Gemeng Duelem

Gemeng Duelem Offiziell Säit vun der Gemeng Duelem.

14/08/2026
🇱🇺 Avis au Public – Schueberfouer 2026 Fir dem héijen Zoulaf wärend der Schueberfouer Rechnung ze droen an de Visiteuren...
14/08/2026

🇱🇺 Avis au Public – Schueberfouer 2026

Fir dem héijen Zoulaf wärend der Schueberfouer Rechnung ze droen an de Visiteuren eng komfortabel Rees ze erméiglechen, ginn zousätzlech RGTR-Linnen agesat.

🔗 https://dalheim.lu/documents/2026/07/avis-renfort-schueberfouer-2026.pdf/
--
🇫🇷 Avis au public – Schueberfouer 2026

Afin de répondre à l’affluence accrue durant la Schueberfouer et d’assurer un trajet confortable aux visiteurs, des lignes RGTR supplémentaires seront mises en service.

🔗 https://dalheim.lu/documents/2026/07/avis-renfort-schueberfouer-2026.pdf/

13/08/2026
🇱🇺 Informatioun D’Sich mat engem Metalldetekter ka spannend sinn, mee si kann eisen archeologesche Patrimoine a Gefor br...
11/08/2026

🇱🇺 Informatioun

D’Sich mat engem Metalldetekter ka spannend sinn, mee si kann eisen archeologesche Patrimoine a Gefor bréngen.

Zu Lëtzebuerg ass dofir fir all Sich mat engem Metalldetekter eng Autorisatioun néideg, fir archeologesch Sitten an historesch Fënn ze schützen.

Méi Informatioune fannt dir hei: https://inra.public.lu/fr/espace-professionnel/prospecteur.html?fbclid=IwY2xjawTnuaNwZG9mAWV4dG4DYWVtAjEwAHNydGMGYXBwX2lkEDIyMjAzOTE3ODgyMDA4OTIAAR5CydlwIpFHoxq-mErG2Ox9DlEdzqg24iAxRQ4lufMv5BiYgj6LCX2ffMBhKg_aem_oyqR3m--jBGfhQ2foKmfng
--
🇫🇷 Information

La détection peut sembler passionnante, mais elle peut mettre en danger notre patrimoine archéologique.

Au Luxembourg, toute prospection avec un détecteur de métaux nécessite donc une autorisation préalable, afin de protéger les sites et les découvertes historiques.

Pour plus d'informations : https://inra.public.lu/fr/espace-professionnel/prospecteur.html?fbclid=IwY2xjawTnuaNwZG9mAWV4dG4DYWVtAjEwAHNydGMGYXBwX2lkEDIyMjAzOTE3ODgyMDA4OTIAAR5CydlwIpFHoxq-mErG2Ox9DlEdzqg24iAxRQ4lufMv5BiYgj6LCX2ffMBhKg_aem_oyqR3m--jBGfhQ2foKmfng

🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Duelem sicht fënnef Awunnerinnen oder Awunner aus der Gemeng, déi kee polite...
06/08/2026

🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Duelem sicht fënnef Awunnerinnen oder Awunner aus der Gemeng, déi kee politescht Mandat ausüben, fir d‘groussherzoglech Koppel am Kader vun der Joyeuse Entrée zu Éinen an der éischter Rei wëllkomm ze heeschen.

Interesséiert Persoune kënnen sech bis den 13. August (abegraff) umellen.
De 14. August um 10:00 Auer fënnt d'Auslousung statt.

Interesséiert? Da mellt Iech ënnert der Telefonsnummer 23 60 53 231.
--
🇫🇷 Le collège échevinal et le conseil communal de la commune de Dalheim recherchent cinq habitantes ou habitants de la commune, n’exerçant aucun mandat politique, pour accueillir le Couple grand-ducal au premier rang, à l'occasion de la Joyeuse Entrée à Ehnen.

Les personnes intéressées peuvent s'inscrire jusqu'au 13 août inclus.
Le tirage au sort aura lieu le 14 août à 10h00.

Intéressé(e) ? Contactez-nous au 23 60 53 231.

