der Klinik, bevier et lest Woch an hiert neit Doheem gang ass. Eise Fuergaast wunnt lo zu Nidderkuer am Servior.
GsD.🙏, rechtzäitig fir der klenger Urenkelin sein 5ten Gebuertsdag.🎂

D'Mme D., war frouh wéi een Kichelchen, wéi eis Kutscher Jeanne, Paul an Fränz pünktlich zu Nidderkuer ukomm sen, fir sie ofzehölen.
Lo stong dem Feieren näischt méi am Wee🙏☺️.

Mat Tréinen vun Freed an iwerglëcklich, dass d'Urboma op dësem Dag derbäi konnt sen, huet déi ganz Famill, well op de Besuch gelauert, an hot déi ganz "équipe häerzlich empfang.😍🥰🫂
Wooow... 4 Generatiounen un engem Dösch, waat ged daat eng flott Familljefoto📸😍.

Gebuertsdagsfeier doheem am "Schlumpfeland" kann endlich ufänken🥳🥳.
Lös a lös sen nach Famill an Frënn derbäi kommen👫👭👫.
Bei engem Pättchen an enger Taass Kaffi ass vill gebabbelt an gelaacht gin.🤓😁😉.

Beim"Schlumpfkuch" ass dann awer natiirlich vum ganzen Chouer een ,,Happy Birthday to you,, gesongen gin, an déi eigentlich Party konnt lass goen.🥳🎂🥤🧃🥂☕

Am spéiden Nomëttig konnt eisen Fuergaast, hier Middigkeet net méi verstoppen, an wollt dunn awer zrëck an hiert nait Doheem fueren fir sech ze raschten.

Bevir sie sech op den Heemwee gemach hun, sin awer nach flott, natiirlich blo, Loftballonen fir d'Mara fléie gelos gin.🎈🎈🎈

Am Servior ukomm, hot eng iwerglëcklich an zefriden Fra eise Kutscher een häerzlichen ,,Äddi an villmols Merci,, gesod.😍❤️💚

Daat war eng richtig flott Gebuertsdagsparty, déi weeder d'Mara nach d'Urbomi net sou séier vergeessen wärten.

Merci der ganzer Famill fir dësen flotten Nomëttig mat eech🥰❤️💚.
Merci dem Servior Nidderkuer fir déi flott Zedummenarbicht❤️💚.




Een grousse Merci un d'Amicale Italo-Luxembourgoise vun Betebuerg, fir déi generéis Ënnerstëtzung.🙏💚Dir droot dozou bäi ...
23/10/2026

Een grousse Merci un d'Amicale Italo-Luxembourgoise vun Betebuerg, fir déi generéis Ënnerstëtzung.🙏💚
Dir droot dozou bäi schwéierkranken Matmënschen een ❤️enswonsch ze erfëllen.
Op enger klenger Croisière op Saarburg hun sech eng 40 Memberen getraf fir den 10ten Gebuertsdag vun der Amicale ze feieren, an hun bei där Geleeënheet een Scheck un d'Fabi iwerreecht.🙏



Blankenberg an De Haan bei schéinem Wieder, ass een Genoss an eng Rees wärt. 😍Epuer vun de lesten Sonnendeeg hot eise Fu...
21/10/2026

Blankenberg an De Haan bei schéinem Wieder, ass een Genoss an eng Rees wärt. 😍
Epuer vun de lesten Sonnendeeg hot eise Fuergaast voll ausgenotzt, sougut et méiglich war.☀️🌊

De Wonsch war ursprünglich "spuenischt Mier"🌊. Den Gesondheetszoustand vum Här S. hot daat awer net méi zougelos, sou dass zesummen no enger anerer Léisung gesicht gouf. Blankenberge war dunn fir heen eng gut ,,Alternativ,,.
Den Här S. ass ëmmer gär gereest an hot vill Platzen am Ausland besicht🚘✈️.
Schon vum Beruf hier ass heen vill ronderem komm. Eise Fuergaast war nämlich Camionschauffeur an jonke Joeren🚛.

