22/05/2026
📣Réckbléck Informatiounsowend „𝐀𝐚𝐫𝐛𝐞𝐜𝐡𝐭, 𝐓𝐚𝐥𝐞𝐧𝐭𝐞𝐫 𝐚𝐧 𝐈𝐧𝐤𝐥𝐮𝐬𝐢𝐨𝐮𝐧“ den 19.05.2026
E flotten an interessanten Owend iwwer d’Ateliers d’inclusion professionnelle (AIP) an d’Inklusioun um 1. Aarbechtsmarché.
Mir hu mat 2 Mataarbechter un enger Table ronde deelgeholl, wou si hir Erfarunge gedeelt hunn – dorënner och eng Persoun, déi souwuel am Atelier wéi och um 1. Aarbechtsmarché beschäftegt ass.
D’Evenement gouf organiséiert vun InfoHandicap, APEMH, Tricentenaire an der Ligue HMC.
Mir soe Merci fir all de wäertvollen Austausch ronderëm dëst wichtegt Thema.🙏