🇱🇺 Unhalend Dréchent – Opruff zur VirsiichtWéinst der unhalender Dréchent biede mir jiddereen, besonnesch virsiichteg ze...
04/08/2026

🇱🇺 Unhalend Dréchent – Opruff zur Virsiicht

Wéinst der unhalender Dréchent biede mir jiddereen, besonnesch virsiichteg ze sinn, fir de Risiko vu Bränn ze reduzéieren.

Mir bieden Iech, dës Recommandatiounen ze respektéieren:

🚫 Grillen op ëffentleche Plazen ass bis op Weideres verbueden.
🏡 Wann Dir doheem grillt, da maacht dat mat der néideger Virsiicht a loosst de Grill ni ouni Opsiicht.
🚬 Geheit wgl. keng Zigarettestëmp op de Buedem oder an d'Natur.

Merci fir Äert Versteesdemech.
--
🇫🇷 Sécheresse persistante – Appel à la vigilance

En raison de la sécheresse persistante, nous invitons chacun à faire preuve de la plus grande prudence afin de limiter les risques d'incendie.

Merci de respecter les recommandations suivantes :

🚫 Les barbecues sont interdits sur les lieux publics jusqu'à nouvel ordre.
🏡 Si vous utilisez un barbecue sur un terrain privé, veillez à le faire en toute sécurité et ne le laissez jamais sans surveillance.
🚬 Ne jetez pas de mégots de ci******es par terre ou dans la nature.

Merci pour votre compréhension.

🇱🇺 Ofschlossconcert vum Kultursummer 2026 🎶Den 30. Juli 2026 huet eise leschte Concert vum Kultursummer stattfonnt. Zesu...
31/07/2026

🇱🇺 Ofschlossconcert vum Kultursummer 2026 🎶

Den 30. Juli 2026 huet eise leschte Concert vum Kultursummer stattfonnt. Zesumme mam Fernand Delosch an Esther Conter hu mir de Kultursummer 2026 feierlech ofgeschloss.

E grousse Merci geet un den Inneminister, den Här Léon Gloden, fir säi geschätzte Besuch.

Natierlech soe mir och der Kulturkommissioun e ganz häerzleche Merci fir hiren onermiddlechen Asaz an hiert grousst Engagement. E weidere grousse Merci geet och un d’Veräiner, déi sech ëm de Catering gekëmmert hunn, un d’Famill LINDEN, un de Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg (CML) an un d’Gemengepersonal, dat mat sengem Asaz zu engem perfekte Verlaf vum Kultursummer bäigedroen huet.

Zousätzlech soe mir och e grousse Merci un all d’Artisten, déi eis wärend dësem Kultursummer begleet an eis onvergiesslech Summerowender garantéiert hunn.

No dem grousse Succès vun dëser Editioun freeë mir eis schonn elo op den Duelemer Kultursummer 2027 🧡

🇫🇷 Concert de clôture du Kultursummer 2026 🎶

Le 30 juillet 2026 a eu lieu notre dernier concert du Kultursummer. En compagnie de Fernand Delosch et d’Esther Conter, nous avons officiellement clôturé le Kultursummer 2026.

Nous adressons nos sincères remerciements au ministre des Affaires intérieures, Monsieur Léon Gloden, pour sa visite très appréciée.

Nous remercions également très chaleureusement les membres de la Commission de la Culture pour leur engagement sans relâche et leur précieux investissement. Un grand merci également aux associations qui ont assuré le service de restauration, à la famille LINDEN, au Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg (CML) ainsi qu’au personnel communal, qui a contribué, par son engagement, au parfait déroulement du Kultursummer.

Nous adressons également nos plus sincères remerciements à tous les artistes qui nous ont accompagnés tout au long de ce Kultursummer et qui ont offert au public des soirées d’été inoubliables.

Après le grand succès de cette édition, nous nous réjouissons d’ores et déjà de vous retrouver lors du Duelemer Kultursummer 2027 🧡



Ministère des Affaires intérieures Léon Gloden

31/07/2026

Adresse

2 Gemengeplaz
Dalheim
5680

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
Mardi 08:00 - 12:00
13:30 - 16:00
Mercredi 08:00 - 12:00
13:30 - 16:00
Jeudi 08:00 - 12:00
13:30 - 16:00
Vendredi 08:00 - 12:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Duelem publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type