"Een Wonsch,🙏 een Plang✍️, eng gut Organisatioun☎️💻
2 Kutscher...🧍‍♂️🧍‍♂️
an super Weeder🌞"... an endlich konnt et lass goen.🚙🙏

Samsdes Moies hun eis Kutscher, d'Gitta an de Ralph, eise Fuergaast, deen lo am Pescator an der Staad wunnt, ofgeholl.
Ongedëllig an voll Virfreed hot den Här déi 2 häerzlich empfang.😍🫂
Nach epuer Infos vum Fleegepersonal, Bagage an Rollator apacken, an....endlich konnt d'Rees ufänken.🚙

Wéi erward ass d'Rees gut verlaf🙏👍. Um halwen Wee hun déi 3 awer eng kleng Paus gemach fir d'Been bessi ze streken an eppes géint den Honger ze machen.🍽️.

Zu Blankenberge ukomm, sën sie vun bloem Himmel an strahlender Sonn empfang gin.☀️

Séier auspacken, anchecken, an bessi rasten, bevir et fir den éischten gemütlichen Tour op d'Digue gang ass.👨‍🦽🧍‍♂️🧍‍♂️

Hei hun déi 3 Touristen och een gemütlichen Restaurant fond, fir d'Owesessen ze reservéieren.

Den Här S. woust vill ze erzeelen vun sengen villen Reesen an Zäit ass ganz séier ëmgang.

Well eise Fuergaast ëmmer gär Sport gemach hot, an sech och lo nach ëmmer vill dofir intresséiert, war et een ,,Muss,, dass heen sech nach eng Sportssendung, iwert eng Veloscourse🚴‍♂️🚴, um Fernseh wollt ukucken, éier et an d'Bett gung.🤓😊😴

Sonndesmoies beim Kaffidrënken ass iwert Pläng vum Dag diskutéiert gin.
Zu De Haan ged et vill schéines ze kucken, an de Ralph hot de Guide gemach,an woust vill ze erklären, well heen sech gut do auskennt.🤗🤓

Am Nomëttig hun déi 3 sech zäitlich zréck op Blankenberg gemach, well och deen Dag eng étappe vun der Veloscourse🚴🚴‍♂️ war. Zu 3 hun sie mat Spannung hierem Favorit d'Daumen gedrëckt.
(Ween awer lo richtig loung hun sie mir net verroden🤔😉😂)

Daat schéinst kënnt ëmmer zum Schluss... Een gemütlichen Tiirchen lanst Mier, fir der Sonn beim schlofe goen no ze kucken🌅. Et waren impressionant Momenter.😍

Zimlich midd ass den Här S. dësen Owend schlofe gang, fir rëm fit ze sën fir deen aneren Dag.😴🤗

Méindesmoies nom Kaffi hot et leider rëm "apacken fir heem" geheescht.😟🧐.

Eise Chauffeur, de Ralph, hot sech immenz iwert sein Bäifuerer gefreed. Den Här S., deen jo vill mam Camion🚛 ënnerwee war, haat vill Errënnerungen ënnerwee an woust vill doriwer ze erzeelen.🚛.

An der Staad, beim Pescator, ukomm hot een eisem Fuergaast d'Middegkeet ugesin, awer nach méi d'Freed an sengen Aen😍, an Zefridenheet an sengem Gesiicht.☺️🥰

Fir déi Deeg dono,wärten bestëmmt vill flott an intressant Gespréicher fir déi aner Bewunner um Program geweest sen.😃🤭.

📎🔎 Vun eise Kutscher...🧍‍♂️🧍‍♂️
,,Avoir Här S., an Merci fir déi flott an amusant Zäit mat Eech.,,

💚💚💚





Eis Kollegen sen haut rëm fir Eech do, zu Eech an der Klinik.Sid Dir Patient an der Klinik, oder kënnt een, deen een ❤️e...
19/10/2026

Eis Kollegen sen haut rëm fir Eech do, zu Eech an der Klinik.
Sid Dir Patient an der Klinik, oder kënnt een, deen een ❤️enswonsch hot....zb. nach eemol Heem, op een Fussballmatch, een Concert oder op enger Familljefeier asw. derbäi ze sen, dann schwätzt mat eisen Kollegen sur place, sie kënnen Eech all Informatiounen gin déi Dir braucht.🫶💚


❤️

Endlich ass en do🙏...de Video vum Motorstour🏍🏍 zu Heischend.Dir fand en lo ënnert dësem Link op youtube.Et war dem Jos s...
11/10/2026

Endlich ass en do🙏...
de Video vum Motorstour🏍🏍 zu Heischend.
Dir fand en lo ënnert dësem Link op youtube.

Et war dem Jos sein grousse ❤️enswonsch deen an erfëllung gang ass😍❤️

https://youtu.be/Pl1dfa35HzE?si=2SMLUvvkIOValwgj

Mir wënschen eech vill Spaass beim kucken.
All deenen Lait, déi eis matgehollef hun, beim plangen an deen Dag selwer, dass et soueen schéinen Dag fir de Jos gouf, een riisengrousse Merci🙏💚❤️








Enjoy the videos and music you love, upload original content, and share it all with friends, family, and the world on YouTube.

Mir sen frouh, haut zu Bartrëng op der "Foire Senior" am Centre Attert duerfen derbäi ze sen.
10/10/2026

Mir sen frouh, haut zu Bartrëng op der "Foire Senior" am Centre Attert duerfen derbäi ze sen.

Wann vun engem "Muselaner" mat Wënzerblut an pensionéierten Stammdëschler een ❤️enswonsch un eis rugedroen ged, ass et s...
08/10/2026

Wann vun engem "Muselaner" mat Wënzerblut an pensionéierten Stammdëschler een ❤️enswonsch un eis rugedroen ged, ass et selbstverständlich, dass deen Wonsch an Erfëllung geed🙏😍❤️.

Den Här G., deen wéinst enger schlëmmer Erkrankung 7 Méint!!! an enger Klinik war, an lo seid kuerzer Zäit am Omega 90 ass, haat den Wonsch endlich mol rëm een Tour lanst Musel an sein Heemechtsduerf ze man, an op den Stammdësch ze goen.
Heen wollt och nach heem, op Contz les Bains, wou sie säid Joeren wunnen, fir déi nai Kichen ze gesin, déi seng Fra sech rausgesicht haat.

Virun knapp enger Woch war et souwäit...dem Här G. seng Wönsch sen erfëllt gin.

Eis Wonscherfëller, Gitta an Léa, hun eise Fuergaast, wéi ofgemach no der Mëttesrascht, ofgeholl zu Hamm.
Gut gerascht an voll Virfreed, war den Här G. prett fir op den Tour mat den 2 Dammen.

Remich, Schengen, Bech Klengmacher...an iwerall hott eise Fuergaast hinnen gewisen an erklärt, waat, wou fir heen wichtig war.
Dono ass et kuerz iwert Grenz op "Contz les Bains" gang. Endlich konnt heen hier nai Kichen bewonneren. An den Här G. war ganz zefriden mam Choix vun senger Fra.😍
Hier Haushaltshëllef war deen Dag och do, an hot sech mega gefreed den ,,Chef,, erëm ze gesin.
Bei enger Taass Kaffi fir, sech bessi ze raschten an ze poteren, sen och nach d'Katzen ,,moien,, soen komm🐈🐈‍⬛.
Den Här G. hot sech och net verknäife kënnen an hot eise Kutscher déi Platz gewisen, déi just uewen bei sengem Haus ass, wou een eng herrlich Vue op d'Musel hot.😍

Et ass op halwer 5 zougang an den Här haat jo nach eng lest étappe fir deen Mëttig virun sech.....Stammdësch an der Cave du Sud.
Hei hun d'Kollegen, vun dëser an der anerer Säit vun der Musel, sech ëmmer getraff.🥂🍷
De Bruder vun eisem Fuergaast woust Bescheed, dass heen haut géif passéieren, an hot mat enger Iwerraschung gewart 🤓.

Hei elei...kuck elei😁... do waren jo och seng Kollegen mam Bruder matkommen. Waat eng Freed an waat eng Begréissung☺️🫂🥰.

D'Léa an d'Gitta hun sech verkrümmelt an hun déi Hären ënnert sech gelos... et war jo schliisslich ,,hieren Stammdësch,,😍🙏.
Eis Kutscher hun déi lest Sonnestrahlen op der Terasse genoss.

Leider...déi schéin Zäiten gin ëmmer séier eriwer😟, den Här G. ass och midd gin, an heen hot gefrod fir zréck ze fueren. 🚙

Zu Hamm ukomm ass et schnurstracks an d'Zëmmer gang wou eisem Fuergaast sein Bett op heen gewart hot.☺️

Gléckséilig an mat liichtenden Aen hot den Här G. den Dammen ,,Äddi,, gesod an ass séier ënnert Decken gekroch.😍🛌

*ÄDDI* Här G. mir wënschen Eech, an Ärem Fils, vill Kraft an Courage fir Är Zukunft.🙏🍀💪❤️💚

Merci 🙏un all déi fein an léif Fleegepersounen, Dokteren, an Direktioun vun Omega90, fir déi gut Zesummenarbicht🙏❤️💚

🍀💚🍀💚🍀💚





Virun 50 Joer ass der Mme B. hiere Jong op d'Welt komm, an dësen Dag wollt sie, no 50 Joer, rem mat him zesummen sin an ...
07/10/2026

Virun 50 Joer ass der Mme B. hiere Jong op d'Welt komm, an dësen Dag wollt sie, no 50 Joer, rem mat him zesummen sin an feieren.
Am ganz klenge Krees....just mat him an een Restaurant eppes essen goen. 🍽️🎂🥂🍾

Daat war den ❤️enswonsch lest Woch vun eisem Fuergaast.

Leider ass daat net sou einfach ze realiséieren fir d'Mme B.
Seid enger Zäit ass sie an der Staad an der Klinik wéinst enger uerger Krankheet, an ass op Hëllef ugewisen.

An der Mme hierem Sënn hot de Patrick, een Infirmier vun der Statioun, sech drëms gekëmmert an de Wonsch un eis weider gin.🙏

Wéi geplangt an ofgemach, ëm 11.30 sur place, waren eis Kutscher Jeanne an Fränz, awer well ëm 11.15 an der Zithaklinik. Awer vun eisem Fuergaast keng Spuer op der Statioun🫣🧐.
Op Nofro bei enger Infirmière war awer séier kloer....,,d'Mme war well sou opgereecht an ongedëllig, sie wart well dobaussen op eech 2,, 😇☺️.
No bessi sichen, ass d'Mme B. an hieren Jong ugetraf gin🤗, an sie konnten sech op de Wee machen an de Restaurant.🚙
Et war der Mamm hiere Wonsch op den Cents bei den "Zeizius" essen ze goen an do Haam Fritten an Zalot z'essen. D'Mme "liebt" deen Menu an hot well lang drop geglëscht.😋😉

Awer och fir eise Fuergaast hot eng Iwerraschung gewart... eng gut befrënden Koppel hot d'Mme an hiere Jong beim Restaurant ëmpfang🥰🫶.
Waat eng Freed fir sie all. Et ass vill gepotert an erzeelt gin.🥳😄
Een Dessert an eng Taass Kaffi gehéiert derbäi no engem gudde Plat, an hot och misste sen🎂☕.

Awer daat kenne mir jo all🤷‍♀️😉...gut essen an babbelen mëcht midd🤔🤭, an besonnisch eise Fuergaast, war daat net méi gewinnt.
Géint 15.00 hun sie sech op den Rëckwee an d'Klinik gemach.🚙

D'Mme hot sech op eng Siesta an hierem Bett gefreed😴😌...
net ouni mat engem breeden Grinsen an liichtenden Aen eisen Kutscher en ❤️lichen Merci ze soen, fir déi schéin Stonnen🥰🫶.

,, Vun 💚en gär geschitt Mme B.
Mir wënschen Eech vill Kraft💪🙏 an Courage fir déi kommend Zäit🍀🍀"

Adresse

55, Rue Principale
Lintgen
7450

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Wonschkutsch asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Wonschkutsch asbl:

Raccourcis

Partager

Services Publics à proximité